Et kann een d’Gemengenveantwortlech nëmmen felicitéieren zu den Verkéiersberouegungen inklusiv der Installatioun vun villen Terrassen am ieweschten Deel vun der Stroossbuerger Strooss an am Gruef an der Uewerstad.  Des Ännerungen wären sécher nach virun puer Méint als ondenkbar betruecht ginn. Et ass nëmmen ze hoffen dass aus dësem Provisorium lo endlech en Definitivum gëtt.

Mat der Arrivée vum Tram op der Place de la gare muss lo och déi eemoleg Geleeënheet genotzt ginn fir des Beton- an Blechwüst an eng Plaz ëmzewandelen wou d’Leit sech nees wuelfillen a gär hikommen. Dest géif dem ganze Quartier an der ganzer Stad guttdinn.

Viraussetzung dofir wär allerdéngs de Courage zu engem Paradigmewiessel am motoriséierten Individualverkéier. Den onsënnegen Transitverkéier matzen duerch d’Stad ass iwwerlieft a muss endlech ënnerbonnen ginn.

Als shared space zone wär d’Place de la gare prioritär fir d’Foussgänger. Vëlosfuerer missten sech un Schrëtttempo halen a Récksiicht op d’Foussgänger huelen. Motoriséierte Verkéier am Schrëtttempo wär just nach fir Leit mat Autorisatioun méiglech (Awunner, Leit mat begrenzter Mobilitéit, Fournisseuren, Handwierker…). Vu que datt den Tram dann iwwert d’Gare fiert misst och den Autobustraffik op een absolutten Minimum reduzéiert ginn.

Virun allem awer missten fir d’Neigestaltung vun dëser Plaz Urbanisten an Stadplanger d’Soen kréien!

Dat selwecht gelt iwwregens fir d’Aal Avenue bis erop op den bvd Roosevelt. D’Ofholzen vun de Beem op enger Stroossesäit fir do eng Vëlosrennpist op de Foussgängerwee ze molen ass sécherlech keen Virbild !

Vicky Mertens, leschten Hôtelier vun der Place de la gare…