D’FAL huet 5 Kanner duerch hir Vakanz am Mariendall begleet.

Fir d‘Fondation Autisme Luxembourg (FAL) besteet keen Zweiwel: och trotz der aktueller Ausnamesituatioun, déi de Coronavirus ausgeléist huet, muss dat séilescht Wuelbefanne weiderhi garantéiert sinn.

Nodeems d’Personal déi aktuell Situatioun am Land grëndlech analyséiert huet an och den Avis vun den Eltere gefrot huet, huet d’Fondatioun sech dozou entscheet, och dëst Joer hir geplangte Vakanzewoche stattfannen ze loossen. Fir dass awer am Noutfall schnell ka reagéiert ginn, gëtt d’Ekipp op der Plaz zu all Moment iwwert déi aktuell Situatioun am Land informéiert. Dës Vakanzen erméiglechen de Persoune mat Autismus, nei Bekanntschaften ze schléissen, sech ze entspanen a Spaass ze hunn.

De Service “Loisirs” gouf haaptsächlech gegrënnt, fir deenen Elteren, déi hiert Liewen hirem Kand gewidmet hunn, ënnert d’Äerm ze gräifen a si e puer Deeg vun hirer grousser Responsabilitéit ze entlaaschten. Grad elo wärend der Kris waren dës Eltere 24/7 fir hir Kanner do an hate keng Zäit méi fir sech. Wéi eng Mamm vun de Kanner beschreift, erméiglechen hir dës Deeg, sech ze entspanen an zur Rou ze kommen, ganz ouni e schlecht Gewësse mussen ze hunn: „Ech weess dann dass mäi Kand eng schéin Zäit verbréngt, an enger Vakanz, déi op seng Bedierfnesser ugepasst a gutt encadréiert ass. Och wann ech matkréien, mat wéi enger Leidenschaft an Häerzblutt sech d’Educateure vun der FAL ëm d’Kanner këmmeren, weess ech, dass ech hinne mat rouegem Gewësse mäi Kand uvertraue kann. A wann mir eis dann no enger Woch nees rëm gesinn, hunn ech erëm méi Kraaft, fir kënnen déi Mamm ze sinn, déi ech wierklech wëll sinn.“

An lescht Woch war et dann och souwäit:

Vum 26. bis den 31. Juli hunn 2 Educateuren an 1 Auxiliaire de vie vun der FAL 5 Kanner op hirer Auszäit vun Doheem begleet. Zudeem läit et der FAL um Häerzen, den ageschriwwene Kanner ronderëm d’Auer (24/7) eng 1 zu 1 Betreiung kënnen ze bidden. Heivir krut all Kand säi ganz perséinleche Begleeder, deen e Benevolat bei der FAL mécht. Oft handelt et sech hei bei ëm Studenten, déi hir Schoulvakanz fir nei wäertvoll Erfarungen notze wëllen. Fir dass d’Elteren am Noutfall schnell konnten op der Plaz sinn, gouf dës Vakanz am Mariendall, am Mierscher Kanton, organiséiert. Hei am Zentre vum SNJ (Service National de la Jeunesse), hu si den Ufank vun hirer Summervakanz verbruecht.

Fir déi mat COVID-19 verbonne Risiken op e Minimum ze reduzéieren, gouf dorop Wäert geluecht, dass all virgeschriwwe Sécherheetsmoossnamen, wéi beispillsweis dem heefegen Hännwäschen an d’Droe vun enger Schutzmask, agehale ginn.

Zudeem goufen all geplangten Ausflich esou organiséiert, dass zu all Zäit en Sécherheetsofstand zu anere Persoune garantéiert war. Heivir goufen all iwwerfëllte Plazen, wéi beispillsweis e Besuch am Restaurant, evitéiert.

An trotz dass da verschidden Ausflich hu missten ofgesot ginn, war awer ëmmer fir Jiddereen eppes dobäi. Vun engem gemittleche Spadséiergang mat engem ofschléissende Barbecue bis hin zu Nervenkitzel am Kloterpark, hei ass Jiddereen op seng Käschte komm.

Zudeem gouf däitlech, wéi wichteg den 1 zu 1 Soutien ass. Sou konnt ee beispillsweis e ganzt kloert Vertrauensverhältnes tëschent dem Kand a sengem Accompagnateur erkennen. Mat sengem perséinleche Begleeder huet d’Kand zu all Moment eng Persoun, un déi et sech riichte kann. Et war deelweis richteg schéin ze gesinn, wéi bannent enger sou kuerzer Zäit, esou staark Bindungen entstane sinn, wéi och enger Educatrice vun der FAL opgefall ass: „Mir haten ee fräiwëllege Begleeder an ee Kand an dëser Kolonie dobäi, déi sech wierklech fonnt hunn. Dass eigentlech schued, dass déi eng Woch ëmmer sou schnell ëmgeet, nodeems si sech grad esou gutt unenee gewinnt hunn.“

Wou d’Elteren hir Kanner no deene 6 Deeg erëm konnte siche goen, ware si frou ze gesinn, dass alles gutt an a Sécherheet ofgelaf ass. Och wann d’Kanner sech gefreet hunn, rëm zréck bei hir Elteren ze kommen, hunn si awer och hir Zäit mat hiren neie Frënn aus der Kolonie genoss a freeë sech schonn op déi nächst Vakanzewoch mat der FAL.

Och d’Ekippe vun der FAL si frou, dass si de Kanner trotz der aktueller COVID-19 Kris eng schéi Vakanz mat flotten Aktivitéite konnte bidden. Wéi eng vun den zwou Responsabel eis verroden huet, war et déi schéinste Vakanzekolonie säit Laangem: „Ech hat wierklech scho laang net méi esou eng schéi Kolonie, d’Kanner hu sech all super matenee verstanen, si waren einfach esou Engelen. Dëst louch awer och drun, dass mir dës Kéier ee Vakanzebegleeder méi dobäi hate wéi geplangt. Dëst huet eis Educateure wierklech vill Aarbecht a Suergen ofgeholl. Mir si wierklech dankbar, fir all déi Ënnerstëtzung, déi mir vun de Benevolle kréien. Et war eng richteg schéi Vakanz.“

Mir si scho gespaant op déi nächst Vakanzen an hoffen, vill Kanner a fräiwëlleg Begleeder schnell erëm ze gesinn!

Weider Informatiounen iwwert d‘Vakanzewoche fannt Dir op eiser Websäit ënnert https://www.fal.lu/dienste/fal/ferienwochen/

*D'Jodie Schmit schafft am Service Kommunikatioun vun der Fondation Autisme Luxembourg (FAL).