Laang Zäit krute mer gesot, wat mer ze denken, ze soen an ze schreiwen hätten. Sou ass een zum Verdeedeger an zugläich Protagonist vun enger konformistescher Gedankewelt (gemaach) ginn. Déi huet dunn d‘Opklärung, awer besonnesch d‘68er-Bewegung, kräfteg opgerëselt a fatzeg entwurrelt.
Sou läit een haut richteg, wann een zwar riets op der Strooss fiert, dat am beschten um Vëlo, mam Kapp awer lénks denkt a steiert. Och muss ee schwätze, wéi d‘Minoritéiten et ëmmer méi oft verlaangen. Jäizen, brëllen an dreeën ass e praktescht Kommunikatiounsmëttel ginn. Di Kleng fänke scho mat den Elteren un, déi dat toleréieren.

Gedanke kënnen ustiechen, zum Laffeier ginn, an d‘Konsequenzen dramatesch sinn! Dat wossten déi Reliéis ganz séier. De schicksalhaften, historesch-traurege Verlaf vu Wëssenschaft a Philosophie, ass mat der Zäit dozou dee beschte Beweis ginn: Exil, Exkommunikatioun, Exekutioun.

D‘Wëssenschaft huet sech missen aus dem reliéise Kontext befreien, aus deem se eigentlech hier kënnt. Kloer ass se du méi fräi ginn a konnt a Gebitter virdrängen, déi er virdru verbuede waren. An haut, ass déi akademesch a wëssenschaftlech Fräiheet nach sou fräi, wéi se et deemools ginn ass? Mat „lénksem“ Gedankegutt schéngt dach alles haut méiglech, alles erlaabt ginn ze sinn.

Op den Unie ginn et komescherweis erëm där Wiechter, haut och där säkular studentescher, déi agräifen, sou bal e Wëssenschaftler (m/w) soll optrieden, deem seng „Iddien“ net an de soziale Kontext passen, fir datt „deen“ nëmmen net d‘Wuert ergräife kann. Oft endegt domat dee professionelle Liewenslaf vun der sou diskriminéierter Persoun. Haut wëssen d‘Studente schonn alles besser, iert se mol mat hire Studie fäerdeg sinn, wann se déi dann zum Ofschloss bréngen!

Wou, wann net op der Uni, grad an deem Milieu, wou d‘Iddie bekanntlech fräi an offen diskutéiert misste ginn; der spruddeleg studentescher Liewensweis gläich, jo, wou dann nach soss, kann et zu der geeschteger, intellektueller Konfrontatioun kommen? Wier ‚68‘ iwwerhaapt méiglech ginn, ouni Uni?

Wéi an der Zäit di Reliéis, sou bestëmmen haut oft Atheisten an Agnostiker wou et hi geet, no dem Motto: Wien d‘Begrëffer bestëmmt an definéiert, deem gehéiert d‘Politik! Wann awer déi Fäegkeet, sech mat „aner“ Gedanken ausenee setzen, net méi geléiert a geüübt gëtt, da fale mer erëm zréck an e para-reliéisen Dirigismus an Dogmatismus; e Radikalismus, en Extremismus, deen ëmmer méi lächerlech gëtt, fir dann dach bedreelech auszeaarten.

Si mer net erëm do ukomm, vu wou mer komm sinn: Exil, Exkommunikatioun, Exekutioun?

Op där aner Säit, a wat fir enge Medie kéinten dann iwwerhaapt kontrovers Opfaassungen, diskutéiert ginn? Wou ginn se haut net ‚kontrolléiert‘, oft schonn iert se publizéiert ginn? Op wat fir engem Punkt hält eng Diskussioun op, gëtt se ënnerbrach, ouni mol eng Persoun „unzegräifen“?

Der CSV ass de „gliesene Mënsch“ virgeworf ginn, well déi ë.a. méi Kamerae wollt opstelle loossen, fir d‘Klengkriminalitéit besser an de Bléck ze kréien. Haut soll et den „anonymme Mënsch“ ginn, deen an der Mass ënnergoe muss.

Sou huet se da misse mol gedanklech entstoen, eng Publikatioun, wou intimidéiert Wëssenschaftler ënner Pseudo och hir Aarbecht publizéiere kënnen, peer-reviewed, gratis a fräi zougänglech. Dobäi geet et net ëm eng Kontrovers, fir Iergernes ze produzéieren, oder Lénksextremen e Sproochrouer ze erméiglechen, där ginn et der schonn, genau wéi fir déi Rietsextrem, mä, ëm d‘Méiglechkeet, dach ze publizéieren, wat soss net méiglech wier. Kloer, datt munch ‚Editeur‘ selwer publizistesch mol ëmstridde war/ass, a sou weess, ëm wat et geet, an dobäi professionell selwer fest am Suedel sëtzt. D‘Publikatioun soll jo net eng Fal gi fir d‘Auteuren, déi wëlle mat maachen.

Am Laf vum September soll dann elo deen éischten Entworf erschéngen, „The Journal of Controversial Ideas“, mat selwechter Homepage.

Wënscht de Premier sech net eng "diversifiéiert" Press? Sou geet säi Wonsch dann an Erfëllung, wann och am Ausland.