Säit gutt fënnef Joer, nämlech mam Opkommen vun der Flüchtlingskris 2015, déi mir Europäer selwer zur Kris gemaach hunn, leeft Europa vun enger Kris an déi nächst. Et ass deemools weidergaangen mat enger rietser Well déi di europäesch Politlandschaft verännert huet an zesummen mat den Nowierkungen vun der Finanzkris 2008, d’Kris vun der Demokratie ageleet huet. Doropshin huet d'Klimakris d`Steierrad iwwerholl an pünktlech beim Antrëtt an dat néit Joerzéngt ass d’Coronakris agetraff, mat Auswierkungen op eist Privatliewen, wéi mir et bei enger Kris säit 80 Joer net méi erlieft hunn.

Dobäi huet deen neien Probleem deen eeleren an der ëffentlecher Debatt ofgeléist, wat awer net bedeit, dass deen eeleren Probleem domat geléist ass. Am Géigendeel, wann sech keen méi dofir interesséiert an näischt méi ënnerholl gëtt dogéint, sinn d'Bedingungen fir d’Verschäerfung vun der Problematik perfekt! Mat eiser Lieblingsmethod: „Aus den Augen aus dem Sinn!“ hunn mir scho sou munch Kris, am Hannergrond um Liewe gehale!

Eis Gesellschaft huet sech sou an deene leschten 5 Joer an engem Labyrinth vun Krisen verlaf, vun där all eenzel Kris Joren bis Joerzéngten bréicht, fir geléist ze ginn. Mir kommen net méi no mat Léisungen fannen. Et ginn ëmmer erëm Rettungspaketer an Millioune- bis mëttlerweil Milliardenhéicht gestëmmt, fir d’Struktur vun eiser Gesellschaft, déi staark op eiser liberaler Wirtschaft baséiert, iergendwéi oprechtzëerhalen. Dobäi handelt et sech em een Phänomen, dat sech an deenen leschten Joer staark bemierkbar gemaach huet. Nämlech wëllen mir Europäer eis Probleemer guer net méi léisen. Mir wëllen se just verdrängen kennen an erëm een „Normalzoustand“ schafen, an deem mir sou weider liewen kennen wéi mir et schonn ëmmer gemaach hunn.

Resilient sinn gëtt dat an den Sozialwëssenschaften och genannt; Grondstruktur an Funktiounsweis vun der Gesellschaft, géint extern Schocks, wei Krisen, verdeedegen, fir keng gréisser Verännerungen mussen an d’Weeër ze leeden. Mir ginn eis extrem méi an der Läscht fir resilient ze sinn. Sou plädéiert d’OECD och am Kontext vun der Corona-Pandemie fir eng Resilienzstrategie. (OECD, Abrëll 2020) An dat alles just fir fundamentalen Verännerungen, déi di eenzeg wierksam Léisungen an Krisenzäiten duerstellen, aus dem Wee ze goen. Mir maachen bal alles fir eist „normaalt“ Liewen kennen weiderzeliewen. Weider kennen „normal“ ze konsuméieren, 2-3 Mol d’Joer an d'Vakanz ze goen an Stonnen an Stonnen mam SUV am Stau ze stoen. Dat ass d’Kinneksdisziplin vum globalen Norden, an mir Lëtzebuerger schéngen fir d’Goldmedail ze goen.

Mir mussen realiséieren, dass grad deen „Normalzoustand“, deen mir sou vehement usteieren a Krisenzäiten, den eigentlechen Probleem duerstellt. Domat mengen ech virun allem déi neoliberal Wirtschaftslogik op Systemebene an eist irresponsabel Liewensweis op individueller Ebene. Béides hunn absolut näischt méi mat „Normalverhältnisser“ ze dinn. Dës Kombinatioun ass den Ursprong vun quasi all eisen Krisen. Dat gëllt virun allem fir d’Klimakris, bei där et sech, op Dauer gesinn, warscheinlech em déi schlëmmsten vun allen Problematiken handelt. Mir liewen grad hei an Mëtteleuropa, an allen Beräicher, wäit iwwert eisen Verhältnisser, op Käschten vun der Natur, op Käschten vun ärmeren Länner, déi mir am grousse Stil ausbeuten, an op Käschten vun deenen nächsten Generatiounen weltwäit, déi d’Haaptkonsequenzen vun eisem aktuellen Verhalen ze spieren kréien.

Resilient sinn, bréngt also näischt, wann déi Struktur an deen System déi geschützt sollen ginn, d’Ursaachen vum Probleem sinn. Resilient sinn ass an deem Fall esouguer extrem kontraproduktiv.

Eist verbattert Striewen no Resilienz, also d’Festhalen un deem ongesonden System, ass domat de Grond fir d’Entstoen vun ëmmer neien Krisen an d’Bestoen vun deenen eeleren. Eng Mixtur dovun, an de Faite, dass besoten Krisen mateneen verkett sinn an sech oft géigesäiteg verstäerken, huet eis dohinner bruecht wou mer elo stinn. Een Zäitpunkt an der Geschicht, bei deem eis Gesellschaft, mat enger därmoossen héijer Unzuel un Krisen konfrontéiert ass, wéi mir et nach ni erlieft hunn.

Soulaang mir eis also verzweifelt un eisen aktuellen Liewensstil klammeren, eis géint all minimal Verännerungen stämmen, entstinn ëmmer erëm nei Probleemer an Noutstänn an dat tendenziell an engem méi héijen Rhythmus an engem gréisseren Ausmooss. Et misst mëttlerweil jidderengem kloer sinn, dass deen Wee deen mir am Moment ginn „Zum Scheitern verurteilt“ ass. Wat mir méi laang waarden mat den néidegen Verännerungen, wat déi Verännerungen méi grouss ausfalen, méi deier ginn an virun allem méi séier iwwert d’Bün goen mussen.

Déi eenzeg tatsächlech wierkungsvoll Léisung ass an mengen Aen en grondleeënden Systemwandel an Kombinatioun mat fundamentalen Verännerungen am Liewensstil vun eis all, an dat an Richtung Nohaltegkeet.

Iergendwann an noer Zukunft, gesinn mir eis gezwongen fundamental Verännerungen an d’Weeër ze leeden, wann mir dës dysfunktional Gesellschaft op mannst e Stéckchen méi nohalteg wëllen maachen an d’Liewen an Zukunft nach iergendwéi liewenswäert gestalten wëllen. Firwat net lo direkt, anstatt op naiv an ignorant Aart an Weis op déi eng Kris ze waarden déi ze vill ass?

Moritz Schaaf,

24 Joer, Msc Sozioökonomie, WU Wien

Holzem

Quellen:

OECD: „A systemic resilience approach to dealing with Covid-19 and future shocks“, OECD Policy Responses to Coronavirus (COVID-19) (28/04/2020)

http://www.oecd.org/coronavirus/policy-responses/a-systemic-resilience-approach-to-dealing-with-covid-19-and-future-shocks-36a5bdfb/