2020 sinn all d'Mënschen op der Welt duerch d'Gefill vun Angscht an awer och duerch d'Gefill vu Léift verbonnen.

Doduerch datt kee genau weess, wéien Impakt dëse Virus op d'Gesondheet vun der Bevëlkerung huet, ass eng weltwäit Angscht entstanen. D'Angscht e Mënsch duerch de Virus ze verléiere bewierkt an eis e Verlaangen no Kontroll. Kontroll duerch Kontaktspär, duerch sozial Distanzéierung, duerch droe vu Schutzmaterial an duerch d'Bereetschaft individuell Fräiheeten opzeginn.

D'Regierung ass laut Verfassung dozou verflicht, d'Bevëlkerung an esou enger Situatioun ze schützen. Des Verflichtung huet eis Regierung eescht geholl an Moossnamen dozou ergraff. Duerch dës Moossnamen konnten all d'Awunner hei am Land, déi um Covid-19 erkrankt waren oder sinn, medezinesch versuergt ginn.

Réckleefeg Infizéierten- a Mortalitéitszuelen ënnersträichen, datt dës Mesuren der Pandemie entgéint wierken.

Kontroll kann awer ni eist Angschtgefill versuergen, dass mir Mënschen duerch de Virus verléieren kenne, fir déi mir Léift empfannen. Léift fënnt hiren Ausdrock an der Zouwendung, am tëschemënschlechem Kontakt a nonverbaler Kommunikatioun wéi z. Bsp.: engem seng Hand halen. Dëst Gefill hält eis um Liewen, stäerkt eist Immunsystem, schenkt eis Hoffnung a gëtt eis Kraaft a schwieregen Zäiten. Iwwert Facetime, duerch Plexiglas oder iwwert Bréiwkontakt kann een dëst Gefill nëmme begrenzt vermëttelen. Feelt dës Léift iwwert Wochen, esou vereinsamen d' Mënschen. D'Hoffnung op besser Zäiten verklengert sech , d'Seensucht gëtt méi grouss an d'Lierwensenergie hëlt of.

Besonnesch déi Mënschen, déi un enger geeschteger oder kierperlecher Behënnerung leiden oder déi un Demenz erkrankt si, kënnen net verstoe, wisou kee méi vun hirer Famill si besiche kennt. An de Strukture wou si liewen, dierf nämlech kee méi si besichen kommen, mol net eng an deselwecht definéiert Bezuchspersoun. Grad hir Famill, déi a schwieregen Zäiten ëmmer un hirer Säit war a Léift a Zouwendung geschenkt huet. An dëser Krise gi vill verzweiwelt Mënschen hannerlooss, déi net wësse, wéini si hier Léifsten erëmgesinn.

Dëse Bréif ass een Appell un eis Regierung fir no der 1. Phase vum Confinement, déi mir erreecht hunn, den tëschemënschlechen Kontakt an der Famill erëm zouzeloossen. Dësen essentielle Kontakt an der Famill kann een och wéi verschidden aner elo erlaabte Mesuren duerch Schutzmasken an Hänn wäsche, reglementéieren.

Maïté Dielissen-Franck