Et ass gutt a wichteg, dass all Minoritéit, déi zu Lëtzebuerg op di eng oder aner Manéier diskriminéiert oder net voll als gläichwäerteg vun der Majoritéitsgesellschaft unerkannt gëtt, selwer zu Wuert kënnt. Aktuell sinn et déi Bierger vu Lëtzebuerg, déi iwwer hir Hautfaarf als Minoritéit definéiert ginn, also Leit mat enger donkeler Hautfaarf.

Och wann dat, wat ech elo versichen esou kuerz ewéi méiglech auszedrécken, als e "Schwamme géint de Stroum" kann ugesi ginn, empfannen ech awer de Besoin een Aspekt unzeschwätzen, dee mengen ech nach net am aktuellen Debat thematiséiert ginn ass.

Mir mussen oppassen, dass mir elo net en Debat aus den USA importéieren, deen der Situatioun zu Lëtzebuerg net gerecht gëtt. Zu Lëtzebuerg deele mir d'Populatioun net no Rassen an, wéi dat nach ëmmer an den USA offiziell de Fall ass. Esou guer op der progressiver TV-Chaine CNN gi beispillsweis d'Resultater vu Walen no „Race" presentéiert. Wat ech wëll soen: Oppassen, dass mir elo den Debat net „racialiséieren". Et gëtt keng mënschlech Rassen! Punkt! Di Schwaarz-Wäiss-Dichotomie ass simplistesch a passt absolutt net op eis Situatioun hei! An duerfir och net déi genee esou simplistesch Iddi, mat der wäisser Hautfaarf wieren iergendwellech ugebueren an ausschliisslech Privileegie verbonnen. Wann et Privileegien zu Lëtzebuerg gëtt, da sinn déi en Relatioun mam Familljennumm, awer net nëmmen, och soziale Status, Bildungsniveau, Wuelstand, Parteikaart, di richteg Leit an der Famill hunn oder gutt kennen etc., spillen eng Roll.

Ech mengen et kann ee soen, dass di sou genannte „Stacklëtzebuerger" (net all, awer vill) ëmmer schonn d'Tendenz hate Leit, déi „anescht" waren ewéi si, oder déi hinne "friem " virkomm sinn, op Distanz ze halen, si eventuell ze „beschäissen“ (en Nationalsport!), si vläicht esou guer, besonnesch ënner Alkoholafloss, ze beleidegen. Wie kann sech nach un dat Wuert "Wouscht" erënneren? Dat Wuert ass an den 1950er a 1960er Joren, a warscheinlech scho laang virdrun, benotzt gi fir sozial-schwaach „Lëtzebuerger" ze betitelen. An dës grondleeënd diskriminatoresch Denkweis, déi an der Famill transmettéiert gëtt, fënnt ëmmer nei Zilgruppen: emol waren et (oder sinn et) di Sozialschwaach, d'“Zigeiner", d'Italiener, d'Portugisen, d'Kapverdianer, d'Leit vum Balkan, .... An elo sinn et d'Migranten aus Afrika, d'Flüchtlingen, ... Et ass déi grondleeënd diskriminatoresch Denkweis, déi misst an der Schoul thematiséiert ginn. Firwat jugéiert een; firwat stuuft ee Mënschen als méi- oder mannerwäerteg an; maache Leit, déi „anescht" sinn ewéi ee selwer, engem Angscht?; wa jo, firwat ass dat esou? etc.

Fazit: Et sollt een an dësem Debat net Ursaach a Wierkung verwiesselen! An et sollt ee sech net an ee vu baussen importéierten Debat "aspäre" loossen, deen di typesch Lëtzebuerger Problematik net mat abezitt. D'Hautfaarf ass bei eis just ee vu ville méiglechen Déclencheure fir Diskriminatioun an Hate Speech! An déi entstinn aus enger Denkweis, déi an der Famill geléiert gëtt!