Léiw Lieser,

et mécht mech traureg, rosen an sproochlos wat aktuell queesch duerch Lëtzebuerg offen ausgeschwat an philosophéiert gëtt. Huet d`Aussoe vun enger Damm aus der Politik just d´Spëtzt vum Äisbierg gewisen? Déi Froe stellen ech mer mat Recht virun deem Hannergrond wat ech déi lescht Méint an den sozialen Medien gelies hunn!Do liest een extrem riets an lenks Aussoen, wou mir oft stonnelaang nach d´Entsetzen am Gesiicht steet.An ech froen mech ëmmer erëm, wei dat kann méiglech sinn...

Dat mir an eisem Ländchen sou munch Baustellen hunn, ewéi Logement an Transport, ass net vun der Hand ze weisen. Natierlech gëtt een als betraffen Persoun onzefridden an rosen. An och d`Zweiwelen un onser aktueller Regierung sinn duerchaus berechtegt...

En Feindbild ze schafen fir en Schëllegen ze hunn, fir déi eegen Onzefriddenheet ze rechtfäerdegen, läit wuel och an der Natur vum Mënsch. Mä dat divers Politiker déi Onzefriddenheet an Angscht virun der Zukunft vun den Leit fir hir politesch Zwecker mëssbrauchen an 50 Flüchtlingen instrumentaliséiert gi fir eng Walpropaganda, ass den Combel.

Wou genau soll d´Léisung da leien? Mä als éischt misst een mol den Ënnerscheed zweschent engem Migrant an engem Flüchtling wëssen.

En Migrant mengt haaptsächlech an deem Kontext en Mënsch deen Asyl ufreet aus wirtschaftlechen Grënn. An der Haaptsaach schwätzen mer hei vun jonken aarbechtsfäegen Männer aus Nordafrika déi duerch falsch Virstellungen vun Europa op der Sich no enger besserer Zukunft sinn. An hiren Heemechtslänner wei Ghana, Marokko, Afghanistan etc gëtt et eng héich Aarbechtslosegkeet, enorm Korruptioun, kaum Infrastrukturen an wéineg Hoffnung op Zukunft. Déi sougenannten Wirtschaftsflüchtlingen kréien kaum Asyl an probéieren illegal mat Schléiser an Europa ze kommen. Déi déi et packen sinn schnell konfrontéiert mat den falschen Virstellungen vun engem besseren Liewen -ouni Asyl an Aarbecht an landen net seelen an der Kriminalitéit.

En Flüchtling par Conter ass en Mënsch deen realen Schutzbedarf huet! Vun deenen Flüchtlingen sinn déi meescht an afrikaneschen Lageren an nëmmen ganz wéineg sinn an Europa. Dat awer Migranten sech fir Flüchtlingen ausginn mat Hëllef vun falschen Identitéitsbildungen ass en Probleem an natierlech och datt Flüchtlingen an Migranten op der Flucht mat Hoffnung op en bessert Liewen sech hei net integréieren an kriminell gi ass net ze entschëllegen.

Aktuell huet d´UNO Léit aus libyschen Flüchtlingslageren an den Niger bruecht an vun do kommen 48 Mënschen op Lëtzebuerg-dovun 30 Männer, 13 Fraen an 5 Kanner. Déi sinn sur place ausgewielt gi!

Donieft kritt Lëtzebuerg pro Flüchtling 10.000 Euro vun der europäescher Flüchtlingsbehörde AMIF (Asyl-, Migrations- und Integrationsfonds) Als Member vun der EU ass och Lëtzebuerg verflicht Flüchtlingen opzehuelen.

Duerch sënnlos Propaganda ass den komplexen Problem an kengster Weis geléist! Dat Zouwanderung méi gesteiert misst gi läit op der Hand an dat Organisatiounen wei d´IOM (Internationale Organisation für Migranten) nach weider ausgebaut mussen gi ass evident. Des Organisatioun bekämpft déi geféierlech Illusiounen mat 9000 Mataarbechter an 150 Staaten an finanzéiert Opklärungsprogrammer, bekämpft Schléiser an vermëttelt Reckféierungsprogrammer fir Migranten!

Schéi Gréiss

Carole Lexis-Weis