An der zweeter Halschent vum 19. Joerhonnert ass et ,ekonomesch gekuckt’ eréischt dowäert gi fir hei vun enger ‘Wirtschaft’ ze schwätzen. Éierlech: Wat guff et ausser der Landwirtschaft, e puer Brauereien a Liederfabrécken, dann? D’Eisenindustrie huet dann Damp hannert d’Saach gemaach an dem Land zerguttst op d’Been gehollef; mä mir haten nun emol ausser e bësse Minière kee Gramm Kuel! An de siwenzeger Joeren huet et dann ugefaang ze rabbelen.

Spéitstens nom leschte Krich hätten déi Verantwortlech missen erkennen, datt et mat eisem ‚minerai‘ ganz geschwë pilo wier. Aplaz riseg ‚Greydunnen‘ (mat Erz aus Schweden a Kuel aus Däitschland!) hätten si missten – esou wéi d’Schwäizer exemplaresch – u manner materialintensiv kleng Metallproduktiounen (Verschrauwungen; Réier; Läffels- a Kachgeschier asw.) denken! Den ARBED-Monopol war gutt, apaart fir eisen dichtege Minett; mä ganz natierlech begrenzt, an dofir si mir domat… wou mir nun emol sinn!

Fir eist Land sinn eng Partie zolitt Kleng- a Mëttelindustrien dat Bescht; mä net egal wat! Vrun allem d’Waasser an eist ‚Gréngs‘ mussen äis (an ‚deenen duerno’) éierbar erhale bleiwen. Méi grouss Implantatiounen däerfen op kee Fall de Gemengen hirer Verantwortung eleng iwwerlooss ginn.

Dem Pierre Werner senger genialer Iddi a Kennschaft hu mir d’Finanzplaz ze verdanken, bei deer mir ower mussen un hir ‚Volatilitéit‘ denken an d’Beem net an den Himmel wuesse loossen… woufir een eise ‚Finanzpolitiker‘ eng gutt ‚Händche‘ soll wënschen. Do ginn ‚Humpegespréicher‘ vun äis aner Fach-Ignoranten nun emol net duer, an et däerf och net nëmme ‚politesch‘ iwwerluecht ginn! Mat den Näidkomplexer vun ‚dobausse‘ kënnen a musse mir liewen. Emol net schlecht. Mä et muss dru geduecht ginn, datt mat deenen elektronesche Mëttele vun haut egal watfir eng Firma sech vun engem Dag op deen anere duerch d’Bascht maache kann. Dofir sinn a bleiwen deer mëtteler Industrieë fir Lëtzebuerg nach ëmmer esou wichteg. Alles an allem: „Pourvou qué ça dour“, sot dem Napoleon seng korsikanesch Mamm Laetizia Ramolino; si hat recht!