De 19. Dezember wollt ech op rtl.lu e Reportage am Forum kommentéieren iwwer eng Pressekonferenz vum Mouvement écologique, wou de nationale Klima- an Energieplang nawell zolidd kritiséiert gouf.

Grad just eng Woch virdrun hat ech an der Rubrik „Meenung“ en oppene Bréif un de Mouvement écologique geriicht, genau zu dësem Thema vun der Energie.

No den Aussoen déi een an dëser Pressekonferenz konnt héieren, ass mäi Bréif a säin Inhalt awer offensichtlech net beim Mouveco ukomm, dofir wollt ech vun der Geleeënheet profitéieren, fir mat mengem Kommentar nach eng Kéier zu dem Thema „erneierbar Energien“ nozehaken.

No dräi Stonne war vu mengem Kommentar awer nach ëmmer näischt ze gesinn…

Kuerz drop koum dunn och nach en zweeten Artikel zu dësem Thema op rtl.lu. Dës Kéier goung et ëm d’Oppositioun déi an der Chamberdebatt kee gutt Hoer um Klima- an Energieplang gelooss huet.

Net faul hunn ech mäi Gléck eben eng zweete Kéier versicht, an hu mäi Kommentar dunn nach emol ënner dësen zweeten Artikel gesat.

Och hei muss mäi Kommentar iergend anzwousch „hänke“ bliwwe sinn. Ech waarden haut nach drop.

E Montage vum Auteur vum Bréif. /

Fir all Frënn vu „subversiven“ Texter kënnt hei drënner dann elo iwwer dëse Wee mäin onbequeme Kommentar, deen et net duerch de Filter am Forum gepackt huet :

De Klima- an Energieplang gëtt aktuell vu ville Säite kritiséiert.

De gréisste Problem vum Energieplang ass awer folgenden :

Am Géigesaz zu deem wat de Ressortchef aus dem Energieministère reegelméisseg behaapt, gëtt et guer keng technesch Basis fir eng Energiewend duerchzeféieren.

Et gëtt just Schäintechnologien déi Subside produzéieren, awer leider keng versuergungssécher Energie am néidegen Ëmfang.

An deem Kontext stellt d’Wandenergie sech jo als Haaptpilier vun der Energietransitioun an als grousst Klimaschutzinstrument duer.

Viru ronn enger Woch koum hei um Site en oppene Bréif un de Mouvement écologique, an deem schematesch duergestallt gëtt, wat ee vun technesche Moyenen um Terrain misst ëmsetzen, fir eng Stroumwend op der Basis vum haitege Stroumverbrauch ze realiséieren.

Obwuel mer bei dem beschriwwenen Ausbauniveau nach wäit vun enger GESAMTER Energiewend ewech wieren (Undeel vu ronn 20% vum Endenergieverbrauch, Tanktourismus schonn eraus gerechent), stellt sech eraus, dat schonn dee Moment mat engem enorme Ressourcëverbrauch (Gréisstenuerdnung :  ronn 10 Milliounen Tonnen Baumaterial) an mat enorme finanzielle Mëttelen (Gréisstenuerdnung :  iwwer 20 Milliarden Euro fir Wandanlagen an Elektrolyseuren bei enger Lafzäit vu ronn 20 Joer) eng flächendeckend industriell Iwwerformung vun eise natierleche Liewensraim duerchgefouert misst ginn (am Schnëtt ongeféier all 700m eng industriell 3 Megawatt-Wandanlag). Wann een dës Gréisstenuerdnunge gesäit, da weess een dat et realistesch gesi wuel kaum zu esou enger Ëmsetzung wäert kommen, d.h. de realiséierbare Potenzial ass esou kleng, dat den Echec virprogramméiert ass.

Dës Limitte gëlle net just spezifesch fir Lëtzebuerg, mä sinn e globale physikalesche Problem :  eng kleng Energiedicht gekoppelt mat enger héijer Volatilitéit vun der Leeschtung. De Flächen- a Ressourcëverbrauch wier vill ze héich, an et gëtt weder eng technesch nach eng wirtschaftlech Perspektiv fir eng Späicherung am néidegen Ëmfang (dat kann ee wéi gesot am Bäitrag vum 9. Dezember noliesen, wou dës Limitte veranschaulecht ginn). Dat si kloer a novollzéibar physikalesch Tatsaachen, fir déi d’Politik sech kaum interesséiert, iwwer déi se sech awer och net kann ewechsetzen.

Wéi gesäit also an der logescher Konsequenz d’Realitéit um Terrain aus ?

Effektiv leien déi volatil Energië weltwäit an enger Gréisstenuerdnung vu just engem Prozent Undeel vum Endenergieverbrauch (fossil Energië liwweren ongeféier véier Fënneftel). D’Limitt an der Praxis gesäit een um däitsche Beispill (nëmme ronn 4% Undeel Wandenergie am Endenergieverbrauch) wou d’Netzfrequenz nach just mat Hëllef vun auslännesche reegelbare Kraaftwierker an duerch heefeg Ofschaltunge vu stroumintensiven Industrië ka stabil gehale ginn.

