Oh Lëtzebuerg, Oh Lëtzebuerg,

Am Moment ass et ganz uerg.

Vill Liewen an Existenzen stinn um Spill,

dat ass een komescht Gefill.

Bomi an Bopi, Mam a Papp,

sinn eis den ganzen Zäit am Kapp.

Wéi gären géifen mir bei si goen,

eis Léift verbreeden, eis Angscht mol kloen,

sech verstoppen an hiren Äerm wéi e klengt Kand,

einfach sou laanscht goen loossen den béisen Wand.

Mat hinnen poteren an laachen,

verzielen vun allméiglechen Saachen,

zesummen setzen, zesummen iessen,

mat all deenen aneren vun der Famill,

JO et ass een komescht Gefill.

Frënn a Kolleegen gesinn mir och net méi,

domat hunn mir sou eis Méi.

Amplaz een flotten Owend zesummen drénken,

mussen mir hinnen vun Wäitem wénken.

Keng Soirée ronderëm den Grill,

JO et ass een komescht Gefill.

Léit déi meckeren, fluchen Béises soen,

an sech vun Moies bis Owes bekloen,

kann et dann wierklech Schlëmmeres ginn,

wéi Doheem eng Zäit „agespaart“ ze sinn.

Denkt un déi, déi hiert Liewe verluer,

fir si gëtt et leider keen Muer.

Der Welt Äddi gesot hunn der scho ze vill,

JO et ass een komescht Gefill.

Mënschlechkeet, Solidaritéit an Stäerkt,

Dorop sollen mir lo leen grousse Wäert.

Verständnis, Récksiicht an richtegt Handelen,

nëmmen dat kann rëm alles wandelen.

Oh Lëtzebuerg, Oh Lëtzebuerg,

och op der ganzer Welt ass et uerg.

Wann mir all roueg setzen op eise Still,

JO dat gëtt een gutt Gefill.

Anne Lauer