Natierlech ass de Corona-Risiko super-eescht ze huelen. Dat verhënnert ower net, datt de Verstand och seng Roll muss spillen. Et gëtt jo festgestallt, datt bestëmmte Leit zwar infizéiert sinn, also de Virus an sech droen, ower hien ass no der Inkubatiounszäit net ‘ausgebrach’. Firwat? Doriwwer guff nach net e sëlleche geschwat/gemelt.

Kloererweis huet dat mam Fong vun deenen hirer Gesondheet ze din, also der natierlecher Ofwier vun hirem Kierper, déi de Virus meeschter gëtt...deen ower souzesoen nach bei hinne ‘geeschtert’, an déi Leit och eng Zäit laang zu enger Gefor fir hir Ëmwelt mécht; dofir dann d’Isolatioun.

Wat een an de statistesche Feststellungen elo vermësst, ass d’Zuel vun de Leit, déi ‘ugestach’ sinn, vis-à-vis vun deenen , wou d’Krankheet AUSGEBRACH ass...vläicht och erauszefannen, firwat dann net. Do misst et eng Zort Formulär ginn, mat prezise Froen iwwer Iessen an aner Gewunnechten. Et giff sech ëm eng Form vun ‘Anamnes’ handelen, an aus dem Verwerte vun deenen Anamnese kënnt sech eng ‘Moyenne’ erausschaffe loossen. Firwat net?

Intressant wier och, emol rauszefannen, wéivill Leit ewell ‘souwisou’ duerch iergendwéi Zeeche vun ‘Erkältung’ oder grippalen Zeechen ofgeschwächt waren IERT de Coronavirus si erwëscht huet. Grad esou misst erauszefanne sinn, wéivill der vun hinne virdrun eng Gripp-Impfung haten; woubäi ganz kloer den Alter eng grouss Roll spille muss!

Menger Meenung no misst dat an nach Villes statistesch ‘eruéiert’/opgeschafft ginn, fir wéinstens e bëssen Iwwersiicht ze kréien. Ob dat eppes hëllefe kann? Ech weess et net; ower ‘näischt’ ka bestëmmt ‘näischt’ déngen.

...an och näischt fir ongutt! Wéi heescht et dach esou schéin: Spuert iech gesond!

Lex Roth