Dëse Kommentar zitt Parallelen zwëscht COVID19 an der Klimakris an ass e philosopheschen Denkustouss.

Natirlech sinn et zwee komplett verschidde Sujeten, mee et lount sech e Bleck op d'Reaktioune vun der Gesellschaft an zwou verschidde Krisesituatiounen ze geheien. D'Mënschheet ass krank. Mam COVID19 kurséiert en héich ustiechleche Virus, dee seng Originn a China huet an dee bis ewell eng geschaten 160,000 Mënschen weltwäit ugestach huet (Stand: 15/03). Emmer méi Länner imposéieren dratesch Mesuren fir d'Verbreedung vum Virus anzeschränken, nodeems sech dësen vun enger Epidemie zu enger Pandemie entweckelt huet.

Als Analogie zu der momentaner Situatioun mam Coronavirus zéien ech, dass de Planéit mam "Carbonvirus" infizéiert ass, eng Uspillung op de Klimawiëssel. Zënter der industrieller Revolutioun am spéiden 19. Joërhonnert sammelt sech CO2 an der Atmosphär, deen duech mënschlech Aktivitéit bedengt ass. Zënter e puer Joërzengten huet de Planéit Symptomer ewéi Féiwer (steigend Temperaturen; haut +0.8-1.2°C), déi Konsequenze matt sech brengen ewéi Hëtztwellen, Wierderextremer oder klammend Mieresspigelen. Wann d'Ursaach vun de Symptomer net geschwë bekämpft ginn, steiert de Planéit op eng global Kris zou.

[Source: Climate Central]

A béide Fäll ass d'Zil, d'Infektioun ze bekämpfen: de Coronavirus soll agedämmt an d'Infektiounszuel erofbruecht ginn, bis kee méi sech infizéiert (am Idealfall) oder duech verlangsamt Infizéierung d'Bevölkerung immun gëtt an d'Ausbreedung esou gestoppt gëtt ("herd immunity"). D'Zil vun der Bekämpfung vun der Klimakris ass eng Reduktioun vun den CO2 Emissiounen op null, fir d'Temperaturen ze stabiliséieren. De Coronoavirus huet sech schon zur globaler Kris entweckelt, wärend de Klimaproblem nach vu ville Mënsche just beschmunzelt gëtt.

Firwat ass dat esou? Wéi serieux muss een d'Klimakris huelen? A firwat muss een zur Zait handelen? E puer Parallelen zwëscht dem COVID19 an der Klimakris.

Parallel 1 : Déi vulnerabelst Populatione lafen den héchste Risiko

E puer Lait denke sech villäicht: "wat soll déi Panik em de Coronavirus, ech gi jo souwisou net krank" oder "ech stiewe jo souwisou net drun". Et wëll ee weisen, dass een net a Panik verfällt an der Angscht keng Chance gëtt. Dat sinn nobel Verhalensweisen a Situatiounen ewéi Terrorismus, wou ee vereenegt vrun d'Dier soll goën fir der Bedrohung an d'Aen ze kukken.

Bei engem Virus ass dëst awer eng geféierlech Astellung: d'Mortalitéit ass wuel niddreg an de meeschten Gruppen, ma et ginn awer besonnesch vulnerable Volleksgruppen, denen d'Négligenz vu ville Lait zu Schued komme kann. Mir schwätzen hei vun eelere Lait oder Lait matt Virerkrankungen: fir dës Gruppen musse mir alles maachen, dass si sech net mam Virus infizéieren. De Virus kann an enger scheinbar "harmloser" Situatioun iwwerdroë ginn, ewéi zum Beispill op äer Elteren oder Grousselteren beim nächste Familljeniessen, nodeems een den Owend virdrun am Restaurant verbruecht huet. Et heescht elo, déi néideg Mesuren wéi sozial Isoléierung ze akzeptéieren a sech net onnéideg ze exposéieren. Dat huet naicht matt Panik oder Angscht ze dinn.

