Muncher een erënnert sech nach gutt drun, wéi den deemolegen LSAP-Transportminister Lucien Lux am Joer 2007 déi historesch Reform vun der Autossteier ëmgesat huet. D’Quittung vir dee Kaddo krut de Minister prompt bei de nächste Walen am Joer 2009. Säithier gëllt d’Autossteier als waarm Gromper un där sech bis elo kee Minister méi wollt d’Fangeren verbrennen. Bis haut charakteriséiert sech eis Autossteier allerdéngs virun allem duerch hir dach awer zimmlech arbiträr Zich. Dorun huet och dem Lucien Lux seng Reform näischt geännert.

Zu Lëtzebuerg baséiert déi sougenannt taxe sur les véhicules routiers eesäiteg um CO2-Ausstouss vun engem Gefier, deen um certificat de conformité européen, kuerz EWG oder och nach COC, uginn ass. Esou en certificat de conformité ass allerdéngs eréischt säit 2001 vir Persouneween virgesinn. Dat bedeit, datt et vir Ween, déi virun 2001 vir d’éischt ugemellt gi sinn also keng Basis gëtt vir d’Autossteier unhand vum CO2-Ausstouss ze berechnen. An deem Fall gëtt eng Formel ugewannt, déi weiderhin, esou wéi et virun 2007 Usus war, den Hubraum vum jeeweilege Won berécksiichtegt. De Präis variéiert da gestaffelt a Form vu Plaffongen.

Autoen déi iwwer 25 Joer al sinn, ginn hirersäits bis haut uniform mat 25,-€ pro Joer besteiert, well si als Oldtimer consideréiert ginn, an dat ouni Kilometerlimite. Wann ech mir also vir den Alldag e robuste Klassiker aus den 80er oder fréie 90er Joren zouleeë, da sinn ech souzesoe Gewënner op der ganzer Linn. Säit der Reform vun 2007 a bis 2013 gouf et dann och nach eng Reduktioun vu 50€ pro Joer bei der Autossteier vir dee jéinegen dee sech en Diesel mat Partikelfilter zougeluecht huet. Dieselfuere war richteg bëlleg – a politesch erwënscht. Net seelen waren absurd niddreg Montanten pro Joer un Autossteier fälleg. A Betruecht gezu goufen exklusiv CO2-Ausstouss an d’Presenz vun engem Partikelfilter beim Diesel. Dat war sengerzäit politesch ëmweltfrëndlech... den Ausstouss vu Stéckoxid beim Diesel – kuerz NOx – huet keen interesséiert.

Grotesk, datt et elo genau déi vum Staat subventionéiert Diesel-Ween sinn, déi haut därmoossen an der Kritik stinn a mat deenen ee riskéiert aus esou munche Stied ausgespaart ze ginn. Dat obwuel och schonn deemools den NOx-Wäert um COC ugi war, an d’Geforen vum NOx och deemools scho bekannt waren. Ausserdeem goufe Keefer vun Autoen, an der Reegel eben Dieselen, mat manner ewéi 120 Gramm CO2-Ausstouss pro Km mat enger eemoleger staatlecher Prime CARe vu mindestens 750,-€ beim Kaf encouragéiert.

Egalwéi gëtt hei am Land also ëmmer nach just de Besëtz vun engem Gefier besteiert, a net di tatsächlech Usure an domat di reell Pollutioun. Dat ass weder sozial, nach ekologesch.

Dëst erkläert beispillsweis och, woufir Elektroautoen änlech arbiträr besteiert gin ewéi Ween mat engem Verbrennungsmotor. Hei läit de minimale Betrag bei 30,-€ pro Joër. Elo wou eng ekologesch Autossteierreform am Raum steet, wär et deemno un der Zäit déi Tatsaach endlech ze änneren an op de Wee vun enger realistescher a gerechter Autossteier ze goen. Hautzedaags, wou beispillsweis d’Stroumcompteuren doheem schonn autonom de Verbrauch vun all Eenzelnen vun eis un de Fournisseur schécken, wär et wuel net schwéier e geeicht Modul an all zu Lëtzebuerg immatrikuléierten Auto ze placéieren, dat di reell gefuere Kilometer un di zoustänneg Verwaltung iwwermëttele géif. Et kann ee sech deemno och froen woufir bei der technescher Kontroll, Kéier vir Kéier d’Kilometer opgeschriwwe gi, soss awer weider net vill mat deenen Donnéeën geschitt.

Esou kéinten déi eenzel Facteuren wéi CO2- an NOx-Ausstouss, respektiv gefuere Kilometer matenee verrechent ginn an d’Autossteier doropshin erhuewe gin. Et wär dann och denkbar, zousätzlech e soziale Critère bei der Steiererklärung anzeféieren, andeem ee, jee no Verdéngscht, Menage an anere Facteuren zumindest deelweis nees kéint entlaascht ginn. Well et sin net seelen d’Niddregverdénger déi hei am Land op den Auto ugewise sinn, well si duerch di horrend Präisser um Immobiliëmarché ebe grad oft net d’Méiglechkeet hunn an direkter Noperschaft vun hirer Aarbechtsplaz an de Comoditéiten ze wunnen.

Philippe HOFFMANN