Déi lescht Woche gouf an de Lëtzebuerger Medien d'Wandenergie wéinst engem ëmstriddene Projet an der Nordstad deels hefteg diskutéiert. Mä och de Rescht vum Land wäert do net verschount bleiwen. D'Leit aus der Regioun Mëllerdall zum Beispill sinn iwwer e Flyer an de Bréifkëschte gewuer ginn, dat se net méi an engem Naturpark doheem sinn, mä an engem „Energiepark“. De Flyer ass eng Invitatioun op eng Informatiounsversammlung a Präsenz vum Energieminister, deen d'Leit wëll animéieren sech um Energiepark ze bedeelegen.

D‘Argumenter stinn um Flyer ënner enger Panoramafoto mat engem duerch industriell Wandanlagen zougestallten Horizont :  et geet rieds vun enger lokaler Energieproduktioun, déi der Regioun soll hëllefen energetesch onofhängeg ze ginn, et soll Klimaschutz bedriwwe ginn, an et soll iwwer dee Wee eng ekologesch, ekonomesch a sozial Plus-value geschaf ginn.

Dat kléngt gutt, an et kéint een dat jo einfach emol sou gleewen. Et kann een awer och dëse Narrativ Punkt fir Punkt mat konkrete Beispiller emol méi genee ënnert d'Lupp huelen.

Et dierft mëttlerweil bekannt sinn, dat de Wandstroum net pilotabel ass, an dat och e groussflächegen Ausbau näischt dorunner ännert. A Länner wéi Däitschland an Dänemark, déi a Saache Wandenergie eng Referenz sinn, gesäit een elo dat Stroumexporter a Stroumimporter strikt mat der Wandstroumproduktioun korreléieren :  wann d’Produktioun iwwer engem bestëmmte Niveau läit, muss e groussen Deel exportéiert ginn, an ënner dësem Niveau bleift een op importéiert pilotabel Stroumquellen ugewisen.

Rezent huet jo och e Lëtzebuerger Wandpromoteur sech an engem RTL Reportage zu Wuert gemellt, well e bei ze héije Leeschtungsspëtzten wéinst negative Stroumpräisser op den däitsche Stroumbourssen seng Anlagen zu Wëntger muss ofreegelen. Hei gëtt kloer, dat et an engem globale Stroumsystem keng „lokal Produktioun fir e lokale Verbrauch“ gëtt. Dat ass just Marketing fir eng bestëmmte Clientèle.

Ënner enger „onofhängeger Energieversuergung“ erwaart ee sech och sécher eppes anescht ewéi déi beschriwwe Situatioun. Dëse Narrativ ass anscheinend awer ëmmer nach e Verkafsargument fir op eng Akzeptanz fir dës invasiv Energieform ze stoussen, an esou kréien d'Leit dann an der Noperschaft verzielt dat zegdausend Haushälter op der Plaz „vollstänneg a ganzjäreg“ mat Wandstroum „versuergt“ ginn. Dat eenzegt wat bei der Wandenergie awer zouverlässeg „lokal“ ass, dat sinn déi héich lokal Impakter op d’Ëmwelt.

Wéi ass et dann elo mat deem an der Invitatioun versprachene Klimaschutz ?

Wann een eise Stroummix kuckt mat de respektiven importéierten Undeeler aus Däitschland, Frankräich an der Belsch, da leien déi konkret CO2 Emissiounen an enger Gréisstenuerdnung vun duerchschnëttlech ronn 300 Tonnen pro Gigawattstonn. D'Wandenergie liwwert zu Lëtzebuerg mat 0,28 Terawattstonnen ronn 5 Promill vun eisem järlechen Energieverbrauch, an entsprécht rechneresch domat och potenziell enger Aspuerung vu ronn 8 Promill vun de Lëtzebuerger Zäregasemissiounen (10,547 Milliounen CO2e pro Joer).

Et kann ee sech dëse formidabele Bäitrag am Klimaschutz och nach bildlech anescht virstellen :  wann ee sech ganz konkret d'Evolutioun aus de leschte Joren zum Beispill vum Kraaftstoffverbrauch beim Lëtzebuerger Fluchtrafic ukuckt, dann hätt een eleng nëmme fir just de järlechen Zouwuess hei klimaneutral ze halen, all puer Deeg missen eng zousätzlech industriell Wandanlag a Betrib huelen. Dat ass natierlech flächenintensiv. Do kéint dach den Energiepark Mëllerdall mat all sengen bis elo nach net industriell exploitéierten Naturraim an total onnëtze Bëscher sécher nach e wäertvolle Bäitrag leeschten !

Wéi ass et dann elo mat der versprachener ekologescher, ekonomescher, a sozialer Plus-value ?

Wat eng iwwer zweehonnert Meter héich Industrieanlag matzen an der Natur mat Ekologie ze dinn huet, misst de „Leit dobausse“ vläicht nach méi genee erklärt ginn. Aus all den Impakter, déi an de noutwendegen Ëmweltverdréiglechkeetsetüden opgedeckt ginn, kann een dat op alle Fall net direkt ofleeden. Mä wann ee wëll de Planéit retten, a sech ganz niewebäi e klengt Täschegeld wëll verdéngen, da muss d'Natur och bereet sinn Affer ze bréngen.

Wat elo d'Ekonomie ubelaangt, däerf ee bei der Energie net betribswirtschaftlech a vollekswirtschaftlech Aspekter an een Dëppe geheien. Bei der Wandenergie stinn dës Aspekter an engem krasse Widdersproch. Wann de Wandbetrib net mat politeschen Ausbauziler a festgeluechten Aspeisetariffer plangwirtschaftlech gereegelt wier, a wann d’Profiteure vum System hir produzéiert Leeschtung entweder iwwer deier technesch Prozesser misste pilotabel maachen, oder déi net pilotabel Leeschtung zu reelle Maartpräisser verkafe missten, da géing et keng Wandenergie ginn. Esou beleeft sech de vollekswirtschaftleche Schued, deen zum Beispill an Däitschland dëst Joer duerch volatil Energien entsteet, no Ofschätzungen vun der Bundesnetzagentur op iwwer 24 Milliarden Euro. Dës Differenz tëschent den Aspeisetariffer an dem reelle Maartwäert muss vun de Verbraucher finanzéiert ginn, nieft de Käschten déi ufale fir de Netzausbau an d'Netzstabiliséierungsmoossnamen. Wou ass do déi ekonomesch Plus-value fir d’Allgemengheet ?

All Joer kréien e puer honnertdausend däitsch Haushälter de Stroum ofgedréit well se d'Rechnung net méi bezuele kënnen. Wou ass bei dësem Energiekonzept, dat duerch prinzipbedingt héich Gesamtkäschten d'Energieaarmut fërdert, déi versprache sozial Plus-value ? Solle mer wierklech op d'Argumenter vum Energiepark erafalen, an déi selwecht Feeler och elo bei eis maachen ?

Mäi Flyer mat der Invitatioun gouf op alle Fall suergfälteg an der bloer Tonn archivéiert, an et kann ee nëmmen hoffen dat déi aner Leit am „Energiepark“ Mëllerdall grad esou responsabel mat de natierleche Ressourcen ëmginn.