Mir sinn am Krich. An dës Kéier ass de Feind onsiichtbar, e Feind deen iwwerall op eis lauert, et weess een net wéini, wou a wien hie wäert attackéieren.

Mir sinn am Krich. Eis Arméi? Eng Reih Lait déi all Dag opstinn an an den Kampf fir eis ginn, all Dag mat der Ongewessheet...ginn ech nett och villeicht attakéiert? An awer ginn si tapfer an voller Courage all Dag op e Neits hierer Beruffung no: fir eis do ze sinn, fir eis stark ze sinn, fir eis ze kämpfen. Si sinn eis Zaldoten, si stinn op der Front: Gesondheetswiesen, Betreiungswiesen, d’Lait déi an den Geschäfter schaffen, ëffentlechen Transport, Administratiounen déi mussen op bleiwen, et j'en passe, Lait déi hiert bescht machen dat ett EIS gutt geet.

Och mir hun e Couvre-feu, och mir eng Plaatz wou mir eis solle virum Feind schütze kënnen: eist Doheem.

Lo huet jiddfereen de Choix, esou wéi och deemols, hëllefen ech matt, geheieren also zur Resistenz, oder kollaboréieren ech mam Feind?Als wat wëllt dir All erennert ginn wann mir irgendwann de Kampf gewannen, als Resistenzler oder als Kollabo? Just eent soll hei gesoot ginn…..den Kollabo kennt dess Keier villeicht guer nett esou gutt eweg well den Feind mecht och virun him nett halt, egal wat fir eng Fuerw Mantel en un huet. De Feind well eis all.

Wat machen fir an Resistenz ze goen? Ma virun allem eent, lauschtert a macht wat dir gesoot kritt an BLEIWT DOHEEM. An wann dir awer fir déi néideg Akeef eraus gitt, oder mam Hond musst eraus, haalt Oofstand zueneen. Ech erlaben mir e besonneg groussen Opruff un eis Jonk Populatioun an un eis Hären eraus ze schécken: Haalt w.e.g op dobaussen op de Buedem ze rotzen, haalt op äre Knetch op den Buedem ze speitzen. An fir jiddfereen: haalt op är benotzten Nueschnappeger op de Buedem ze geheien. Dess Keier faalen d’Bommen net vum Himmel, dess Kéier leien se um Trottoir a warden, esou ewéi Minnen, dass mir dran trëpelen, an mir trëppelen dran, eis Muppen trëppelen dran an mir an eis Muppen schleefen ett duerno mat heem. Ett ass nett gewosst wéi lang de Virus iwwerléift, ett ass awer gewosst dass en op all méiglechen Surfacen iwwerliewt.

Losse mir all eis Efforten zesummensetzen, fir dass eis Zaldoten nett fir naischt kämpfen. Losse mir se net am Stach an hëllefen hinnen andeems mir an d’Resistenz ginn, fir dass mir weiderhin kenne halen wat mir hunn a wat eis wichteg ass: Eist Liewen an eis Fräiheet. Zesummen sinn mir stark!

Isabelle Scholzen