Zoufälleg hunn ech op RTL gelies, dat den 12.November de Grousselteren hiren Éierendag war. Allerdéngs ass dowéinst ëffentlech, am Géigesaz zu Mammen- resp. Pappendag wéineg Ophiewes à gemaach ginn, a bal keen huet eppes dovu matkritt.

Dat fannen ech eigentlech schued, well si spillen eng net onwesentlech Roll am Liewe vun de Kanner. Si huelen sech Zäit fir hir Enkel, spille mat hinnen, erzielen hinne spannend Geschichten, an ënnerhuele mat hinne vill flott Aktivitéiten.

Si bréngen hinne munch Neies bäi, si gedëlleg Hausaufgabebegleeder. Jo, si däerfen si och mol verwinnen, si wichteg Ansprechpartnerr a Vermëttler, an, an, an… Besonnesch haut, wou d‘Eltere quasi gezwonge sinn schaffen ze goe, well d‘Politik hinne keen anere Choix léisst, sinn si oft onverzichtbar Ersatzmammen an Ersatzpappen a bidden hiren Enkel e gemittlecht Doheem, wou se sech gebuerge fillen, statt datt se misste vum Babyalter un an d‘Friembetreiung !

Dëst ass eng grouss Chance fir vill Kanner, leider net fir all, sief et datt d‘Grousselteren ze wäit wech wunnen, selwer nach schaffe ginn, oder si där Aufgab net méi gewuess sinn. Vill Grousseltere wëllen déi Charge och net reegelméisseg unhuelen, an dat ass hiert gutt Recht !

Schliisslech hunn si hir eege Kanner selwer groussgezunn, an misste lo hire wuelverdéngte „ Ruhestand“ genéisse kënnen, a sech mat deenen Aktivitéiten, déi se virdrun net konnte man ze beschäftegen, ze reesen, jee, ze man wouzou si grad Loscht hunn.

Wësse mir als Gesellschaft also hiren Asaz am Déngscht vun de kommende Generatiounen ze schätzen, a leeft do net eppes grëndlech schif, wann et den Elteren net méi méiglech ass, sech selwer ëm hir Kanner ze bekëmmeren ?

Marie-Andrée Faber