2005 war e groussen “concours international d’urbanisme” vun der Stad Lëtzebuerg, CFL, Ministère des Transports an Administration des Ponts et Chaussées ausgeschriwen gin fir de réaménagement vun der place de la gare.

Als éischten objectif vun deem concours gouf do gefroot: “définir la gare centrale comme un lieu urbain à part entière, porte d’entrée au coeur de la cité et lieu de vie, d’habitat, de travail, de commerce, de culture et de récréation...”

Ënnert 48 Kandidature waren der 12 engem internationalen Jury virgeluegt gin. De “projet lauréat”, ausgeschafft vun enger associatioun vun deitsch-franséischen architectes-urbanistes sollt als Ausgangspunkt déngen fir ee Masterplan ze entweckelen “qui guidera les interventions futures sur le site à l’horizon 2020”!

Ënnert anerem sollten d’quatiers Gare a Bouneweg duerch een groussen “espace vert convivial” verbonnen gin. D’Plaaz virun der gare sollt een groussen “shared space” gin mat vill Grengs a Plaaz fir d’Fousgänger fir ze flanéieren,

Leider ass vun dësen positiven Visiounen Neischt iwwereg bliwen. Technesch Iwwerleeungen, reng am Sënn zur Oprichterhaalung vum Primat vum automobilen Verkéier, hun sech duerchgesaat, an d’Ideen vun den Urbanisten sin an den ënneschten Tiräng verschwonn.

Streng vuneneen ofgetrennten “Rennschneisen” fir Auto, Bus, Tram a Velo zerstéckelen lo d’Plaaz an engem schlemmeren Mooss wéi daat je virdrun de Fall war. De Foussgänger deen sech duerch des steril Beton- a Blechwüst muss durchkämpfen ass dee groussen Verléierer.

Eng groussflächeg “shared space” mat ville Beem a Planzen, Terrassen, Bänken... vun der place de la gare bis op d’place de Paris, an och an der Aaler avenue, hätt kennen deen groussen positiven Input leeschten deen de ganze Quartier no joerzéngtelaangem Néiergang endlech gebraucht hätt.

Dëst hätt och fir de lokale commerce a seng clienten vill Virdeeler gehaat. “Véhicules de livraison” oder Privatautoen vu clienten déi e gréisseren objet wellen ewechhuelen, hätten kennen kuerz virum jeweilegen Geschäft stoe bleiwen. Am Moment ass daat eng Saach vun der Onméiglechkeet. Dëst gelt och fir Leit à mobilité réduite, Taxischauffeuren, Handwierker, Hotelsgäscht déi wellen an oder auschecken...

Place de la Gare Dezember 2020 /

Virraussetzung heizou wär allerdengs e Paradigmewiessel am motoriséierten Verkéier, d.h. den privaten automobilen Transitverkéier misst ganz aus dem Stadzentrum eraus an de städteschen Busréseau misst  nach méi entflecht gin. Firwaat z.B. net eng zirkulär Buslinn ariichten déi all Quartier direkt mateneen verbënnt, ouni missen duerch de Stadzentrum ze fueren?

Et geet em een Mateneen vun de verschiddenen “Verkehrsteilnehmer” ënnert dem Primat vum Foussgänger. Nëmmen, an nëmmen esou, kann eng Staad attraktiv sin.

Et wär den Verantwortlechen e bësschen méi courage ze wënschen.

“Wann net elo, wéini dann?”

Mertens Vicky

Lëtzebuerg-gare