Den 13. Mäerz 2020 hu vill vun iech déi éischte Kéier an hirem Liewen der grousser Ongewëssheet an Onsécherheet vun der Zukunft misse begéinen. Är natierlech Onbeschwéiertheet an äert Vertrauen an d’Liewen sinn op eng haart Prouf gestallt ginn. Och är Elteren a mir Erwuessener konnten d’Situatioun net verschéineren oder iech se erspueren. Et ass net ze vergläichen mat der liewensbedreelecher Situatioun an där sech vill Kanner an aneren Deeler vun der Welt befannen, an trotzdeem ass et net einfach. Mäerz  Et war e komesche Moment an de Schoulen, eng Ambiance vu « Weltënnergang » an esouvill Froen stoungen an äre Gesiichter. Mais virun Allem war do d’Angscht ze liesen dir kéint de Virus op déi Grouss an Eeler iwwerdroen.. Och ech, als Enseignante, hu mer dee Moment vill Gedanke gemaach, beaflosst vun den angschtausléisenden Noriichten a mer gewënscht dass d’Schoul « à distance » gehale gëtt , fir ons all ze schützen.

Dir hutt iech ugepasst, ouni iech ze bekloen . Är Suergen konnt der oft net richteg uschwätzen, awer dir hutt dat Bescht draus gemaach, iech op eng nei Zort Léieren agelooss, ouni är Frënn a Komeroden kënnen ze gesinn. Vill vun iech hunn hire Gebuertsdag net richteg kënne feieren, hire Sport net méi kënnen am Grupp man, alles wat iech Halt gëtt, war op eemol net méi do. Kee Mënsch konnt eppes dofir, an dir waart all am selwechte Fall, dat war deen eenzegen Trouscht.

Enn Mee si mer erëm all nees zeréck an d’Schoul gaangen, erliichtert, fir e bëssen Normalitéit erëmzefannen an ons erëmzegesinn, wann och an komeschen a « sterillen » Ëmstänn. Är Aen hunn net méi esou geliicht wéi virdrun, d’Schoul war nëmmen nach eng Plaz fir ze léieren ginn, all déi flott Saachen ronderëm waren aus sanitären Grënn net méiglech.  Dir sidd maskéiert de Feiler um Buedem nogaangen, hutt déi nei Reegelen respektéiert an hutt iech op déi nees nei Situatioun agelooss an se couragéiert gemeeschtert. D’Premières-Schüler hunn hiren Examen an Turnhale geschriwwen ouni d’1ère dono richteg kënnen ze feieren, ëmmer nach mam Damokles-Schwäert iwwert hinnen, si kéinte jo dozou bäidroen de Virus méi ze verbreeden.

D’ « grouss Vakanz » war anescht wéi soss, mee trotzdeem e Liichtbléck.  Vill vun ons konnten e bëssen opootmen, souguer net allzewäit fortfueren oder d’Ländchen nei entdecken, d’Wieder war gutt, Hoffnung war an der Loft a virun allem an den Häerzer.

Am Hierscht hunn nach méi streng sanitär Mesuren ons erlaabt,  weider an d’Schoul ze goen. Dir hutt iech streng un d’Reegelen gehalen, an all Woch déi eriwwergeet, all Buch dat mir liesen, all Text dee mir analyséieren, all gutt Gespréich, ass fir mech eng weider Victoire géint de Virus. Dir wësst net wéi wichteg Är Energie, är Ideen, är Presenz fir ons Enseignantë sinn an ech sinn dankbar fir all Dag wou mir net mussen an den Homeschooling iwwergoen. Et besteet keen allzegrousse Risiko, sech an der Schoul unzestiechen, dat kann ech aus menger eegener Observatioun vun de leschte Wochen aus och feststellen, an loosst iech net soen dass virun allem dir Jonker déi Schëlleg sidd, dass d’Zuelen nees an d’Lut gaangen sinn.

Munch Erwuessener kéinten sech e Beispill un iech huelen wéi vill dir Respekt weist an weiderhin all nei méi oder manner widderspréchlech Aschränkungen akzeptéiert.

Dofir loosst iech emol gesot sinn dass dir beandrockend jonk Mënsche sidd, déi vill ze fréi mat enger erausfuerderender Situatioun konfrontéiert gi sinn, mee doraus dat Bescht maachen an ons weisen dass d’Zukunft net gro ass, dass mir op är nei Generatioun kënne vertrauen.

Et ass nei fir ons all, awer dir sidd mat eng vun deene Gruppen, déi am Meeschten abéissen, well dir d’Fräiheet am Meeschten braucht, well är Flilleken iech am Moment gebonnen sinn, an dir iech nëmme gutt entfale kënnt, wann den Horizont voller Perspektiven ass.

Mais déi Fräiheet kënnt erëm, an dann wënschen ech iech nëmmen eppes : d’Liewen a vollen Zich ze genéissen an Nuechten duerch ze feieren. Dir hutt et verdéngt !

Nathalie Verharen

Mamm vun 2 Kanner (18 a 14 Joer)