Zanter dem 29. Februar 2020 wou zu Lëtzebuerg deen 1.Covid 19 Fall bekannt ginn ass an zanter d’Regierung iwwert Pressebriefingen a Pressekonferenzen regelméisseg mat gedeelt huet a matdeelt wéi et ëm de Covid 19 steet, wéi mir eis solle verhalen, waren des Informatiounen fir mech ëmmer ganz Kloer a liicht ze verstoen och wann se relativ schnell ugepasst hu misse ginn.

Leider muss ech soen, dass Messagen vun der Oppositioun mir vill méi Onkloer an Onverständlech iwwerbruecht gi sinn a nët Novollzéibar waren an et ware fir mech éischter dës Messagen déi mir Onkloerheet bruecht hunn, wann ech nët och déi International Presse wéi TF1 an ARD-ZDF, asw gelauschtert hätt an do Virologen asw no gelauschtert hätt, déi eiser Regierung hier Schrëtt d’selwecht interpretéiert hunn.

Jo, an enger Situatioun wou d’Informatiounen vu Stonn zu Stonn änneren, wou d’Zuel vun den Infizéierten net viraus ze gesinn ass, ass et onméiglech ëmmer an ëmmer um leschte Stand ze sinn an da mussen oft Décisiounen déi virun e puer Stonne geholl gi sinn schnell nees geännert ginn.

Fir mech a mäin Ëmfeld, war an ass dat kee Problem an och Kloer ze verstoen a mat deenen Informatiounen déi ech vun der Regierung kréien a krut, och wann ech net mat där Dréier Koalitioun d’Accord sinn, och ouni Problem ëmzesetzen. Domat well ech awer net soen dass ech dës Covid 19 Infektioun net kréien oder kréie kann.

Ass et net erstaunlech dass just d’Oppositiounsparteien an der Chamber a gewëssen Organisatiounen Schwieregkeeten hunn ze verstoen em wat et geet a wéi Een sech behuele soll?

Ass et net erstaunlech dass déi gréissten Oppositiounspartei Deeg laang an der Chamber an an der Press gejaut hunn dass Caféen misste méi laang opmaachen, Spillplazen opgoen, asw an da géint all Virsicht’s Moossnamen stëmmen ?

Sinn et nët grad verschidde Caféen an deenen hier Clienten déi sech u näischt halen z.B, Dënschdeg 30. Juni géint 19.00 an der Uewerstad vum Palais Richtung Conrot’s Eck wat ech selwer gesinn hunn.

Ass et net Irresponsabel wann Politiker am Pensioun’s Alter an enger Oppositiounspartei et refuséiert d’Covid Gesetz ze stëmmen well se scheinbar d’Ursaach fir dëst Gesetz nët kennen? Abee jo, da froen ech mech wat déi Leit an der Chamber maachen? Villäicht misst een emol nolauschteren wat deen anere seet? Méi Respekt mee kee Verständnes hunn ech fir déi, déi sech beim neie Covid Gesetz enthalen oder dergéint gestëmmt hunn.

Ass et net erstaunlech dass egal wat am Fall Covid 19 vun der Regierung, deelweis op Drock vun der Wirtschaft, Associatiounen, Gewerkschaften a vun der Oppositioun, décidéiert gëtt, ëmmer negativ Kommentare gemaach ginn? Kommen dës negativ Kommentaren net meeschten Deels vun, Vertrieder oder Spriecher vun Organisatiounen, Gewerkschaften asw , vu Leit, déi der CSV no stinn?

Hu mir net och haut nach Gesetzer déi iwwert déi läscht 40 Joer gestëmmt gi sinn déi d’Strooss net halen a wou vill méi Zäit war eng genee Analyse ze maachen éiert d’Gesetz déi Zäit gestëmmt ginn ass, wéi am Moment an dëser Covid Zäit een Text muss geschriwwe ginn dee Mar schonn erneiert misst ginn ?

Mat allem Respekt vis a vis vun ALL Politiker, an där Sanitärer Situatioun wou mir an d’ganz Welt am Moment sinn, kann ech esou eng Oppositioun guer net gutt heeschen a virun allem net verstoen a matdroen.

Hei geet ëm d’Gesondheet vun eis ALL, jo, ëm eist Liewen, ëm eis Zukunft. Do geet et drëm dass mir ALL zesummenhalen an un engem Strang zéien. Hei brauche mir jidderengem seng Kenntnisser, Meenung a virum allem de Respekt Een vis a vis vun deem Aneren, Deenen déi am Interesse vun eis ALL probéieren déi beschten Décisiounen ze treffen, Décisiounen wou keen déi richteg Léisung huet, an Situatiounen déi vu Stonn zu Stonn änneren, och d’Oppositioun huet hei keng Äntwert.

Ass et net esou, dass déi gréissten Opposition’s Partei CSV , sech scheinbar méi wëllt abréngen a méi Gehéier wëllt kréien an där Covid Zäit. Wär et dann do net eng Éier an eng Flicht fir d’CSV am Interesse vum Land, dass d’CSV kéint der Regierung hëllefen andeems Sie bei hirer Duechter Partei CDU an Däitschland, der Madame Merkel, ze intervenéieren dass déi Sperungen vir Lëtzebuerg kéinten opgehuewe ginn a Lëtzebuerg vun där omiséiser Lëscht géing erof geholl ginn?

Wann ech mech net ieren, huet dee fréieren Staatsminister Juncker méi ewéi eng kéier sech fir d’Madame Merkel an aner CDU Politiker an Däitschland missen asetzen.

Sinn dës gutt Relatiounen mat Däitschland elo wou d’CSV keng Führung a kee Leader méi huet an all gudden Dag een aneren CSV Politiker am Radio oder Fernseh seng Meenung mat deelt net méi do?

Ass et nët un der Zäit dass d’CSV, an och aner Parteien, un eng Erneierung denkt an denken an all déi déi iwwer 55 Joer sinn duerch méi Jonk Leit, Politiker ersetzt? Leit déi hiét Liewe mussen Organiséieren, déi Jonk haut mussen Iwwerliewen, 2 Paien, Deier Schold oder deiere Loyer, Onbezuelbaren Wunneng’s Raum, Appartementer oder Haiser ouni Terrasse an oder Fräiraum, Aarbecht’s Onsécherheet, an Aarbechtslosegkeet, Famille Planung, asw. Sinn hei déi aktuell iwwer 55 Joer Politiker nach déi richteg Léisung?

Gehéiert Een nët an der fräier Wirtschaft mat 55 Joer zum alen Eisen, ass dat nët ëm sou méi Wouer an der Politik?

Brauche mir elo net eng Chamber déi zesummenhält?

Si mir nët ALL, d’ganz Welt eng Maskotjen vum Covid 19?