Wat do, op deene puer Hektar an de leschte 25 Joer gedréint huet, dat geet op keng Mamuthhaut ! Den Detail ass esou onappetitlech wéi vill Immobilientricken; schéngt dann elo ‘op de Potti‘ ze kommen’. Et soll hei ower net ëm déi Aremséilegkeet goen, mä ëm den Numm. ‚Place de l‘Étoile‘ stäipt sech op den Numm vum fréiere Citroëns-Garage ; dat ass an der Rei a soll och esou bleiwen… och wann e Verglach mat deer beim ‚Arc de Triomphe‘ zu Paräis ze blatzeg wier.

Wéivill wëssen der ower, datt 200 Meter lénkersäit vun der Strooss fir erop op Stroossen deen ‚hellste Stäer‘ vun der Lëtzebuerger Resistenz gebuer guff an opgewuess ass: de Raymond Petit? Hien huet als jonke Kärel 1940 zu Iechternach an der ‚Boulette‘ mat e puer Frënn d’LPL gegrënnt; de Widerstand géint de ‚Referendum‘ vum 10. Oktober 1941 uechter d’ganzt Land mat organiséiert, deen och eeriicht op de Streik vun 1942 gewisen huet; hie war méintelaang vun der Gestapo gesicht a gehetzt; huet all Dag éierens anescht geschlof… bis d‘Gestapo de Raymond zu Consdorf an enger Scheier agekesselt hat. Nodeem hien sech mam Revolver an der Hand géint d’Nazië gewiert huet, guff et keng Méiglechkeet méi, fir fortzekommen… hien huet sech mat senger leschter Kugel selwer erschoss, fir keen an näischt ënnert der Folter ze verroden.

D’Fransousen hunn dem Guy Moquet – dee mat 17 Joer Resistenz-Flyeren ausgedeelt hat an erwëscht gi war – zesumme mat en etlech aneren erschoss. A sengem leschte Bréif u seng Elteren huet hien hinne virun senger Exekutioun dramatesch äddi gesot. Dee Bréif guff als Beispill fir Patriotismus op Schoulprogramme gesat. D’Stad Paräis huet eng kilometerlaang Avenue ‚Guy Moquet‘ gedeeft!  Wéi ass et dann an deem Sënn mat eisem Raymond Petit, dee joerelaang aktiv Resistenz opweises hat an sech bewosst fir Lëtzebuerg geaffert huet?

D’Kräizung vun der Areler-, der Rollenger- an Goebel-Strooss hätt d’Plaz fir e ‚Squaire‘ a giff d’Geleeënheet  fir dem Raymond Petit endlech déi Éier ze ginn, déi eise gréisste Resistenzler verdéngt huet. Sollt dat net de Fall sinn, da kënnte mir äis vläicht och am Fong eng ‚Journée de la Commémoration nationale‘ spueren. Hei sinn eise Staat an d’Stad Lëtzebuerg gefuerdert; eis Chamber misst sech ower ganz bestëmmt am Numm vun eiser ‚Mémoire collective‘ drëm bekëmmeren!

Lex Roth