Wou d’USA Ufanks November gewielt huet, gouf et net vill Saachen wou sech Republikaner an Demokraten eens waren. Eppes awer war fir béid Säiten kloer an dat war d’Legalisatioun vun Cannabis. New Jersey zum Beispill verhaft pro Joer 30.000 Leit wéinst dem Besëtz vun Cannabis. Méi wéi all aneren Staat an Amerika. Dëst Joer awer huet New Jersey den Hoken fir d’Legalisatioun vum Cannabis gemaach, grad esou wéi Arizona, Montana an South Dakota. Cannabis fir den medezineschen Gebrauch gouf am Mississippi legaliséiert. Een Drëttel vun den Amerikaner liewen elo an engem Staat wou Cannabis ganz legaliséiert ass. Oregon huet et dësen November souguer nach weider gedriwwen an fir d’Décriminalisatioun vun all den Drogen gestëmmt. D’Amerikaner waren laang géint eng Legalisatioun vum Cannabis, hautdesdaags fënnt des Iddie awer 68% Support an der Gesellschaft.

Iwwert d’Joren huet den Amerikaneschen ‘War on Drugs’ Milliounen vun Leit an den Prisong bruecht. Minoritéiten goufen dobäi disproportionéiert méi emprisonéiert. Afroamerikaner consomméieren Cannabis ongeféier d’selwecht vill wéi wäiss Amerikaner, ginn awer méi wéi 3 mol méi oft bestrooft. Oft gëtt et eng grouss Diskrepanz an der Drogepolitik tëscht dem Wellen vun der Populatioun an den Politiker, dëst well et keen wichtegen Krittär ass eng bestëmmten Meenung ze hunn fir gewielt ze ginn. Op federalem Level bleift den Gebrauch nach ëmmer illegal an mëscht et schwéier eng kloer Ligne an der Drogepolitik ze hunn. Et bleiwen dowéinst vill Froen op. Am New Jersey weess een net wat mat deenen Leit geschitt, déi wéinst Cannabis Gebrauch emprisonéiert ginn sinn.

Och hei zu Lëtzebuerg sinn rezenten Ëmfroen no 56% vun den Leit fir eng Legaliséierung vum Cannabis. Nach bleift et just bei der Legaliséierung vum medezineschen Cannabis obwuel den Koalitiounsaccord vun der Dräierkoalitioun virgesäit den Gebrauch och hei Land ze legaliséieren. Sou munch een zweiwelt drun op et iwwerhaapt nach bis zum Enn vun dëser Legislaturperiod zu staan kennt. Verständnis fir dësen Retard huet een awer, ëmmerhin huet den Gesondheetsministère am Moment bessers ze dinn.