D’Trixi ass eng fläisseg Beienarbechterinn a flitt brav all Dag eraus op d’Wiss fir Pollen ze sammelen. Wann hatt owes vu senger stresseger Aarbecht heem kënnt, geet hatt nach a säin Danzcours. Dat ass gutt als Ausgläich an mécht méi vital – seet d’Carole. D’Carole ass dem Trixi seng Zell-Nopesch. D’Carole ass eng ganz gescheit Bei, fënnt d'Trixi.

D’Trixi an d’Carole liewen an engem klenge Beiestack mat nëmmen 1000 Beien. Sou ee klenge Beiestack gëtt et normalerweis net, mä, well si direkt bei der beschter Blummewiss leien, kréie si et trotzdeem hin, ëmmer genuch Nektar ze produzéieren fir iwwert de Wanter ze kommen.

D’Carole reegt sech oft op, wann hatt am Reen eraus muss a fënnt och, dass de Beienarbechterinnen hier Zelle net gutt situéiert sinn: de Wee bis eraus misst mi kuerz sinn. D’Carole ass Coordinatrice vun de Beienarbechterinnen an huet der Kinnigin och schonn dacks seng Reklamatioune matgedeelt. D’Kinnigin fënnt et wichteg, dass all Bei seng eege Meenung huet a fräi ass.

D’Trixi geet owes nom Danzen oft bei säi beschte Kolleeg, de Ben, poteren. De Ben reegt sech ni iwwert eppes op a mécht ëmmer brav seng Aarbecht. Hien ass eng Bau-Bei a vertraut der Kinnigin. Eng Kéier erzielt de Ben, dass, wou hien emol op eng aner Wiss geflunn ass, eng komesch Bei gesinn huet: si hat ee roude Kapp. D’Trixi huet sech näischt aus der Geschicht gemaach. Et gi vill komesch Beien, virun allem an deenen anere Stäck. Mee zwee Deeg drop, ass esou eng Bei mat engem roude Kapp och am Carole sengem Beien-Team gesi ginn - si ass  kromm geflunn a gouf dunn heemgeschéckt.

Et ginn ëmmer méi sou Beien gesinn an anscheinend huet souguer ee grousse Beiestack, den di aner Säit vun der Baach ass, komplett zougemaach. Ma d’Trixi mécht Dag fir Dag brav seng Aarbecht weider.

Enges Owes hält d’Kinnigin dunn eng Riet. D’Trixi ass ganz opgereegt, well hatt hat d’Kinnigin nach ni sou besuergt gesinn: d’Beie misste lo all an hier Zell an dierfte net méi eraus. Déi mat de roude Käpp si nämlech ustiechend an di Krankheet ass ganz schlëmm : kollektiv Beie-Paus fir de ganze Stack.

D’Trixi fënnt dat bëssi iwwerdriwwen: et muss e jo just oppassen, kenger Bei mat engem roude Kapp ze begéinen an da passéiert jo näischt. D’Carole huet him dunn erkläert, dass eng Bei, ier si ee roude Kapp kritt, nach 6 Deeg ganz normal géif weiderfléien. An der Zäit kënnt si vill aner Beien ustiechen, an déi géife rëm aner Beien ustiechen an dowéinst kënnt ee ni sécher sinn - och wann een oppasst - kenger Bei ze begéinen, déi di Krankheet huet.

Dat huet d’Trixi iwwerzeegt. Lo kritt och all Bei een BeiPad op dem si ka virtuell üben eraus op d’Wiss ze fléien. Dat géif hëllefen, dass eng Bei, och wa si an hirer Zell ass, net aus der Übung kënnt. Ausserdeem sot d’Kinnigin, si hätte Reserven, an de Nektar géif duergoen fir eng Zäitchen iwwert d’Ronnen ze kommen. Gutt, dass mer esou clever Beien hunn, déi di grouss Katastrophe verhënneren, denkt d’Trixi.

Mëttlerweil si schonns eng jett Beie krank, mä et wieren der vill méi ginn, wann d’Kinnigin d'Beie-Paus net decidéiert hätt. D’Trixi ka säin Danzcours mëttlerweil och um BeiPad maachen an d’Carole fënnt et souguer deelweis flott net erauszefléien, well säit der Beie-Paus et de ganzen Zäit nëmme reent a stiermt dobaussen. Sou kréie sech di meeschte Beien arrangéiert.

No e puer Wochen kënnt dann d’Ukënnegung, dass d’Beien et nach missten e bëssi aushalen, mä an der Zäit solle si sech teste loossen. D’Wëssenschaftsbeien soen, dass nëmme flächendeckend Tester et géifen erlaben, di asymptomatesch positiv Beien ze erkennen an ze isoléieren. D’Kinnigin betount, den Test wier fräiwëlleg, well all Bei fräi wier a sech och soll eng eege Meenung maachen.

