Zënter en etleche Joere gëtt et Initiativen, déi een nëmmen ënnerstëtze kann: D’Leit, déi am Rollstull sëtzen hunn ewell d’Méiglechkeet, op engem Trottoirs-Eck eng méi flaach Spur ze fannen, wou si besser erop oder erof kënne fueren; wonnerbar! Och fir a vill Gebaier a Concerts-Halen eran hunn dës Handikapéiert elo besser Chancen, eranzekommen; bravo!

Mä wéi ass et da mat deenen, déi z.B. zwar physesch normal an en Theater, en Zinema oder e Concertssall gutt erakommen...ower zesoen näischt matkréien, wat do gespillt oder geschwat gëtt. Dobäi ass hei haut technesch zesoen ‘alles’ méiglech; an dat fir e Präiss, deen ewell nëmme méi e Brochdeel vun deem kascht, wat nach vrun 10 Joer de Fall war.

E Beispill: Dës lescht war ech ‘dawe Mëtteg’ zu Miersch am Kulturhaus an deer wierklech excellenter Leeschtung iwwer eisen ‘nationale Pir Kremer’. E Genoss, wat d’Texter, d’Regie, d’Acteuren an d’Musek ugeet...vrun allem fir déi, déi d’Chance hunn, dat Ganzt éierbar matzekréien. Mä ech sinn iwwerzeegt, datt der vill am Sall waren, déi do – trotz  de  ‘Stréihallemsmikroen’ – immens Krämpes vun deene sympathesche Spiller beim Lauschteren haten. Schued!

Hei giff et eng wonnerbar Geleeënheet fir de Kultur- an de Gesondheetsministère, mat hire Fongen eng zolitt Hand unzeleeën...et wier vläicht och eng parlamentaresch Fro an deem Sënn ubruecht. Avis aux amateurs. Mol kucken.

Lex Roth