Kanner brauchen e Virbild, heescht et gären, fir datt si sech am Liewen orientéiere kënnen. Duerfir kämpfe besonnesch d‘Reliounen, selwer e Fouss an d‘Schoul setzen ze dierfen, fir geziilt ze orientéieren. A mir wëssen, jee no deem, wéi dat virgelieft Virbild interioriséiert ginn ass, sou d‘Kand, a besonnesch dee Jugendlechen, sech och manifestéiert, an, a gewësse Situatioune reagéiert.

Leider kann een awer als Erwuessener spéider duerchaus unecken. Besonnesch dann, wann een sech senger eegener Virbildfunktioun net bewosst ass oder se demonstrativ am falsche Moment sou beschiedegt, datt ee selwer net méi glafwierdeg eriwwer kënnt.

Eisen Ausseminister, deen op der internationaler Bün gäre virbildlech d‘Migratioun ënner all hirer Aspekter fërdert, a vehement verbal déi Leit uprangert, déi him géint de Stréch ginn, dobäi bei soss Sujeten am eegene Lager awer Scheiklappen undeet, mengt dann, hir bräicht sech net géint de Corona-Virus testen ze loossen, well hien aus engem Land kënnt, wou keng Gefor besteet, sech unzestiechen, an dat mat Frankräich zugläich net op enger Lëscht ugefouert gëtt, woubäi d‘Zuele vun den Infizéierten do awer net no Null tendéieren.

Dobäi ass elo kuerz en ireschen EU-Kommissar zeréckgetrueden, well deen, zwar op sou enger formeller Reunioun, kee Mask unhat.

Eis „Masken-an-Test-Géigner“ wäerten eisem Ausseminister zoujubelen, an hien als Beweis uféieren, hien, deen international bewisen huet, datt een sech net op de Corona-Virus muss teste loossen, wann een dat net fir noutwenneg hält.

En hätt jo duerchaus seng kritesch Bemierkunge medial kënne verbreede loossen, fir dann demonstrativ ze beweisen, wéi wichteg hien sou en Test dach hält, fir esou och net seng Parteikolleegin ze desavouéieren, déi mat aller Méi versicht, d‘sozialistesch Partei dobaussen erëm e bëssen ze valoriséieren, dat, duerch hiert perséinlecht, a fir vill Leit iwwerzeegend, Engagement.

Sou hiewen sech da géigesätzlech wierkend Kräften op. Net nëmmen an der Physik! Dat heescht, d‘sozialistesch Partei kritt et erëm méi schwéier, dobausse glafwierdeg opzetrieden, a spillt esou aneren an deenen hir Kaarten.

Dank deem, deen erëm besser gehat hätt, och hei net opzefalen.