Merci all deenen, déi an dëser ongewéinlecher Zäit fir eis Schaffe gaang sinn an eis gehollef hunn a nach hëllefen, och deenen déi sech un d’Sécherheetsvirschréften halen.

Ee grousse Respekt a Merci eiser Regierung an deem ganze Personal ob Beamten oder Aarbechter fir déi gutt schnell an effikass Moossnamen déi, oft mat ganz vill Energie a perséinlechem Engagement géint vill Konkurrenz an anere Problemer hu misse gemeeschtert ginn.

Merci der Madame Gesondheetsminister an dem Premier, déi a kuerzer Zäit ee fantasteschen an effikassen Sécherheetsapparat ronderëm d’Kliniken an Dokteren, Infirmieren an eisem Intérêt a fir eis Sécherheet opgebaut hunn.

Hätte mer net scho vill méi Doudeger a géinge mer nët nach ëmmer Étude maachen wann d’CSV nach an der Regierung wär? War et net an enger CSV-LSAP Regierung ënnert engem CSV Premier an engem LSAP Gesondheetsminister wou et ugaangen ass d’Better an d’Urgencen an de Kliniken ofzebauen? Huet net och déi jëtzeg Regierung sech vill Méi ginn fir an der leschter an an der jëtzeger Legislaturperiod d’Better an d’Leeschtungen an de Kliniken ze verschlechteren, ze wéineg IRM, Problemer mat Rendezvousen, asw? Sëtze net och haut nach fréier Minister an Deputéiert an der jëtzeger Chamber déi fir den Ofbau an den Kliniken a bei den Dokteren, vir Verschlechterung verantwortlech sinn?

Ass et net de Combel dass d’CSV am Ufank vun der Coronakris wollt dass Minister physesch a Kommissiounssëtzungen kommen sollten? Ass net een Ausnamezoustand an der Chamber gestëmmt ginn fir ënnert anerem ze verhënneren dass d’Parlament an d’Chamberkommissiounen net bräichten ze oft an onnëtz zesummen ze kommen? Wann ech verschidden ëffentlech Sitzungen op Chamber TV gekuckt hunn, hunn ech méi ewéi eng Kéier de Kapp misse rëselen iwwert dee Niveau an d’Onkenntnis « vum Dossieren » déi verschidden Deputéiert do vu sech ginn hunn.

Hunn dës Chamberssëtzungen misse sinn wou Gesetzer gestëmmt gi sinn déi näischt mat der Kris ze dinn haten, « Ceta an d’Gesetz iwwert ee méiglechen Recours  wann eppes zu Cattenom géing passéieren? » Sinn a ginn hei keng Gesetzer gestëmmt déi keng Prioritéit haten an hunn?

Sollen dës Woch 16 Gesetzer gestëmmt ginn? Hunn déi all eppes mat der Kris ze dinn? Wien huet do nach d’Iwwersiicht a Kenntnis vum Dossier?

Firwat hu missen Restauranten, Terrassen a Kaffeeën zou bleiwen wou een mat déi beschte Méiichlechkeeten huet fir Ofstand ze halen mee d’Chamber an d’Kommissiounen dierfen weider siégéieren?

Soll d’Chamber net emol d’Regierung hier Aarbecht maache loossen an d’Regierung esou méi Zäit huet fir Hëllefen ausschaffen ze loossen an déi richteg Décisiounen ze treffen anstatt d’Majoritéit’s Deputéiert an d’Oppositioun iwwer all Schrack an d’Bild musse gesat ginn? Ass den Ausnamezoustand net fir Jiddereen also och fir Deputéiert?

Zeréck zum Virus an zur Fro wéi et méichlech ass dass Lëtzebuerg an och déi aner Länner an Europa net genuch Schutz Masken a Material haten an hunn fir dat ganzt Gesondheet’s Personal a schaffend Vollek an och d’Awunner ze schützen? Wéisou hat an huet Lëtzebuerg net genuch Beotmung’s Apparater, Better an Intensiv Better well déi jo och an normalen Grippen Situatiounen gebrauch ginn? Wéisou feelen Impfungen fir Neigebueren an och ëmmer méi Bluttdrock a soss Medikamenter? Hunn déi viregt Regierungen, an Europa, d’Europaparlament, d’Produzenten an Europa an zu Lëtzebuerg motivéiert alles aus Präis Grënn a China an an Asien produzéieren ze loossen? Wien huet hei vun profitéiert a profitéiert nach dovun? Wien ass heifir Responsabel a mussen déi net zur Rechenschaft gezu ginn?

Wat Europa ass a wäert ass si mir och gewuer ginn.

Sinn déi ronn 510 Milliounen « 01/03/2017 » Awunner an Europa net fir Europa a wëssen ënnert anerem de Schengen Accord ze schätzen?

Schafft d’Euroaparlament net géint d’Vollek d’Awunner an Europa, z.B Griicheland an d’Flüchtlingspolitik? Ass d’Politik déi Europa mécht gutt fir seng Awunner?

Brauch d’Vollek, Europa, een deieren Apparat a schaffen déi 700 Europadeputéiert, Politiker, am Interesse vum Vollek, vun den Awunner an Europa ? Schaffen déi 50.000 Beamten dovun der 32.000 fir d’Europaparlament fir d’Awunner ? Huet net grad dat leschten Europaparlament, an dat neit och ënnert der EVP Majoritéit, Wëlles esou virun ze maachen, an z.B. Griicheland mat de Flüchtlingen an de Fraisen am Reen stoen ze loossen a just Strofen verhänke wëll, an och an der Coronakris schéngt d’Europaparlament net virun ze kommen. Si Macron a Merkel eng Gefor fir Europa?

Weist net grad mat dem zoumaache vu Grenzen wat d’Politiker wäert sinn? Hunn eis Noperen net bewisen wat mir fir Sie wäert sinn? Wou sinn hei der CSV hir gutt Relatiounen mat hirer däitscher Duechter Partei CDU an der EVP ? Impfstoffer ginn vu verschiddene Länner fir sech an England reservéiert,. Vive d’Europa Politik! Vive Europa! Schued fir d’Awunner an Europa!

Ass et net un der Zäit aus der Globaliséierung esou séier ewéi Méichlech eraus ze klammen a nees méi national a regional ze Produzéieren, mat Partner op déi een sech verloosse kann? Ass et net un der Zäit nees mat sengen Noperen, der Groussregioun

« Lorraine, Saarland an der Provënze vu Luxembourg  », zesummen déi liewenswichteg Produiten ze produzéieren an derfir ze suergen dass mir hei, géint de Kapitalismus an den Egoismus vu verschidden Lobbyen a Politiker geschützt ginn ? Mussen d’Awunner net éischter un de Politiker zweiwelen ewéi d’Politiker un den Awunner? Zesumme si mir staark! Mat de Politiker?