Am Mäerz an Abrëll huet e nach héieren: „Mir sinn inklusiv… mir schütze grad déi Schwächst…“ Elo awer heescht ët engersäits „Bucht nach dëse Weekend äre nächste Citytrip mat LuxAir-Tours, … Parking a Reesversëcherung si geschenkt“ oder „Renovéiert bis den 31/03/2021 äert Haus“. Aanerersäits gesäit d’Realitéit fir eeler a behënnert Leit alles aanescht wéi normal aus:

-          Stolperfaale virun öffentleche Gebeier spriesen aus dem Buedem wéi Pilzen, obwuel se ongeféier genau sou wirksam geent CoViD19 si wéi dem selbst-ernannten Dr. Trump säin Hydroxychloroquin; jo fir blann Leit kann daat um Bord vun enger Stroos oder an Traape liewensgeféierlech ginn. Och mat der elo scho méintelaanger Immobiliséierung vun den eelere Leit ass daat esou eng Saach, déi dach aus stoffwiessel- a muskulärmedizinescher Hisiicht éischter fragwürdeg ass!

-          Och mam Recht op Informatiounen iwwer medizinesch Agrëffer / Tester resp. dem gläichberechtegten Zougang dozou huele mir ët nët méi sou genau… Wa mir ët dann iwwerhapt eng Kéier praktizéiert hun: Deleschte Méindeg ass hei am Blannenheem am Cader vum L.I.H. sengem „large scaled testing“ oder awer un der Santé (sou genau gëtt daat wéi gesoot nët geholl) e PCR-Test gemaach ginn, bei dem ech aus Solidaritéit vun de Matbewunner vun mënger Résidence (Hertha Winandy) matgemaach hun, mais Resultater goufen eis bis haut keng communizéiert, a scho guer nët an accessibler Form, wéi daat laut Artikel 9, 21 a 27 vun der UN-Behënnerterechtskonventioun eigentlech säit 2008 virgeschriwwen ass, a säit 2011 och gültegt Recht zu Lëtzebuerg sollt sinn (Doc. Parl. 6141; Mémorial A169 vum 9 August 2011). Nee, trotz vill beschwurener Digitaliséierung an obwuel ët mat VoiceOver an aanere Screenreader scho längst perfekt Hëllefsmëttel fir blann Leit gëtt, heescht ët bei perséinlecher Nofro „mir faxen daat un d’Infirmerie“. Klëngt ongeféier wéi mat der Damplok iwwer TGV-Schinnen tuckeren… Ech fir mäin Deel gin dovun aus dat trotz der „présomption du mal“ déi am Moment erëmm Moud gëtt mäi Resultat negativ woor.

-          Zulescht nach eng einfach Fro: Wéivill Mool goufe mir, betraffe Leit, sou wéi ët an Artikel 4.3 vun der UN-Behënnerterechtskonventioun virgeschriwwen ass an d’Entscheedungen zur Coronapolitik mat agebonnen? Dat den 12 a 15/03 villes séier huet misste goën ass eng Saach, mais mir schreiwen elo den 1. August, an ët gëtt zanter Oktober 2013 e Wahlversprieche vu perséinlecher Assistenz, zanter Enn 2018 eng Gesetzespropositioun fir d’Accessibilitéit vun de Gebeier an och zanter Januar 2020 een Aktiounsplang deen daat alles ëmsetze soll.

FAZIT: Soulang daat alles Theorie bleiwt hu mir näischt aus dëser Krise geléiert. Mir, Leit mat Behënnerung si nët vulnérabel, nee mir gi vulnyrabel gehaalen, well eng Minoritéit bestehend aus 100% soi-disant „validen“ Décideuren sech déi Zäit nëmmen u kurzfristegen Infektiouns- a Konjunkturzuelen orientéiert a léiwer vun uewen eroof mat enger „présomption d’incapacité: [déi kënnen ët jo nët]“ an „de culpabilité: [déi Jonk an hir wëll Partyen]“ operéieren!