[Source: Information is Beautiful]

Beim Klima ass et ähnlech: d'Konsequenze vum Klimwiëssel wäerten net d'westlech Länner (also "eis") am häertsten treffen, mee d'Entwecklungslänner. Eng 150 Milliounen Klimaflüchtlingen wäert et laut Schätzungen vun der Weltbank bis 2050 ginn. Zum Verglach: haut ginn et weltwäit zirka 25 Millioune Flüchtlingen. D'Risikogrupp beim Klimawiëssel sinn d'Entwecklungslänner, déi net déi néideg Infrastrukturen a Versuegungsketten hunn. Déi Länner, déi historesch fir den CO2 Ausstouss responsabel sinn (also déi, déi de "Virus" verbreeden), sinn déi, déi sech am Eeschtfall manner matt de Konsequenzen ze ploën hunn.

Et wäert also net "eis" Populatioun am häertsten treffen, mee nëmmen déi "aner". Also kënne "mir" jo maachen, wat mer wëllen. Ma wéieng Virbeugungsmaassnahmen an Hëllefe proposéiere "mir" dëse Länner an der Zukunft, wa mir haut schon net matt der aktueller Migratiouns- an Entwecklungskris eenz ginn? Solidaritéit virun Egoismus ass gefrot, beim Coronavirus ewéi beim Klimawiessel.

[Source: Samson et al. 2011]

Parallel 1bis : gutt Infrastruktur an Organisatioun ass de Schlëssel fir d'Andämmung

Hei erlaben ech mer eng zweet Analogie zwëscht Virus a Klima: Länner matt gudder Infrastruktur am Gesondheetwiesen kréien de Coronavirus besser agedämmt. Sou huet zum Beispill Süd Korea eng manner héich Mortalitéitsrat wéi Italien bei enger ähnlecher Infektiounswell, wat vu villen Experten op d'Organisatioun an d'Infrastruktur (kritesch sinn d'Unzuel u Krankheetsbetter, wichtege Maschinnen a Personal) am Gesondheetswiesen zreckzeféieren ass.

Nach méi effizient si Länner ewéi Singapur, Japan oder Hong Kong: hei ass et mol guer net zur groussflächeger Verbreedung vum Virus ukomm, wëll e vum éischten Dag un matt der néideger Seriositéit behandelt gouf an direkt Mesuren ergraff goufen. Wien also besser virbereed ass, bei deem ass et manner schlëmm.

Wat Spidoler fir de Virus sinn, si physesch Protektiounen an Innovatioun géint de Klimawiëssel. Hei gëtt et och eng klaffend Lück zwëscht den développéierten an den Entwecklungslänner. Am Eeschtfall wäerten déi westlech Länner hier Versuergungsketten nei organiséieren an nei Technologien benotzen, fir d'Konsequenzen vum Klimawiëssel anzedämmen (zum Beispill duech Waasserdämm oder d'Verlagerung vu ganze Stiedt).

Leider hunn déi vulnerabel Populatiounen, déi et am meeschten treffe wäert, dës Alternativen (nach) net an och geet hier Infrastruktur oft net duer, fir de Konsequenze gewuess ze sinn. Agrarflächen a Stiedt wäerten ënner Waasser laien an aner Konsequenzen ewéi Hëtzewellen oder Wierderextremer ewéi tropesch Stierm oder Monsuner wäerten an der Frequenz a Severitéit zouhuelen. Dës Populatiounen wäerte vrun existentiellen Challenge stoën, déi si elleng net geléist kréien.

Parallel 2 : D'Léisung vum Problem brauch global Koordinatioun a Verzicht fir den allgemengen Intérêt

De Coronavirus anzedämmen an ze reduzéieren erfuerdert eng massiv global Zesummenaarbecht. Nodeems vill Länner drastesch Mesure géint de Coronavirus geholl hunn, wësse mer, wéi déi next 3-6 Wochen wäerten ausgesinn: sozial Distanz, keng Evenementer matt enger gewessener Unzuel u Lait, keng onnéideg Reesen. Oder kuerz: mir mussen op villes verzichten, wat mir dach soss esou gäer maachen. Dës Verboter gi vun uewen imposéiert a vun der Bevölkerung och weider ouni grouss Diskussiounen opgeholl, wëll mer an enger verhältnisméisseg extremer Situatioun sinn.