Déi konkret technesch Donnéeë weisen onmëssverständlech d’Absurditéit vun dem aktuellen Energieplang. Et gëtt een den Androck net lass, dat den Zweck vun dësem Energieplang an engem just gréng gefierfte plangwirtschaftleche Programm besteet, fir eng onrentabel Industrie - déi trotz staarker Lobbyaarbecht haut an enger technescher an ekonomescher Sakgaass stécht (cf. Abroch vun der Wandenergie dëst Joer an Europa an haaptsächlech an Däitschland) - iwwer dëse Wee kënschtlech um Liewen ze halen.

D’Absurditéit vun dem Potenzial fir de Klimaschutz gëtt och an enger ganz einfacher Plausibilitéitsiwwerleeung däitlech :  haut läit den Undeel vun der Wandenergie an eisem Endenergieverbrauch op ronn 0.5%. No den Zuele vum Klimaplang 2030 kéim een op ronn 1,4%. Dat ass e Plus vu ronn 1% an 10 Joer. Wann all konventionell Kraaftwierker solle vum Netz goen, a wa mer den Transport- a Wärmesecteur wëllen elektrifizéieren, da bräichte mer bei dëse realisteschen Ausbauraten a mat dësen Instrumenter vun der Gréisstenuerdnung hier e Joerdausend fir un d’Zil ze kommen.

Hu mer dann éiere keng Klima-Urgence méi ???

Dobäi kënnt natierlech och, dat d’CO2 Reduktiounen déi fir all Wandanlag statesch berechent ginn, nees duerch divers Verlagerungseffekter kompenséiert ginn, z.B. duerch d’Fräisetze vun Emissiounszertifikater, duerch Carbon leakage an duerch de fräie weltwäiten Handel mat fossile Brennstoffer.

Am europäesche Green Deal an am Lëtzebuerger Klima- an Energieplang soll d’Consommatioun vu fossile Brennstoffer méi deier ginn, hire Verbrauch an CO2 Emissiounen solle reduzéiert ginn. An der Pressekonferenz freet de Mouveco nach méi héich CO2 Präisser a méi héich Accisen op fossile Brennstoffer. Mir missten also nach méi ambitiéis ginn.

Si mer eis all bewosst dat Ekonomie an Handel net statesch sinn, an dat mer an enger globaler Welt liewen ?

Bei all deem „act local“ schénge mer de „think global“ total aus den Ae verluer ze hunn :

Mir sollen eis näischt virmaachen. Et sinn exklusiv d’Ubidder vu fossile Brennstoffer déi mat der gefërderter Quantitéit decidéieren, wéi vill CO2 weltwäit schlussendlech emittéiert gëtt, egal wéi vill Wandanlagen mer an d’Landschaft stellen. A mat engem méi héijen europäeschen CO2 Präis an enger limitéierter europäescher Nofro riskéiere mer just d’Weltmaartpräisser vu fossile Brennstoffer ze drécken. Bei eis gëtt d’Energie fir Privatstéit, Handel an Industrie duerch d’Steieren zwar méi deier, mä d’Ubidder vu fossile Brennstoffer fuere weider a verkafen déi Quantitéit déi si selwer definéieren dann eben ausserhalb vun Europa.

A mat méi niddrege Weltmaartpräisser fir fossil Brennstoffer, déi mir mat eiser Politik selwer provozéieren, subventionéieren a stimuléiere mer just nëmmen hir Consommatioun an den USA oder an Asien. Et gëtt mat dëser Politik potenziell kee Gramm CO2 weltwäit manner ausgestouss. Dovunner huet d’Weltklima awer näischt wa mir eis eege Kafkraaft a Wirtschaft ausbremsen, a mat eiser Politik aner Ekonomien op der Welt ënnerstëtzen !

Wéisou héiert een an der Chamberdebatt näischt vun dëse fundamentale Problemer bei dësem Klima- an Energieplang ? Ass dës Klimapolitik just eng Show fir d’Wielerpublikum, an déi beschriwwe Kollateralschied gi bewosst a Kaf geholl ?

Et brauch een de Klimaplang net ze kritiséieren, well e net vill konket Mossnamen enthält :  am Klimaplang kënne guer keng wierklech konkret Moossname stoen, well et guer keng wierksam „gréng“ technesch Instrumenter gëtt !

Well et näischt Konkretes gëtt, mussen elo ouni Récksiicht op d’Natur an d’Liewensqualitéit grouss siichtbar SYMBOLER – déi mat eisen CO2 Steieren deelweis finanzéiert ginn - an d’Landschaft gestalt ginn!

