Ganz laang hunn ech net gewosst, datt ech esou e Séisse J wier. Wéi mäin Hausdokter mir dunn eemol eng Bluttanalyse verschriwwen huet, guff et séier kloer, datt ech zevill en ‚Zockerséisse‘ wier. Diabet 2. Bingo! Ëm déi 112 Kilo fir 1,78 m…e genëssege Fréisser a vrun allem en ‚eelere Mossiö‘.

Zënterhier leien den Zéckerchen an ech äis ferm an den Hoer. Mäi gudden ‚Zockerdokter‘, just den Här R.W., Internist an Endocrinolog, vun hei uewen am groussen Artikel, huet mir glat kee béise Fanger gemaach, mä roueg a genee gesot, wat elo ‚gutt‘ fir mech wier… deem hunn ech gefollegt; et war jo schléisslech net fir hien, mä fir mech.

Déi lescht 2 Joer hunn ech méi ewéi 25 Kilo ofgehol, ginn all Woch wéinstens 12 000 Schréck (all zweeten Dag +/- 3 Kilometer) trëppelen, net lafen!, loossen d’Schlippi zesoe ganz op der Säit, iessen mueres a mëttes absolutt normal, mä tëscht 5 Auer mëttes an 8 Auer mueres vun näischt och nëmmen e Gramm…a wonnere mech nach haut, datt dat ‚Intervallfaaschte‘ fir mech ‚Gladderschnuff‘ – éierlech! – mat ganz raren Ausnahmen – no puer Wochen NORMAL gi war. Mäin Zocker ass mueres eniichter elo zënter enger Rëtsch Méint bei +/- 100 an dee louderdjësse ‚Laangzocker‘ op 6,6.

Ech ka jidderengem soen (a roden), datt et dowäert ass…iwregens och fir d’Knéien, d’Hëften an de Réck; dat wier jo alt emol eng ganz Partie, gelldir. Fir eng Kéier ass eng gewësse Verbruetheet gutt gewiescht…an de Covid 19 net grad esou frou mat mir J

Lex Roth