Vun engem Dag zum aneren, esou huet et geheescht, huet d’ Direktioun vun där griechescher Firma Fage der Regierung matgedeelt, datt se hier Youghurt-Fabrik net zu Beetebuerg baut, an dat obschonns se schonn e ganz deieren Terrain kaaft hat an datt munnech Dossierse mat Pläng, Schreiwes, Bréiwer an Avisen iwwer méi wéi 3 Jar gesammelt gi waren. Deen éischte Moment ass wuel muncheree ferrem erféiert, well schliisslech wollt déi Firma ronn 250 Aarbechtplazen hei schafen, 250!

Wann een awer dann e bësse vun den Hannergrënn gewuer ginn ass, da war et just nach eng Fro vun der Zäit, datt d’ Griechen sech zeréckzéien. Ee Grond, a sécherlech mat ee vun den entscheedensten, war ouni Zweifel déi zimlech schizophren Haltung vun der Schäffe vu Beetebuerg, gläichzäiteg Fraktiounschef vun deene Gréngen an der Chamber, déi an der Stad jo an zu Beetebuerg nee seet. Net ze verstoen! Dat soll si dem Vollek awer emol däitlech erklären. Elo ginn eis net nëmmen di vill Aarbechtsplazen laanscht d’ Nues, mee sollt d’ Regierung den Terrain zeréckkafen, da wäert se ganz sécher Pätter derbäi ginn, well Fage wäert wuel och all di Fraisen drop schloen, déi se schonn an dee Projet investéiert hat.

An direkt kommen engem Parallellen an de Kapp mat der Firma Ikea déi Säit an der Belsch, just e puer Meter nëmme vu Stengefort ewech: Mir wollten déi Firma net ophuele besonnesch wéinst dem Verkéier an der Ëmweltbelaaschtung, an elo, wou se direkt op eiser Grenz gebaut huet, kréie mir de Verkéier an d’ Emissiounen trotzdem, an d’ Belsch säckelen d’ Steieren an. Grad wéi wa mir keng Sue bräichten!

Den Hellege Bimbam, Schutzengel vun esou Politiker, huet nach vill Aarbecht mat hinnen, mee och mat eis, fir eis Lëtzebuerger de Glawen an d’ Politik erëmzeginn.

Roby ZENNER

Rodange