Bei alle beschriwwene Fakten, déi jiddereen objektiv ka novollzéien, kann ee net méi verstoppen, dat en offensichtlech kaum miessbar Resultat fir de Klimaschutz a kengem Verhältnes steet zu dem Opwand an den Ëmweltschied, déi an engem duerchaus duerstellbaren Ausmooss vun industrielle Wandanlage generéiert ginn.

Wann ee konkret wësse wëll wou de Wee hiféiert, da brauch een z.B. just de “Feldversuch Däitschland” ze kucken :  scho bei engem klengen Undeel vu nëmmen véier Prozent um Endenergieverbrauch ass den Impakt vun de ronn 30.000 industrielle Wandanlagen op Natur, Landschaft a Liewensqualitéit awer schonn enorm. Well vill Fräiflächen elo schonn opgebraucht sinn, ginn ëmmer méi Bëschflächen ofgeholzt fir industriell Wandanlagen opzeriichten. Absurd. Eng ekologesch Katastroph. Mä esou wäit kënnt et wann een de Kapp an de Sand stécht. Déi konkret spierbar Auswierkungen drécke sech aus a ronn dausend (!) federéierte Biergerinitiativen, déi sech an Däitschland fir Natur a Liewensqualitéit asetzen. Et ass effektiv eng vun de gréisste Biergerbeweegungen, an dat ganz ouni medial Ënnerstëtzung, well se sech jo net op d’Säit vun der vermeintlech “gudder Energie” stellt.

An der Chamberdebatt weist sech de Ressortchef am Energieministère och nach ausdrécklech houfreg dorop dat mer zu Lëtzebuerg kee Plan sectoriel fir den Ausbau vun der Wandindustrie ausschaffen. Esou ee Plang wier senger Meenung no e Feeler. Esou gesäit zu Lëtzebuerg also Landesplanung aus ! Hei gëtt fir d’éischt eng Goldgriewerstëmmung ugestiwwelt, an da gëtt voller Iwwerzeegung de Wildwuchs vun dësen iwwer 200 Meter héijen Industrieanlagen ënnerstëtzt. Oder ass dat just dee gudden ale Prinzip „Teile und herrsche“. Op dës destrukturéiert Manéier kann dann all eenzele Projet vun enger Wandindustriezon géint déi isoléiert lokal „NIMBYen“ duerchgedréckt ginn. Géif et e globalen Ausbauplang fir d’Land, wou sech d’Bevëlkerung vun dem Ausmooss vun der Industrialiséierung géif kollektiv bewosst ginn, da kéint jo mol och e globalen organiséierte Widderstand entstoen an d’NIMBY Taktik vun de Profiteure wier gebrach. Wéi praktesch also dat Landesplanung an Energie ënner enger „Responsabilitéit“ sinn. Hei gëtt oppen Industrielobbyismus bedriwwen. Wéisou seet de Mouveco näischt heizou ? Wéisou traue Naturschutzorganisatioune sech net dogéint unzegoen ?

Hanner dem politesche Storytelling an der allgemenger Hypokrisie gëtt ëmmer méi kloer :  et geet bei der Wandenergie haaptsächlech ëm e subventionéierte Business. Net méi a net manner. D’Natur bleift dobäi wéi sou dacks op der Streck. Wann een dat ënnerstëtzt, erofspillt, oder an der ëffentlecher Diskussioun einfach net ernimmt, ass ee fir dës Naturzerstéierung mat verantwortlech.

Meeschtens kënnt dann d‘ “Doudschlagargument“ :  Et gëtt jo keng Alternativen !!! Mier musse jo eppes maachen !!!

Mä, huele mer einfach un et géif effektiv keng Alternative ginn, wier dat dann e logescht Argument fir eppes ze maachen wat vu vir eran net ka funktionéieren, a wat doriwwer eraus och nach kontraproduktiv ass ? Wann een eng viral Infektioun huet fir déi et keng Medikamenter gëtt, wat bréngt et da wann een 10 Antibiotiquen den Dag schléckt??? Do hëlleft et och net ze soen „Jo mä wat ass dann d’Alternativ“.

Mir kënnen net méi nokucken, dat Industrieanlage matzen an d’Natur geprafft ginn, ouni dat eng Bedreiwerfirma, e Ministère oder egal wéi eng aner Lobby noweise kann, wat et konkret dem Energiesystem, der Natur an dem Klima bréngt.

Voilà, dat war et !

Dat war de Kommentar deen et net duerch de Filter gepackt huet.

Gouf bei deem Text elo e Nerv getraff dee verschiddene Leit wéi deet ?

Si mer elo um Wee an déi dacks zitéiert „Ökodiktatur“ wou et keng Plaz fir fräi Meenung an onbequem Wourechte gëtt ?

Egal wéi :  elo kënnt eng Zäit wou ee muss wielen. Tëschent „Öko-Industrielobby“ engersäits a Natur-Lobby anerersäits. Tëschent gnadenloser Ausbeutung vun de natierleche Liewensraim engersäits an dem Naturschutz op der anerer Säit.

Et gëtt eng spannend Zäit !