Ähnlech Verzichtsmesuren fuerdere vill Klimaaktivisten säit geraumer Zäit am Sënn vum Klima: et sollt ee manner mam Fliger fléien, manner Fleesch iessen, manner konsomméieren. Individuell Verhalensännerungen sinn nämlech och e wichtegen Deel fir den CO2 Ausstouss ze reduzéieren. Wann d'global Kommunautéit dëst fir e Virus ka maachen, firwat dann net fir d'Bekämpfung vum Klimawiëssel? De Kader ass dach scho geschaf mam Paräiser Klimaaccord.

[Source: Karen Arnold]

Am Fall vum Klima stéisst d'Virstellung vu Verzicht nach ville Lait sauer erop: "Déi aner verzichten net, wisou sollt ech also verzichten". Den Haaptënnerscheed zwëscht den zwee Fäll ass wuel, dass de Coronavirus eng akut Bedrohung ass: se ass tangibel, d'Lait spieren d'Konsequenzen schon haut an de ganzen Alldag dréit sech dorëms. D'absolut Zuel un Infizéierungen an u Lait, déi stierwen, geet vun Dag zu Dag sprongaarteg an d'Luucht – de Sentiment, dass et ee selwer jo betreffe kéint, ass dovu gefiddert. Et ka jiddferee vun eis perséinlech treffen, oder engem seng Famill. Hei zu Lëtzebuerg. An den nexten Deeg, vlait souguer Stonnen.

Genau dëse Sentiment feelt eiser Waarnehmung an der Klimakris. Et kéint een argumentéieren, dass de Klimawiëssel méi eng existentiell Bedrohung fir d'Mënschheet ass, ewéi de Coronavirus. Mee d'ëffentlech Perceptioun ass grondleeënd verschidden, well d'Konsequenzen vum Klimawiëssel nach net haut geschéien, mee wuel réicht a puer Joërzengten – obwuel eis Verhalensweis vun haut scho kritesch ass fir d'Konsequenzen anzedämmen.

Parallel 3 : Skeptiker leegnen alles, mee et ass just eng Fro vun der Zäit, bis se der Science gleewe mussen

"Et ass keng Pandemie", "Ech kréien de Virus souwisou net", "Et ass jo nach kee krank", "Dee kënnt souwisou net hei un" – Aussoën iwwer Aussoën. Bis viru kuerzem huet nach sou muencher een iwwer de globalen Ausbroch vum Coronavirus geschmunzelt.

D'Kris huet awer entretemps ganz nei Dimensiounen ugeholl: de Coronavirus ass zur Pandemie erkläert ginn a weltwäit imposéiere Regierunge Mesuren, fir d'Ausbreedung ze verlangsamen, ganz nom Prinzip #flattenthecurve. Ganz Italien ass ënner Quarantän, vill europäesch Länner hunn d'Grenzen zou a sinn no um Lockdown. All dëst no wéinegen Deeg, wann net souguer wéinege Stonne Berodungszäit.

[Source: Wikimedia Commons]

Wann een also nach vru kuerzer Zait argumentéiert huet, et wier jo net sou schlëmm, sou muss een haut feststellen: dach et ass schlëmm. De Mënsch hëllt de Problem eescht a steet mëttlerweil kollektiv hannert der Science.

Ähnlech ignorant Aussoën ginn et haut nach emmer beim Klimawiessel: "de Klimawiëssel gëtt et net", "ech wäert souwisou neméi liewen wann et bis sou wäit ass" oder "Europa trëfft et souwisou net". Leider si mer beim Klimawiessel nach net um Stadium, wou d'Politiker unanim der Science gleewen an alles dësem globale Problem ennerstellen.

