Léif Nationalequipe, Staff an Federatioun,

Heimat wenden mir eis un iech fir iech emol Merci ze soen!

Eis Wieder ginn als eicht emol un eis Federatioun, et ass net iwwerall esou dass d‘Federatiounen respektiv Veräiner esou gutt mat den Ultras ëmginn, mir sinn houfereg dorop esou een gudden Drot zu Iech ze hunn.

Ech kann mech nach gutt dorun erënneren wei mäin Telefon gaangen ass an gesot kritt hunn dass mir als M-Block 25 Ticketen zur Verfügung gestallt kréien fir den Match géint Éisträich an den Aserbaidschan, ech hunn selwer mol net dorun geduecht dass mir an der Situatioun wou mir eis Coronabedéngt befannen iwwerhaapt eng Chance hunn fir an eisen Josy Barthel ze goen.

Een groussen Merci dofir, dëst ass net selbstverständlech an huet eis eng riisen Motivatioun ginn, an mir wäerten och mat 25 Leit en Dënschden alles ginn fir eis Equipe sou gutt et geet ze ënnerstëtzen!

Merci FLF!

Als zweet wenden mer eis dann un d‘Acteuren um Terrain, eis Spiller an eisen ganzen Staff!

Dat wat dir déi läscht Joren do erschaaft hutt ass phänomenal, är Spillweis, är Motivatioun an ären Kampfgeescht ginn eis eng weider Motivatioun fir bei eis am Block alles ze ginn!

Mir erwänen do ganz kuerz den Match géint de Montenegro heiheem wou mir leider missten virum Stadion verfollegen an och näischt vum Match matkritt hunn!

Un ärer Mimik nom Match huet all eenzelnen vun eis gemierkt wéi vill dat iech matgeholl huet, an mat wéi engem Stolz dir fir eis Nationalequipe oplaaft!

Mä dir hutt genau richteg reagéiert, dir hutt net den Kapp an de Buedem gestach, nee dir hutt den Kampf ugeholl an am Montenegro koum dann déi noutwendeg Reaktioun an hutt den Montenegriner gewisen wien d‘Nummer 1 an der Grupp ass!

Matt ärer Leidenschaft an mat ärem Wëllen, kënnen och déi 2 läscht Matcher géint Zypern an den Aserbaidschan iech net stoppen!

Männer dir hutt déi éischt Plaz an dëser Grupp méi ewéi verdéngt!

An egal ewéi des Matcher och ausginn, mir sinn stolz op iech alleguer!

Rout Léiwen, huelt se!!

M-Block Fanatics 1995