De Ben ass sech direkt teste gaange, ma d’Carole reegt sech op: firwat soll hatt sech teste loossen, wann hatt quasi kee Kontakt mat iergendenger Bei hat. Ausserdeem, wie sinn iwwerhaapt di Wëssenschaftsbeien? Déi versti jo näischt vu Pollen a Nektar. D’Trixi, wat di Saach mat den asyptomatege Beien am Fong net sou richteg begraff hat, fënnt dat lo och iwwerflësseg. Si gi sech net testen, well et jo fräiwëlleg ass.

Endlech, op engem sonnegen Dag, ass et du souwäit : si dierfen erëm erausfléien. D’Motivatioun ass enorm an duerch di vill Übung, sinn d’Beie net aus der Form komm. D’Carole seet owes, dass d’Beie nach ni sou vill Polle gesammelt hätten an engem Dag.

Bannen 5 Deeg hu si schonns souvill Nektar produzéiert, dass d’Kinnigin decidéiert, rëm unzefänken, d’Reserven opzefëllen. Wéi d’Trixi owes nom Danzen bei de Ben potere gaangen ass, hat hien och eng grouss Nouvelle : hien huet lo eng nei Frëndin. Bis zu dem Dag konnte si just iwwert hiren BeiPad mateneen flirten, mä lo wier et op emol ganz schnell gaangen. An der Beie-Paus hätt de Ben geléiert, sech iwwert all Dag ze freeën a wichteg Saachen direkt ze maachen.

Erschafft vun der viller Arabescht, ass d’Trixi dunn a seng Zell gaangen: di schéi Noriicht vum Ben, di flott Aarbecht bei dem gudde Wieder a rëm kënne richteg danzen ze goen: wat et awer schéin ass eng Bei ze sinn.

De nächsten Dag dunn erschreckt d’Trixi : op der Wiss gesäit et rëm eng Bei mat engem roude Kapp. Um Mëttegiessen decidéiert d’Carole dunn, dass all d’Beienarbechterinne sollen heemgoen: et wiere vill Beie mat roude Käpp ënnerwee, a kee wéisst vu wou si géifen hierkommen. D’Trixi kritt Angscht. Den Danzcours ass rëm ausgefall, a wéi hatt bei de Ben wollt goen, seet hien him, hatt soll besser doheem bleiwen, well hien een roude Kapp hätt an et géing him guer net gutt.

Owes adresséiert d’Kinnigin sech dunn un d’Beien: virun allen d’Bau- an d’Beienarbechterinn wiere ganz schlëmm vun enger neier Well vun der Krankheet betraff. Ma iwwerall am Stack an och op der Wiss wieren de 6. Dag no der Beie-Paus, lauter Beie mat roude Käpp gesi ginn. Den Ausbroch des Kéier wier vill méi schlëmm wéi dee vu virun 2 Méint. Leider missten all d’Beie rëm fir e puer Wochen zréck an hier Zell.

D’Kinnigin wierkt verzweiwelt: d’Reserve wiere jo bal eidel, an di meescht aner Beiestäck kéinten eis och kee Nektar ginn, well si all hier eege Problemer hätten. Si hätt dach un d’Fräiheet vun de Beie gegleeft an dorunner, dass si hier eege Meenung hunn. Mä et hu sech net genuch Beien teste gelooss. Nach ni huet d’Trixi d’Kinnigin kräische gesinn.

Wéi sech spéider sollt erausstellen, war d’Trixi asymptomateg positiv: dat heescht, hatt huet kee roude Kapp, an hatt kritt och keen. Ma hatt kann di aner Beien ustiechen, sou och d’Carole, wat dunn och asymptomateg positiv ginn ass. Well di zwee sech net test'e waren, si si dunn den 1. Dag no der Beie-Paus nees schaffe gaangen. D’Krankheet hat mutéiert a konnt sech och iwwert d’Blummen verbreeden. Dat wosst natierlech zu dem Zäitpunkt keen. Di Zwou hunn dunn 4 aner Beienarbechterinnen ugestach. Iwwert d’Blumme goufen dunn den 2. Dag der 10 ugestach, déi hunn den 3. Dag der 15 ugestach a sou weider bis de 5. Dag schonn iwwert 100 Beien nei ugestach waren. Vill ze vill fir sou ee klenge Beiestack. De 6. Dag kruten dunn di éischt een roude Kapp.

D’Trixi wéilt am léifsten d’Zäit zeréckdréinen. Hätt hatt dat nëmme gewosst. Hatt wëll sech beim Ben auskräischen. Ma den hieft net mi op…

Tom Goedert

Statistiker