Esou gëtt eisen Educatiounsminister ëmmer erëm zitéiert. Dëst ass mat Sécherheet och eng äusserst onglécklech Ausso well den Här Meisch keen Hellseher ass, genee wéi all aneren deen Prognosen iwwer de weideren Verlaf vun der COVID-19 Epidemie mécht.

Op där anerer Säit gëtt een d'Gefill net lass dass verschidde Leit (eis Gewerkschaften, d’Oppositioun...) scho bal hoffen, dass mer geschwënn op d'mannst an enger Klass eng gréisser Transmissiounsketten hun fir mam Fanger op de Minister ze weisen an ze soen: Gesäis de du has Onrecht a lo hu mer de Schlamassel. Iergendwéi erënnert dat mech u Spillschoulskanner.

Dofir, komm mir bleiwen mol bei de Fakten: D'Zuelen klammen an der Gesamtbevëlkerung an an der Schoul. Dass d’Zuelen och an de Schoulen klammen ass evident well déi Leit di an d’Schoul gi jo Deel vun der Gesamtbevëlkerung sinn. An trotzdeem hu mer bis lo keng/oder ganz wéineg Situatiounen an deenen de Virus sech massiv ënner de Schüler verbreet huet. Wir dat de Fall gewiescht hätt sech scho laang deen een oder aneren fonnt fir dat mat enger gewëssener Satisfaktioun public ze man. Jiddereen dee Schoul hält gesäit jo och mat eegenen Aen wat an de Schoule leeft an et ass nu mol net sou dass am Moment op ville Klassen vill Schüler feelen well se selwer infizéiert sinn. Mat den Zuelen déi mer am Moment hunn ass et och kloer dass net all Transmissiounsketten bis an de leschten Detail kann retracéiert gin, ëmsou méi wichteg, dass een d’Gesamtbild am Bléck hält.

A wann een d’Gesamtbild kuckt muss ee sech froen: Ass et net gutt, dass eis Schüler am Moment nach kennen an d'Schoul goen an net doheem an der Isolatioun versaueren? Ass et net gutt dass eis Kanner de gréissten Deel vum Dag an enger Struktur sinn wou kloer Reegelen sinn, an et an der Schoul Mesuren gëtt déi awer gréisstendeels schéngen ze gräifen. Et hätt och kennen anescht kommen, e rapiden Ustieg vun de Fäll an de Schoulen, deen disproportional zum Ustieg an der Gesamtbevölkerung wier, konnt een zum Schoulufank net zu 100 Prozent ausschléissen. Mee et ass nu mol (bis lo) net sou komm.

D'Féduse proposéiert d'Aféierung vum Homeschooling fir Schüler vun den héijen Klassen an eventuell d'Aféierung vun A an B Gruppen. Firwat? Opgrond vu wéi engen Donnéeën ass dat noutwendeg? An da géife mer rëm ganz schnell soueren dass dat een enormen Opwand et ass fir sou eppes ze organiséieren, an dass dat vill ze kuerzfristeg decidéiert gouf a keen Zäit hat sech dorop ze preparéieren.

Natierlech kann et zur Situatioun kommen wou et net méi anescht geet an Schoulen mussen zougemaach gi well zum Beispill ze vill Enseignanten ausfalen déi infizéiert oder a Quarantän sinn. Mee bis et sou wäit ass losst eist w.e.g de Ball flaach halen an sou laang an sou normal wéi méiglech Schoul halen fir de Kanner sou vill wéi méiglech Normalitéit ze gin. Si sinn eis sécher dankbar dofir.

Ech si ganz frou dass mer Gewerkschaften an eng Oppositioun hunn, mee hire Rôle ass et a mengen Aen net fir bei all Decisioun déi geholl gëtt ze wullen bis een eppes fonnt huet wat een kritiséieren kann oder d'Glafwierdegkeet (ouni konkret Beweiser) vun den Leit déi am Moment Decisiounen mussen huelen an der Ëffentlechkeet a Fro stellt am Sënn vun: Dir sot eis net alles, et ass vill méi schlëmm wéi dir et duerstellt. Konstruktiv Kritik wéi zum Beispill d'Fuerderung nom port du masque obligatoire an der Schoul ass sécher enger Iwwerleeung wärt. D'Fro opwerfen op ëmmer, an fir all positiven Fall lo net awer eng Transmissioun an der Schoul stattfonnt huet déi verheemlecht oder net erkannt gouf féiert just zu Angscht a Veronsécherung bei de Leit, an dovun hu mer souwisou scho genuch.

Och net all Decisiounen erschéngen op den éischte Bléck logesch a sënnvoll, an heiansdo sinn se et vläicht och einfach net. D’Tatsaach dass verschidde Schüler mat hirer Klass an engem Gebai dee ganzen Dag iwwer isoléiert sinn an dann awer mat Schüler aus anere Klassen am selwechten Bus heemfueren erschéngt op den éischte Bléck total onsënneg. Anerersäits ass de Kontakt am Bus zäitlech méi limitéiert, et besteet kaum Zirkulatioun an d'Schüler hunn e Mask un (ech weess dass net jiddereen sech dorun hält mee di allermeescht schonn). Et ass net alles logesch mee do wou et méiglech ass gouf den Infektiounsrisiko op e Minimum limitéiert. Wa mer all Reschtrisiko wëllen ausschléissen an gären hätten dass alles zu 100% logesch ass gëtt et just eng Léisung, de Lockdown, an dat well mengen ech keen am Moment.

Jacques Kremer

Enseignant am Atert-Lycée Réiden an Virolog