D'Konsequenzen, wéi se vun der Science ernimmt ginn, klengen oft just no Horrorszenarien an net no konkreten Konsequenzen, well se réicht lues a lues ufänken, sech ze materialiséieren (Wierderextremer, Drechenten, Mieresspigel). De Sentiment vu Panik erwähnt d'Greta Thunberg emmer erem a senge Rieden: dass ee beim Klima eng gewësse Panik misst emfanne, wann een sech d'Projektiounen vun der Science ukukkt. Dass ee sollt esou handelen, wéi wann engem sain Haus "on fire" wier. Dat sinn nämlech d'Konsequenzen, déi d'Mënschheet treffe wäerten.

Et ass hoffentlech just nach eng Fro vun der Zäit, bis sech d'Lait unanim hannert der Science vereenen a sech der Dringlechkeet bewosst ginn. D'Fro bleiwt, ob et bis dohin net wäert ze spéit sinn, fir déi schlëmmste Folgen vum Klimawiessel ze verhënneren – beim Coronavirus wäerten d'Mesure wuel gräifen.

Parallel 4 : Zäit ass wichteg, an et ass héich Zait fir ze handelen

E weidere, wichtege Faktor ass d'Zäit: d'Zait vun der exponentieller Entwecklung beim Coronavirus dauert zënter e puer Wochen un. D'Zait vun der exponentieller Ausbreedung vum CO2 an der Atmosphär dauert zënter e puer Joërzengten un. Wou mir also beim Coronavirus iwwer e relative kuerzen Zaitraum schwätzen (matt groussen Decisiounen innerhalb vun Deeg oder Stonnen), ass et beim Klimawiëssel e Generatiounekonflikt (matt groussen Decisiounen iwwer Joëren oder Méint).

Et ass kritesch, de Coronavirus anzedämmen a weider Infektiounen ze verhënneren, duech Mesuren ewéi "social distancing". Am virale Baidrag vum Tomas Pueyo op Medium gouf simuléiert, wéi kritesch et ass, zäitno ze agéieren. Sou kann een Dag Verzögerung am Decisionmaking dozou bäidroën, dass et d'Unzuel un Infektiounen em zengdausend(en) an d'Luucht ginn. All Dag éischter matt sozialer Distanz ass also wichteg, fir dass de Virus sech net weider verbreet.

[Source: Medium]

En zaitnot Handelen ass och beim Klimawiëssel wichteg. Wa mir weider am heitege Rhytmus CO2 emettéieren, hätt d'Mënschheet 2028 de Planéit em 1.5°C erhëtzt an domatt d'Limit vum Paräiser Klimaaccord erreecht. D'Emissiounen missten also ab 2028 null sinn fir d'Zil vun 1.5°C Erwiermung ze erreechen. En utopescht Zil, wann ee bedenkt, dass global réicht knapp 20% op erneierbar Energien leeft an de ganze Weltwirtschaftssystem zum Groussdeel vu fossilen Energien ofhänkt.

D'Zil vun der Klimaneutralitéit ass och réicht fir 2050 virgesinn. No 2050 missten dann negativ Emissiounstechnologien benotzt ginn, fir den CO2 "aus der Loft ze saugen", dee mir no 2028 ze vill ausgestouss hunn. Dat ass wuel technesch méiglech, mee t ass wéi wann ee beim Coronavirus geng soen: komm mer loossen d'Infektioun sech e puer Méint kontrolléiert verbreeden, well mer fannen jo en Impfstoff, deen eis all heele wäert. Ausserdem kënne vill kritesch Ecosystemer bis dohin irreversibel Schied erlidden hunn, déi een duech Technologie neméi reparéiere kann.

[Source: klyme]

Wat fir den Decisionmaking beim Coronavirus déi läscht Deeg woren, si fir de Planéit déi next puer Méint. Wat fir de Coronavirus sozial Isoléierung, Otemmasken an Désinfektiounsmëttel sinn, si fir de Klimawiëssel erneierbar Energien, Elektrifikatioun a Changement vun Iessens- a Reesgewunnechten. An dës Mesuren genge besser sou séier wéi méiglech initéiert an duechgesat ginn. Wéinst der Amplitude vum Changement kënnen neméi Joëren ofgewaart ginn.

