„Et dierf een dofir gespaant sinn, ob e weidert eenzegaartegt industriellt Gebai wéi d'Keeseminnen zu Esch dës Kéier mat Zäite klasséiert gëtt an domat en Zeeche géint de baulesche Vandalismus zu Lëtzebuerg gesat gëtt.“

Dës Wierder hat den Historiker a Vizedirekter vum Centre for Contemporary History (C2DH) Denis Scuto a sengem fräie Mikro den 6. März 2020 iwwert de kulturelle Patrimoine zu Lëtzebuerg gesot.

E puer Deeg méi spéit, hunn den Denis Scuto, Dan Cao, Gino Pasqualoni, Jacques Maas, Do Demuth an Henri Clemens eng „Demande de protection“ beim Kulturministère agereecht. D´Ministesch Sam Tanson huet d‘Receptioun
vun dëser Demande den 1. Abrëll 2020 bestätegt.

26 Deeg méi spéit, den 27. Abrëll huet Arcelor Mittal – am Aklang mat der Escher Gemeng an IKO Real Estate der Firma vum Bauhär Eric Lux – ugefaangen „d´Keeseminnen“ ofzerappen. Dëst ouni d´Escher Bierger ze informéieren, an och an der kommunaler Bautekommissioun war d´Ofrappe vun dësem historesche Patrimoine keen Thema. Am Escher Gemengerot gouf nach keen spezifeschen PAP (plan d´aménagement particulier) gestëmmt an dem Escher Bierger ass nach ëmmer kee Masterplang fir dësen, fir d‘Industriegeschicht esou wichtege Site, virgestallt ginn. Och e
Mobilitéitskonzept, dat wichteg ass fir d´Bierger aus dem Hiehler Quartier aus hirer Enclave ze befreien oder de Plateau Barbourg mam neie Quartier ze verbannen, ass nach ëmmer net presentéiert ginn.

Et gesäit also ganz staark duerno aus, wéi wann déi Responsabel den „État de crise“ dofir genotzt hätten, fir sech engem vun den Häerzstécker vum Site, den „Keeseminnen“, ze entleedegen!

Am neie „projet de loi“, deen den 30. August d‘lescht Joer déposéiert gouf a fir dee just nach den Avis vum Staatsroot feelt, stinn nämlech 15 Authentizitéitkritèren, ënnert deenen e „Bien immeuble“ muss een Deel erfëllen, fir als schützenswäert klasséiert ze ginn. Wann ee sech dës 15 Critèren ukuckt, mierkt een, dass „d´Keeseminnen“ eng ganz Rëtsch dovun erfëllen. Do wären zum Beispill d‘Critèren vun der lokaler, industrieller a sozialer Geschicht, vun der Typologie oder der Raritéit, fir der nëmmen e puer ze nennen. Niewt den Denkmalschutzgrënn, hunn „d´Keeseminnen“ awer och e grousst urbanistescht Potential a kéinten, wéi an de leschte Wochen a Méint ëmmer erëm virgeschloe gouf, als Wunnengen, Geschäfter oder als Gare ëmfunktionéiert ginn. Den Hiehler Quartier mat senge fréieren
Aarbechterkolonien, déi allebéid historesch esou enk mat der Äerzbunkeranlag a mam Site Terre-Rouge verwuess sinn, kéint ee mat e bëssche Phantasie besser mam neie Quartier a mam Rescht vun Esch verbannen.

„Il faut arrêter le marteau qui mutile la face du pays“ hat de Victor Hugo 1823 a sengem Pamphlet geschriwwen, 154 Joer duerno, gouf d‘Héichuewenanlag vun Terre Rouge ausser Betrib gesat.

An deem Sënn fuerdere mär:

En direkte Stopp vun der Demolitioun vun de „Keeseminnen“.

En Moratoire, bis dass d´Escher Bierger en Masterplang virgestalt kritt hunn an
deen mat hinnen diskutéiert ginn ass.

En oppenen Debat iwwert den industriellen Patrimoine vun der Stad Esch.

Lëscht vun Signatairen:
Idustriekultur-CNCI
Mouvement Patrimonial asbl
Sacha Pulli
Denis Scuto
Guy Wilmes
Clemens Henri
Jacques Maas
Jhemp Hoscheit
Michel Clees
Théid Johanns
Jean Huss (Muck)
Vera Spautz
Ed Maroldt
Miloš Todorovic
Guy Helminger
Marc Baum
Francis Hengen
Jemp Barboni
Do Demuth
Steve Faltz
Romain Bouschet
Sowa André
Luc Laboulle
Paul Biel
Dan Cao
Sergio Sardelli
Michelle Cloos
Mike Hansen
André Gilbertz
Michael Jorge Pereira
Boris Molitor
Christophe Dublin
Nando Pasqualoni
Marlène Kreins
Misch Feinen
Claude Roeltgen
Olga Cajide Doval
Simone Beck
Luciano Pagliarini
Lynn Reiter
Guy Assa
Pol Ewen
Stephane Biwer
Jerome Reuter
Alain Emering
Joelle Pizzaferri
Laura Caregari