An awer läit den Hoken am Detail. Als LSAP-Membere sinn ons verschidde Punkten opgefall, déi mir net kënnen ignoréieren.

D‘Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport, déi den 1. Mäerz 2020 a Kraaft trëtt, ass ee wichtege Schrëtt no vir fir onst Land, dëst souwuel am Kader vun der Klimapolitik ewéi awer och als sozial Mesure déi Jidderengem soll ze gutt kommen. An awer läit den Hoken am Detail. Als LSAP-Membere sinn ons verschidde Punkten opgefall, déi mir net kënnen ignoréieren.

1) Gëtt den ëffentlechen Transport doduerch wierklech méi attraktiv, oder feelt et regelrecht un enger landeswäiter gerechter Ubannung?

Eng gutt territorial Ubannung un den ëffentlechen Transport ass leider längst net an alle Regioune vum Land garantéiert.

Dobäi kommen déi onvermeidbar Baustellen op de Schinnen, Verspéidunge vun den Zich oder d ‘Ausfale vun Zich, déi ganz einfach aus technesche Grënn annuléiert ginn. D ‘Statistik vun der CFL spigelt hei leider net d ‘Realitéit erëm. Jiddereen wou öfters de Bunnverkéier benotzt, weess datt déi meescht Zich nët pénktlech fueren, bezéiungsweis ganz ausfalen!

Am grousse ganzen si bis elo dréi Pôles Multimodal uechtert Land virgesinn, dovunner een am Zentrum an ee weideren am Süden. Do kann een sech jo mol Fro stellen, wéi et da mam Norden a mam Osten ausgesäit? Hunn déi Leit ganz einfach nëmme Pech an dëse Regiounen ze liewen? Oder sinn des Deeler vu Lëtzebuerg net sou wichteg, soudatt een dës Biergerinnen a Bierger einfach op sou enger Aart a Weis vernoléissege kann?

Dobäi huet dach all Biergerin an all Bierger d ‘Urecht op ee gudden a flächendeckend ëffentlecht Transportangebot, an egal wou si liewen. Dëst gëllt natierlech och besonnesch fir eeler an hëllefsbedierfteg Leit.

2) Bierger 2. Klass?

D ‘Zoumaache vun de Guichet ‘en an d ‘Zreckzéie vun CFL-Beamten op deene ville Garen, wäert eiser Meenung no wuel kaum zu enger Verbesserung vun der Qualitéit féieren.

Wann een als eeler Generatioun net mat der Digitaliséierung kloer kënnt , an eng direkt perséinlech Berodung néideg hätt resp. ganz einfach dee Moment eng Berodung bräicht, dann heescht et fir déi betraffe Leit aus de ländleche Regiounen oder och aus der Groussregioun, entweder laang Weeër op sech huelen, an sech bis an Stad oder op Esch déplacéieren fir hier Info ze kréien, oder op dee nächsten Zuch ze waarden fir kënne perséinlech Renseignementer beim Schaffner ze froen

Dobäi kënnt eng weider ermiddend Feststellung, datt d ‘Garen landeswäit bis haut nach ëmmer net all behënnertegerecht ageriicht sinn.

3) Gewaltpotenzial ob de Garen an am ëffentleche Transport hëllt ëmmer méi zou!

Och wann Zuele vun der CFL hei eppes Aneres soen, huet d’Villfältegkeet an d’Intensitéit vun den Iwwergrëff an de leschte Wochen ëmmer méi zougeholl, an dëst souwuel op CFL Mataarbechter ewéi och op d ‘Clienten. Déi rezent Attack vum 10. Januar, déi nees an der Stad statt fonnt huet, huet den Eescht vun Lag nach emol ganz kloer ervir bruecht.

Esou ewéi den ëffentlechen Transport am Moment geregelt ass, ass et einfach onméiglech en optimale Schutz ze bidden, dëst fir CFL-Beamten wéi och fir d’Voyageuren a Clienten.

1)Kameraen ass eng Technologie déi leider net viru Pannen geschützt ass, an d’Qualitéit vun den Fotoen si meeschtens sou verpixelt, dass een näischt drop erkennt.
2) Police Agenten kann een net an all eenzelnen Zuch setzen, dëst aus puer Grënn. Et géif  nämlech engersäits onmoosseg deier ginn an anersäits , sou vill Personal ass net disponibel fir dat an dëser Forme kënnen ëmzesetzen, an och privat Sécherheetspersonal ka keng Polizisten ersetzen.

Dës onméiglech Situatioun kréien net nëmme Mataarbechter vun der CFL ze spieren, mee och zivil Persounen, Studenten a Kanner, di all Dag den Zuch fir op d ‘Aarbecht, respektiv fir an d’ Schoul huelen. Et géif also onser Meenung no héich Zäit ginn fir déi verschidden opgeworf Kritikpunkten mat a Betruecht ze zéien , a konkret Mesuren ze plangen, déi deem Ganzen entgéint wierken.

Haut als Fra, muss ee schonn zwee mol doriwwer nodenken, ob een sech dem Risiko vun Iwwergrëff an den Zich an op de Garë fräiwëlleg exposéire wëll. An heibäi schwätze mir mol nach net vun all deene Mammen, déi hiert Kand mat Angscht an d ‘Schoul schécke mussen.

Zum Schluss wëlle mir drun erënneren, dass an engem net iwwerwaachtem Raum, et absolut kee Geheimnis duerstellt, wann do d ‘Aggressiounen ëmmer méi zouhuelen. D‘Aggressiounen vis à vis vum Eisebunnspersonal ginn zwar ëmmer erfaasst, awer all déi géintiwwer deenen aneren Zuchbenotzer awer net, an duerfir kënne mir eis a punkto Analyse och leider net op diesbezüglech Zuelen vun der CFL verloossen.

Hei hunn mir elo vum Zuchverkéier geschwat, awer wéi ass et dann an de Bussen? Et wier och mol vläit interessant dës Zuelen ze analyséiren. Duerfir, wéi heescht et sou schéin: “affaire a suivre…”

E Lieserbréif geschriwwe vun den LSAP-Memberen: Koch Tina (Norden)

Rössler Aurore (Osten)

Maack Marcel (Westen)

Delcourt Claire (Zentrum)

Pizzaferri Joelle (Süden)