Biller ewéi déi vun de Fans vun Tillburg suergen dach fir Onmutt. Et gëtt Mesuren déi hei am Land gëllen a mir liese jo och ewéi déi zum Schutz vun eise Bierger ëmgesat ginn. Oft liese mir vu Protokoller an och opgeléiste Partyen.

Gëschter sollt dat aneschters sinn. Méi ewéi honnert (anerer soen 300) hollännesch Fans konnten sech am schéinen Uewerkuer versammelen an eendeiteg ouni social distancing a Masken.

Dass d'Fans net hunn dierfen an de Stadion ass eng Uefa Entscheedung. Perséinlech mengen ech awer, dass een do méi Uerdnung gehat hätt. Bon dat war jo net erlaabt, mee da stellt sech d'Fro firwat sech scho Stonnen virum Match esouvill Leit versammele konnten a et einfach lafe gelooss gouf. Wärend dem Match konnten se nach bengalesch Feieren zünden, natierlech hannert dem Stadion.

Dëst féiert natierlech zu Onverständnis. Mesurë ginn ignoréiert, eis Ëmwelt visiblement verknascht. A da kennt nach dobäi, dass Holland a verschidde Länner als Risikogebidd agestuuft ginn ass. Mir erënneren eis jo awer, wat dat fir eis bedeit huet.

Esou muss een sech leider d'Fro stellen op di néideg Moossnamen ergraff goufe fir esou en Event? Uewerkuer ofspäre wär schwéier ginn, mee wéi ass et méiglech dass dat wat géint Gesetzer einfach duerchgoe gelooss ginn ass? Dëst féiert dach automatesch zu engem Onverständnis an och zu enger gewësse Roserei.

Dat do ass leider amateurhaft a wann een da gesäit wat am Skoda Tour de Luxembourg geschitt musse mir eis wierklech d'Fro stellen, ob mir an eisem klénge Land d'Ressourcen hunn esou Sportsmanifestatiounen ze organiséieren. En Zesummespill tëschent Organisateur a Police zum Schutz vun Athleten a Bierger huet hei bei béidem net funktionéiert, wann och sécherlech matenee geschwat gouf.

Sécherlech sinn et zwee verschidden Aspekter an awer hunn di Biller eppes gemeinsam: Eng negativ Reputatioun kann entstoen an der Sportswelt.

Natierlech muss een sech bewosst sinn et gëtt vir op d'Foussballfans zréckzekomme keen 100% Schutz virum Virus. Et gëtt awer allgemeng gülteg gestes barrières an di gëlle jo awer fir jidderee an duerfir muss gesuergt ginn a sinn.

Vläicht liese mir e Méindeg erëm vun opgeléiste Partyen, dat ass och gutt esou, mee dann hätt och déi Party gëschter, déi méi ëffentlech war wéi anerer, missten ënnerbonne ginn. Och wann ee vläicht iwwerrannt gouf, well een net domadder gerechent huet, hätt a mengen Ae missten intervenéiert ginn.

Ech hoffen awer och, dass eis Politik intervenéiert a kloerstellt, dass dat zu Lëtzebuerg momentan net soll sinn a jiddereen seng Verantwortung droe muss! Et geet dobäi em Kredibilitéit an och weiderhin em de Schutz vun eise Bierger. Esou Biller féieren nämlech zu Diskussiounen an et gëtt jo kaum en Argument duerfir dass dat méiglech an d'Situatioun sech iwwer Stonnen net verbessert huet?

Et ass wichteg, dass eis Gesetzer iwwerall a vun jidderengem agehale ginn zum Wuel vun der Gesellschaft.

Andre Sacha