Mir kruten ni dee Preventiounsparadox erkläert, dee kann ee googlen, a gemengt ass domat: Wat d‘Preventioun besser gräift, also manner Leit betraff ginn, wat ugeholl gëtt, d‘Ursaach vun där Preventioun – hei de Virus - wier manner schlëmm oder geféierlech, wéi een eis dat wëll kloer maachen. Do mussen also aner Iddien/Absichten derhanner stiechen, politesch sou ze handelen.

Dat zum Paradox!

Wann ee vill an de Medien ënnerwee ass, da gëtt een sech sou richteg bewosst, wéi geféierlech an nach onbekannt a sengen Auswierkungen, souguer no der Heelung, dee Corona-Virus ass a bleift. Ginn d‘Dieren op gemaach, erlaabt oder net, da fluppt et. Dat gesi mer elo. A mir wossten et all. Eppes gleewen, wouer huelen oder wëssen... et gleeft ee gären, wat een arrangéiert, an da minimiséiert een d‘Gefor(en) an et iwwerdreift een d‘Avantagen.

D‘Politik ka net wëssen, wat genau maachen, well d‘Wëssenschaft net weess, wat ze maachen ass. Souguer d‘Wierkung vun enger méiglecher Impfung gëtt zum Deel a Fro gestallt, well et vereenzelt Fäll ginn, wou eng zweet Infektioun mat deem selwechte Virus méiglech ass. Wourun dat läit? Nach onkloer.

Mir sinn zwar de Moment voll an der Zäit vun der Scholdzouweisung; wien haut als Victime erkläert gëtt, oder sech esou gesäit, fir dee fannen an decidéieren aner, wien do Schold op sech ze huelen huet. Et dauert net laang, dann ass d‘Politik dee Schëllege vun engem Virusausbroch, well déi näischt richteg mécht, fir deen a Grenzen ze halen. Wëllt déi selwecht Politik awer d‘Mënschen a Grenzen halen, den eigentlechen Iwwerdréier a Multiplikator vun deem Virus, fir den Ausbroch ze limitéieren, dann ass dat och falsch, well de Paradox dann zur Wierkung kënnt. Siehe oben!

Also wat maachen? Wat der Politik roden, wann net d‘Wëssenschaftler, déi eppes vu Vire verstinn? Wa Schweden d‘Léisung wier oder se hätt, wieren dann all di aner Wëssenschaftler op der ganzer Welt sou agebilt, fir deenen net Recht ze ginn? Oder complotéieren déi all géint eis, d‘Laien, woubäi hirer Leit selwer betraff sinn an net iwwerliewen?

Wann d‘Schoul bis muss zou gemaach ginn, da musse mer eis bewosst sinn, datt d‘Situatioun vläicht méi schlëmm Auswierkunge kritt, wéi déi Spuenesch Gripp deemools, och wa mer manner Doudeger ze bekloe kréien. Wien weess dat awer schonn haut? Vire kënnen all Moment mutéieren.

Onfäeger, wat hei Schëlleger gläich kënnt, - well mat Krankheet ze dinn -, bei der Politik wëllen ausmaachen, deenen hiert „ofgeseenten“ Handelen a Fro stellen, - wien wëllt sech vun deene schonn absichtlech blaméieren, dat bei aller Komplexitéit vun der Matière, an dobäi engem medezinesche Problem -, erweist sech schwéier no ze vollzéien. Wann d‘Police net hätt misse kontrolléieren a verbaliséieren, da wieren d‘Caféen an d‘Restaurante längst voll gewiescht, ganz aner Plazen och, an d‘Schoul wier vläicht iwwerhaapt elo mol net ugaangen. Wat hätt een dann eréischt kënnen, net nëmmen hei, alles liesen?

Mussen net ganz aner, missten se net, sech fir dës Situatioun schëlleg spieren? Wann dann e Schëllege muss fonnt ginn!

Weist déi lokal Problematik mat der Schoul, beim Management vum Virus, net schonn op d‘Gravitéit hin? Wéi muss et dann eréischt bei der global-gesellschaftlecher Situatioun ausgesinn?