Säit zirka 5 Méint gi mir deeglech mat villen Informatiounen iwwert de Covid19 konfrontéiert a mat enger Mass un Zuele reegelrecht bombardéiert.

Bei esou engem komplexen Theema wéi der Corona-Pandemie ass et net einfach en Iwwerbléck ze behalen, zemools d'Informatioune reegelméisseg changéieren.

A menger Praxis sinn ech deeglech mat Leit a Kontakt, déi entweeder onsécher, gestresst sinn oder esou guer Panik hu virum Virus, ë.a. well eis hei am Land vermëttelt gëtt, dass mer vill Doudeger hunn a weiderhi vill Fäll behalen. • Vill Doudeger ? Ass de Coronavirus geféierlech ? Jo, fir eeler Leit a mat Virerkrankungen esou guer déidlech (iwwregens de Grippevirus och, deen all Joers erëmkënnt a wou sech ëffentlech nach ni déi Fro gestallt ginn ass !). Um Stand vum 7.8.2020 sinn zu Lëtzebuerg 120 Leit um oder mam Coronavirus gestuerwen. Déi deeglech Doudeszuelen, déi mer kréien, soen awer net vill aus, wann ee se net an e Kontext setzt : 120 Leit sinn an de leschte 5 Méint mam Coronavirus gestuerwen. Wa mer eis statistesch Doudeszuele vun 2017 ukucken ( 'extrait des statistiques des causes de décès pour l'année 2017') da sinn ongeféier an deem gläichen Zäitraum zu Lëtzebuerg 1660 Leit gestuerwen, dat mécht e Corona-Doudeger-Undeel vu 7,2% ! (dat ass e Maximalwäert, well do och Leit dobäi sinn, déi MAM an net UM Coronavirus gestuerwen sinn). Hunn déi 92,8% aner Doudeger net grad esou vill Opmierksamkeet verdéngt ?

Weltwäit si mëttlerweil offiziell 720'000 Leit (Stand 7.8.) um Coronavirus gestuerwen, woubäi säit Ufank des Joers 35,4 Millioune Leit ëmkomm sinn (wat normal ass bei enger Weltbevëlkerung vu 7,8 Milliarden) : dat mécht e Prozentsaz vun 2,05% Coronadoudeger ! Ob dat der elo wéineg oder vill sinn, soll jidderee fir sech entscheeden.

• Et gëtt gesot, mir hätte weiderhi vill Fäll ! Jo mir hunn der vill méi am Verglach zu eisen Nopeschlänner ! Och do soll een Zuelen an de Kontext setzen : wann ee Lëtzebuerg mat Däitschland vergläicht an der Woch vum 27.7-2.8. da fält op, dass a béide Länner knapp 1% vun de geteste Leit positiv sinn, just dass mir op 100'000 Leit zirka 16 mol méi Fäll hunn an interessanterweis ongeféier grad esou vill méi getest hunn !

Fazit : béid Länner hu vergläichbar vill Kranker, woubäi an Däitschland mat sengen 83 Milliounen Awunner laut Robert-Koch-Institut d'Zuele weider 'auf niedrigem Niveau' leien !

Interessant wier et och eng Käschten-Notzen-Analys vun de sëllegen Tester ze maachen, déi eis bis elo ongeféier 36 Milliounen Euro kascht hunn (600'000 x 60 Euro pro Test), déi eis eng Astufung vu 'Risikoland' an Europa abruecht hunn mat negativem Impakt op den Tourismus, woubäi de medezinesche Benefice onkloer ass, well mer jo um selwechten objektiv niddregen Niveau leien ewéi Däitschland, dat vill manner test.

All Bierger huet e Recht op neutral a méi objektiv Informatiounen, déi an e Kontext gesat ginn, e Recht op Käschten-Notzen-Analyse bei groussen Ausgaben an ech géing mer perséinlech eng gréisser ëffentlech Meenungsvielfalt zu deem Theema wënschen !

Also wannechgelift keng Panik !

Dr Kohl Laurent, Esch-sur-Alzette