1964 hat d'June Almeida éischt Photoe vu Vire mat enger Zort Sonnekorona am Laboratoire vun engem Londoner Spidol opgeholl, [1]. Déi jonk Spezialistin fir de Gebrauch vun  Elektronemikroskoper fir virologesch Zwecker wor vun engem Dokter gefrot gi fir Prouwe vun engem kranke Schoulkand ze ënnersichen. D'Beschreiwung vun deer Virenzort hat keng Konsequenzen, obschonns d'June Almeida virdrun déi Vire bäi Hénger a Mais fonnt hat, an da bäi engem kranke Kand. Eng éischt Aarbecht doriwwer gouf net emol fir ze publizéieren acceptéiert. Nawell sinn d'Briten elo e bësselchen houfreg, [2]. Vläicht well dat alles an deemselwechte Spidol wor wou elo de Premier Johnson behandelt gouf?

Vu Mëtt November 2019 u ginn an der chinesescher Provënz Hubei Krankeetsfäll mat Verdacht op Virusinfektioune registréiert. De 26. Dezember kënnt eng eeler Koppel mat Houscht a Féiwer an engt Spidol zu Wuhan bäi d'Doktesch Zhang Jixian, déi an der Zäit vu SARS-CoV-1 Longenentzündungen ënnersicht hat, [3]. CT-Opnahme weisen, datt et hei keng normal Gripp ass. D'Tester op Virusgrippe si negativ. Hire Jong gëtt och ënnersicht a seng Longebiller gesinn aus wéi déi vun den Elteren. Dobäi wunnt e net bäi hinnen, mä well se krank wore, wor e no hinne kucke kommen. Wéi et schéngt kann een deen aneren ustiechen. Dr. Zhang alarméiert d'Autoritéiten. Den 30. Dezember kommen am Laboratoire vun der Shi Zhengli, der Spezialistin fir Fliedermausvire, Prouwe vun infizéierte Persounen ran, [4]. Déi ass verwonnert, datt se gefrot gëtt, well se Infektioune mat Fliedermausvire net mat Wuhan verbanne kann. Zu Guangdong, Guangxi a Yunnan am Süde besteet éier de Risk, datt sou Viren op de Mënsch iwwerginn. Kënnten déi eventuell aus eisem Labo sinn, freet si sech? Déi nächst Woch ass fir si an den Team eng stresseg. A fënnef vu siwe Prouwe fanne se mat Hëllef vun der Polymeras-Kettereaktioun Coronavirussequenzen. D'Material schécken se un aner Instituter fir datt et méi komplett analyséiert gëtt. Anengems kucken se no watfir Viren se well an hirem Laboratoire haten. De Vergläich mat den externe Resultater weist, datt keng vun de neie Sequenze mat enger aus hire Fleidermausviren iwwereneestëmmt. De 7. Januar ass gewosst, datt et sech ëm eng bis ewell onbekannt Zort Coronavirus handelt. An Antikierpertester weisen, datt déi krank Persounen domat infizéiert sinn. Den 9. Januar gëtt dat publizéiert.

Vergiessen ze ernimme sollt een net den Dr. Li Wenliang, deen net wéi Dr. Zhang den offizielle Wee goung, an iwwer en Chat-Grupp Informatiounen u Kolleege weiderginn hat, datt se oppasse sollten, an dofir verwarnt gouf. Ee Mount méi spéit ass e selwer duurch de neie SARS-Virus gestuerwen. Et gouf sech bäi der Famill entsch­ëllegt an e gouf vun der Regierung mat aneren Dokteren, déi och no Kontakt mat Patiente gestuerwe woren als "Märtyrer" geéiert.

Chinesesch Wëssenschaftler publizéire Mëtt Januar Detailer iwwer de Virus an enger amerikanescher Medizinzäitschrëft, [5, 6]. Dee neie Virus ass e Rekombinant zwëschen engem Coronavirus vu Fliedermais an engem onbekannte Coronavirus. Op d'Mënsch-zu-Mënsch-Infektioun an déi néideg Preventioun gëtt am zweete Paper higewisen. Ween eppes wësse wollt, konnt et wëssen. D'WHO blouf virsiichteg. Si wollt sécher kee falsche Pandemiealarm ausléise, wéi bäi Vugels- a Schwéngsgrippe geschitt. Hir gouf deemols souguer virgehäit mat hirer Impfreklamm just d'Impfstoffproduzenten ze ënnerstëtzen. An onnëtz Panik verbreede kann och de Betrib stéieren. Elo ass e nawell massiv gestéiert ginn.

