Am Moment ass effektiv eng ganz schwiereg Situatioun fir Lëtzebuerg an doriwwer eraus fir d'ganz Welt.

En Geigener gegeniwer dem maer Machtlos sin, een Geigener wo een net gesait an wo all aneren Moensch
eng Potentiel Gefohr durstelt.

Wenn profiteiert vun deser Situation ganz einfach eis Welt, alles wat maer hir iwert Joeren Jorzengten ungedoen hun
hut d'Welt elo mol Zait ze récupereieren.

An och d'Moenschen koennen récupereieren aplatz emmer "mei mei mei mei" permanent get een gemoss un dem wat een leegt
Moenschheet well emmer mei schnell mei heich mei seier an elo..... Alles am ralenti.

Maer mussen doheem bleiwen respektiv schaffen goen ankaafen goen an doheem bleiwen.

Fir all dei Leit wo dat nach net verstanen hun an wo mengen wann ech bei meng Frenn meng Famille gin dann kann jo naicht gescheien
FALSCH, leider gesait een net wen den Virus hut, an maer koennen eis just schützen wann maer isoleiert bleiwen.

Elo schon spillen sech ganz ganz schlem Scènen an den Spidaeler of, Moenschen wo erstecken, an fir ze verheneren dat et deier een pur honnert oder
zegur een pur dausend gin sollen maer wirklech den Richtlinien wo maer kreien nogoen.

D'Sozialt Liewen op een minimum erof schrauwen, eis Haenn waschen den Ofstand vun mindestens engem Meter zu aneren Matbierger anhaalen.

Mais deet dat net och emol gudd, dat d'Welt un vitesse verlur hut, maer koennen eis op dei wesentlech Saachen konzentreieren, op eis selwer op
eis Partner op eis Kanner, op eis Hausdeieren. Ech hun festgestallt dat trotzdem maer kirperlech getrennt sin vun all denen wo maer gaeren hun, sin maer awer elo mei no
wei maer soss jeh wuaren, maer hun Zait mat eisen leiwsten ze Telefoneieren, maer sin besurgt em Famille wo eventuel am Ausland wunnt,
an mirken dat daat dat allerwichtegst ass, zesummenhaalen, den Leit weisen dat een fir den aneren do ass.

An gleeft maer och dei Leit wo ech elo net kann gesin, ech hun se gaer elo viellaicht nach vill mei wei virum Virus an firwaat well et engem mei wei jeh virdrun
bewost get dat een zu all Moment Leit kann verleieren wo een gaer hut an dat durch egal wei een Emstand.

Traureg dat maer Weltwait esou eng Katastroph mussen erliewen fir ze mirken dat bei engem an der Strooss Aal Leit wunnen wo keen hun, fir ze mirken dat maer net genuch
no eisen Kanner, Elteren, Grousseltern an Frenn kuken, net genuch nofroen wei et hinen geht, well maer an deier Welt wo emmer mei schnell get egoistech gin.

Traureg dat Amazon elo muss 100.000 Leit anstellen well Sie den command'en net mei no kommen, ASS KONSUM DAT EENZEG WAT ZIELlt?
Zegur elo nach wo keen vun eis wees wei et ausgeht an wen iwerlieft? Ganz ganz traureg.

Eierlech ech sin (oder wuar) och esou een Konsum Moensch emmer mei mei mei mei Schung Kleeder Pochen, an elo ass alles egal, an ech gif wirklech elo net
online bestellen, well ech fanen et aner besser Momenter kann gin fir shopping ze machen, an wann ech dann shopping machen bestoemmt net online,
fals eng keier alles eriwer ass an fals maer mat engem bloen Aa dovunner kommen, an wann maer keen Moensch verlur hun wo eis nosteht dann koennen maer erem
shoppen goen, AWER W E G macht dat dann bei eisen Boutiker och wann daer zwee euro mei must bezuhelen, ech retten leiwer eis Geschaefter wei engem Amazon
d'Suen an den A.... ze stiirchen, well eierlech gleeft maer een Jeff Bezos geht net faillite durch des oder aner Krisen.

Grad ELO mei wei jeh virdrun mussen maer eis geigensaetzlech enerstetzen an een fir den aneren do sin, dann paken maer och dat hei och wann
et wahrscheinlech nach een bessi dauert bis normaliteit antret.

An zum Schluss nach een ganz ganz groussen Merci un dei Leit wo trotzdem oder grad elo vill Arbecht hun zb an den Spidaeler mais och dei Leit wo op den Banken schaffen
an versichen hir Klientèle ze berouegen, an all aner Beroufer wo elo dozo baidroen dat maer een bessi normaliteit an deser Welt hun.

Ech woenschen jiderengem dat en gesond bleift