Net schlecht gestaunt! Ech wunnen zanter 10 Joer an der Stad. Ugangs der Woch sinn ech mat menger Fra, wéi esou dacks duerch d’Stad gefuer, fir op enger vu ville flotten Terrassen iessen ze goen. A well ech am Parking Knuedler keng Plaz fonnt hunn, wollt ech an den nächste Parking, de Parking Theaterplaz weiderfueren. Virun der Spuerkeess si mer dunn awer, zum groussen Erstaunen, vun der Police ugehale ginn. Iwwert d’Aart a Weis an den Toun, dee jo bekanntlech d’Musek mécht, schwätze mer net ...

"Kënnt dir keng Schëlder liesen", si mer gefrot ginn, esou wéi eng streng Joffer hir Kanner an der Schoul freet.

Eis war effektiv net bewosst, datt zanter Ugangs August, déi Strooss laanscht de Knuedler erop, als Testphas ewell eng Foussgängerzon ass. Elo wësse mer et!

Ënnert dem Bléck vu villen ameséierte Leit op den Terrassen vun 2 flotte Caféen, déi deem Spill scho méi laang nogekuckt hunn, krute mer dunn erkläert, datt, déi Schëlder, déi drop hiweisen, datt do effektiv eng Foussgängerzon wier, net do wieren, "fir schéin ze maachen".

Zanter gutt 2 Woche gëtt kee Gelänner bei der bekannter Librairie AN d’Strooss gestallt, fir d’Automobilisten dovun ofzehalen, eropzefueren ... et steet niewendrun.

D’Leit gi reegelrecht an d’Fal tappe gelooss.

En onnéidegt Kaz a Maus Spill matten an der Stad, am “Summer Doheem”. Schued!