De Rescht mat all de Statistiken ass bekannt. Wéinst der negativer Erfahrung mat SARS-CoV-1 vun 2002/2003 gouf sech an de Nopeschlänner vu China op eng nei Epidemie preparéiert. Mëtt Januar wor de neie Virus a China selwer an 13 Provënze nogewise ginn. De 26. an 28. Januar ginn et déi éischt Doudesfäll an de Stied Shanghai a Peking. An Europa woussten d'Autoritéite wéi et schéngt well fréi am Januar bescheed. Deen éischte Fall baussend Asie gouf et den 23. Januar an den USA, a bis de 24. Januar gouf et 3 Fäll a Frankräich. Sou richteg ënnerholl gouf net vill, bis et am Februar nei Fäll gouf. Dofir haten äis awer, wéi d'Epidemie zu Wuhan well wäit wor, verschidde Virologen, a souguer de Ranga, den exponentielle Wuesstem vun Infizéiertenzuelen erklärt. Weem sollt dat eppes déngen? D'Wëssenschaftler hei, déi gewinnt si mat Hypothesen am Onbekannten ze fuerschen, wore meeschtens zimlech abstrakt bliwen an haten och dacks vergiess hir Prozentzuelen an e konkrete Kontext ze setzen. Déi Länner, an deenen d'Pandemiepläng net just um Pobeier stunge, mä wou se och konkret materialiséiert wore, koumen am beschte wech.

Nuje, lo si mer bal iwwerall wäit hannert de Spëtzte vun de Neiinfektiounen. Wéi bäi Déieren déi laang dobanne gehale goufen an erëm fräigelooss ginn, gëtt elo eis Corona-Entwécklung dobausse verfollegt. Dacks kréie sou Déier e Sender mat op de Wee. Bäi äis wor de Premier do dergéint. Merci. Mir sinn net China. Et kënnt elo méi Exklusivitéit ginn. Ob mer äis nach emol Ielbicht wider Ielbicht an enke Reien a Fligere setze wäerten? Oder nach eng Kéier zu Honnerten op Schëffer wéi an iwwerfëllte Spidols-Urgencen op eng Behandlung waarde wéilten? Sécher net.

A sengem Buch The Pandemic Century beschreift de Medizinhistoriker Mark Honigsbaum d'Geschicht vun Epidemiën a viwill Onbekanntes an deem Zesummenhank an der Natur waard. Vum Mënsch sengen zanter 1940 iwwer 300 neien Infektiounskrankheete wiren zwee Drëttel iwwer Déiere kommen, a 70 Prozent dervun iwwer W­ëlldéieren. Op all fonnte Fliedermausvirus kéime nach bal zwanzeg onbekannt Viren. An zéngmol méi onbekannter géif et bäi Nager a Primaten. Et ass eng Situatioun mat onbekannt Onbekanntem, well kee soe ka wéi an ënner watfir Ëmstänn wellech Viren sech veränneren oder matenee verbannen, a sou hir Wierkungen änneren. Da freet sech, ob de méiglechen negativen Impakt dervun nach besser ze miniméiere wir duurch lokal nach méi séier a besser ugepasst Reaktiounen, ënnerstëtzt duurch eng op d'mannst temporär onparteiesch Politik, a global gesinn eng besser organiséiert Kooperatioun an Informatioun. An duurch eng nach méi breet opgestallt Wëssenschaft, souwuel staatlech wéi privat finanzéiert. Alles anescht scheitert souwisou.

 [1] https://www.nationalgeographic.com/history/2020/04/june-almeida-discovered-coronaviruses-decades-ago-little-recognition/

[2] https://www.bbc.com/news/uk-scotland-52278716

[3] http://www.xinhuanet.com/english/2020-04/16/c_138982435.htm

[4] https://www.scientificamerican.com/article/how-chinas-bat-woman-hunted-down-viruses-from-sars-to-the-new-coronavirus1/

[5] Wei Ji, Wei Wang, Xiaofang Zhao, Junjie Zai, Xingguang Li. Cross‐species transmission of the newly identified coronavirus 2019‐nCoV. J. Med. Virol. 2020; 92:433–440, Wiley.

[6] Xingguang Li, Junjie Zai, Xiaomei Wang, Yi Li. Potential of large “first generation” human‐to‐human transmission of  2019‐nCoV. J. Med. Virol. 2020; 92:448–454, Wiley.