Parallel 5 : Ëffentlecht Wuel steet wuel awer iwwer ekonomeschem Profit, wann et em d'Iwwerliewe geet

De Coronavirus ass och d'Originn vun der aktueller Kris op de Finanzmarchéen. Wéinst der Quarantän a China, vu wou vill westlech Konsumgüter hierkommen, an de weltwäite Mesuren, déi zu manner Konsum féiere wäerten, sinn d'Finanzmarchéen stark zesummegebrach. An enger Gesellschaft, déi op Konsum a Produktivitéit getrimmt ass, an deeër mir all 16 Stonnen Dag non-stop op de Been sinn an neméi wëssen, wéi ee Wochendag mer sinn, ass op eemol eng universal Paus ageluecht ginn. Dass de Profit och eng Paus mecht, ass net ze evitéieren.

Dat dreckt op d'Angscht vu ville Lait: wäert een nach je eppes kafen? Wee bezillt d'Paien? Wéini wäert d'Ekonomie sech erhuelen? Dat si wuel fir vill Acteuren existentiell Froën, ma et gëtt och eng Zait no der Kris, wann an der Zwëschenzäit déi neideg Hëllefen zur Verfügung gestalt ginn.

Eng Parallel zu der Weltwirtschaft gëtt et och beim Klimawiëssel. Matt Mesuren ewéi CO2 Tax a globalen Emissiounsmarchéen, déi an internatonale Gremien gefuerdert ginn, fäerte vill Geschäftslait, dass dës Mesuren sech gengen negativ op d'Weltwirtschaft auswierken: d'Wirtschaft geng onnéideg gebremst ginn a kéint riicht an eng Kris flatteren. Dowéinst ginn, villäicht op future Käschte vun der Mënschheet, essentiell Mesuren net agefouert, déi an den nächste Joëren néideg sinn, fir d'Weltklima ze retten – a ville Sënner. Och fir de Klima wier et iwwerliewenswichteg, duech eng wirtschaftlech Transitiounsphase ze goën (déi net onbedengt gläichbedeitend ass matt verlangsamten Wuesstum), no deeër d'Wirtschaft kéint nohalteg, matt dekarboniséierten Technologien, wuessen.

Wat heescht dat elo?

De Klimawiessel ass ee vun de wichtegsten, globale Sujeten a fuerdert globalt Handlen a Koordination an de kommende Joërzengten. Leider sinn sech d'Politiker oft net eenz iwwer den Eescht vum Problem an iwwer déi néideg Mesuren, do, wou d'Science sech awer eeneg ass. Vill Lait erkennen de Klimawiessel wuel och nach net als déi Bedrohung, déi en tatsächlech duerstellt a wéi eng Verhalensännerungen e matt sech brengt.

Mir brauchen en ähnlechen Niveau u Mobiliséierung fir de Klima wéi an der aktueller Coronavirus Situatioun, net nëmmen op nationalem Niveau, mee weltwäit - fir déi existenziell Gefore vum Klimawiëssel ze bekämpfen. Vläicht ass de Coronavirus Ausbroch jo den Ustouss, deen d'Welt gebraucht huet, fir d'Situatioun vun enger Kris tangibel fir d'Lait ze maachen a fir ze réaliséieren, dass zaitno gehandelt muss ginn.

Ofschléissend wëll ech nach eng Metapher deelen, op déi ech duech ee vu menge Lieser opmirksam gi sinn. D'Fuebel vum "kachende Fräsch", déi verschiddener vun Iech vläicht kennen, seet dat hei: wann e Fräsch a kachend Waasser gehait gëtt, spréngt en direkt eraus, wëll e sech verbrennt - ma wann de Fräsch awer fir d'éischt a kaalt Waasser geluecht gëtt, wat da lues a lues un d'Kache bruecht gëtt, da wäert de Fräsch d'Gefor net gesinn an bis zu sengem Doud gekacht ginn. Dës Metapher gëtt dacks benotzt fir d'Inkapazitéit vun de Leit ze beschreiwen, an dringende Situatiounen adequat Mesuren ze huelen, wann dës Situatiounen net plötzlech geschéien mee sech iwwert e laangen Zäitraum développéieren.