Am Oktober 2018, hu mir ob der Musel an de Wéngerten eise Chalet duerch bewisene Vandalismus a Brand gestach kritt.

Am Mäerz 2019 hu mir dunn eng demande de reconstruction un den zoustännege Ministère gemaach ,well eise Chalet an enger Zone verte stoung ob enger Betonsdalle vu plusminus 250qm, dat Ganzt war an de 70 Joren mat  Pabeieren, Geneemegung asw opgriicht ginn.

An der Hoffnung, dass e mir do eng positiv Äntwert sollte kréien, hu mir awer dunn direkt ugangs Mee eng Ofso kritt.

Juni 2019 hu mir dann eng demande en recour gracieux un de selwechten Ministère geschéckt, op déi mir Enn Juli 2020 erëm eng negativ Äntwert kritt hunn.

Dat war dann 1 ganzt Joer waarden a waarden, an telefonéieren bis Leitunge waarm gi sinn, fir all Keiers erëm näischt gewuer ze ginn.

Kuerz definéiert:

En Chalet dierf net méi, e Gaardenhaischen dierf.

Léif Lieser, kann dir mir villäicht soen, wat mir hei falsch gemaach hunn, fir d'éischt erëm opriichten an dann ufroen, oder opriichten an da waarden bis eee reklaméiert, mir wëssen et selwer net.

Et geschéien esou vill Saachen an eise Gréngzonen, wou ee sech net ka virstellen, awer wéi gesot, mat Relatioun geet et, oder wann een da Famill iergendwou setzen huet, déi eppes ze soeen huet.

Gréng wierkt, géint den People hei baussen, awer net fir hiren People.

Ech soe Merci fir Interesse um Liesen an hoffen ob e puer gutt Kommentarer.

MBG Belli Marc