Et deet mir leed esou ufänken ze mussen..  D'ANIL an den ganzen Gesondhëetsecteur hunn sech selwer iwer Joeren hieren eegenen Goal geschoss ouni et ze mierken, mee elo deet et andscheindt extrem wéih! Fannt dir daat normal, dass wann een alleng nëmmen vun den Aide-soignanten déi hieren Diplôme schon hunn ausgeet, déi iwerhaapt mol net d'Chance hunn sech kennen als Infirmière weiderzebilden ? Soot mir wisou ? Sinn d'Aide-soignanten wou schon eng Haaptbasis vum Soin hunn net kompetent genuch fir sech als Infirmière ze erweideren ?

Aus deem Grond ginn se all hier Schoulen an Daitschland oder an d'Belge machen. Greisstendeels an Daitschland. Dest huet och nach divers aner Grënn : An Daitschland verdingt een eppes och wann et nëmmen een klengen Salaire ass déi als eventuell Unerkennung dengt, dobäi ass et een anert Encadrement vun den Schüler an vill méi intensiv Praxisstonnen!

An ärem Artikel soot dir awer et géifen net genuch Infirmièren hei ausgebild ginn. Ech mengen dir wesst genau aus weiengem Grond dest den Fall ass.

Wisou setzt dir iech net an, dass denen Leit wou schon Aide-soignanten sinn d'Chance géif kréihen sech fir Infirmière weiderzebilden hei zu Lëtzebuerg ? Gleewt mir do wären et der vill, déi wou deen Wee géifen goen!!! Déi Leit missten d'Méiglechkeet kréihen no hieren 3 Joer Schoul am LTPS fir Aide-soignante an engem Spidol agestallt ze ginn 20-30 Stonnen d'Woche hier Aide-soignanten Paye kreihen an dobäi och nach 2 Deeg den ganzen Daag an d'Schoul ginn fir déi netzlech Thérorie ze léieren an technique Infirmièren an dess grad esou ewei déi aner Infimièresschüler an der Praxis um Patient emzesetzen. Et ass och wichteg dass d'Aide-soignanten hier Platz am Spidol erem kréihen, well déi sinn absolut net méi Présent ob deem Terrain. Virun allem ob enger Onkologie, Orhopédie, Gériatrie, Neurologie wieren sie een ganz wichtegen Acteur vum Soin an der Gesellschaft. Sie kéinten an géifen hier Attributionen wéi Paramether, Glycémie, Insulin, Antikoargulantien etc.. exercéieren an kéinten den Infirmièren schon vill Aarbescht ofhuelen.

Wéi dir gesidd wees ech genau vun wat ech schwëtzen, well ech selwer an deem Fall war an mir daat net muss ginn mech an mengen Kompetenzen ennerbotteren ze lossen an mol net déi Méiglechkeet als Lëtzeboier an lëtzeboier Résident ze kréihen déi Schoul hei dirfen ze machen.

Mëttlerweil hunn ech mech fir den Beruf vun der Éducatrice entscheet an deem ech mech och selwer eremfannen an deem Sënn och een groussen Deel zu der Gesellschaft kann beidroen, wat nach emmer mäin Ziel war an nach emmer ass.

Ech mierken just dass mir eis am Level null Chancengleichhëet befannen an daat am sozialen Secteur!

Mee sëtzt den Niveau elo vun der Infirmière ob den Bachelor dann hudd dir ganz vill errescht...

Michelle LEROY