Vir direkt emol unzefänken,ech sin keen Corona Leugner an lafen schonns guer net mat engem Fändel aus enger ganz daischterer Zait duerch d‘Geigend.Ech respekteieren esou gutt et geet di virgeschriwwen Mesuren an dozou geheiert nierft der Hygiene och eis(meng)Mask.Huet et laang Zait mat den Zuelen vun COVID 19 gutt ausgesinn,klammen di Zuelen an den leschten Deeg nees weltwait.Zum Gleck esou schient et mer als Laien huet den Virus un Kraft verluer an meeschtens ass elo di jonk Populatioun betraff.Liesen ech awer dann op den sozialen Netzwierker verschidden Commentairen kreien ech gro Hoer.Op all Verschwörungstheorie anzegoen gierf wuel den Breif hei sprengen.Scheinbar fir eng ganz Rei Leit ass den Virus just nach een klengen Schnapp,net gefeierlech,Statisken gin aus dem Tirang gezunn,dass et am Joer X vill mei Doudeger gourf.Dat kann jo och alles wouer sin,trotzdem fannen ech,dass d‘Menschheet zimlech egoistesch ass.An plaz,dass mer bis dato Gleck haten,wat Doudesaffer betrefft,gett schonns regelrecht den Geck mam Virus bedriwwen.Bei verschidden Commentairen mengt een esouguer,d‘Leit gierfen nemmen drop waarden,dass d‘Kliniken sech fellen.Krankenpersonal,dat am Mäerz,Abrell nach ons Helden waren,geklappt kruten ass schonns laang net mei in an vergiess...Jo et sin momentan di Jonk,di positiv getest gin,meeschtens esouguer ouni Symptomer.Mais ass domadder d‘Gefor eriwwer?Ech soen kloer Neen,well an enger Famille gin mer dach gären eis Grousselteren besichen.An wann mir si ongewollt unstiechen weist den Virus,dass en leider nach emmer genuch Kraft huet Schued unzerichten.

Leider feelt et och beim Thema Corona un Transparenz,wisou klammen grad elo nees d‘Zuelen obwuel et nach vun den Temperaturen net richteg Hierscht ass.Meeschtens heiert een d‘Leit dann soen Retouren aus den Vakanzen,oder aktuell d‘Rentree.A propos Rentree,gourf wirklech genuch gemaacht fir d‘Rentree.Gesait een moies op der Gare iwwerfellten Busser mat schaffenden Leit an Studenten...Ass dat d‘Idealliesung fir eng Rentree.Gourf et net genuch Meint virdrun Zait,driwwer nozedenken,mei Busser,Ziich anzesetzen,fir dem Phänomen aus dem Wee ze goen,well als Laien kann ech mer virstellen,dass den Virus sech wuelfillt,wou Leit dicht an dicht beieneen stin.Secher och dat,wat eng Ursaach sin,wisou Zuelen klammen an net nemmen Lokaler,Privatpartyen,wou oft mei Plaz ass,wei an deenen Busser

Schued,et gourf bestemmt gudden Wellen an Arbecht geleecht den Schoulunterrecht nees normal lafen ze lossen,just hätt een den Wee bei d‘Schoul dann och mei secher kenen maachen.An den Pausen gett opgepasst,dass d‘Distanz agehalen gett,mais wat helleft dat,wann fir um Wee an d‘Schoul dat net machbar ass.

Dir Herren,nach ass net ze speit,zu Spetzenstonnen mei Busser lafen ze lossen,sou huen mer weinstens do bewisen,dass dem Virus seng Chancen mei kleng sin oder gin.Mir huen villes selwer an der Hand Zuelen nees erof ze drecken,net dass een RKI erem op d‘Idee kent onst Ländchen op d‘Risikoslescht ze huelen.Sin mer frouh,dass den Moment nach alles am Greff ass,rappen mer eis zesummen um Rimm,dass et och esou bleift,betreffend zumols Plazen an den Kliniken.

Bleift gesond an passt op iech op.