Zum Artikel vum Gast Ternes:

Dei pishing-Tentativen gin emmer mei ausgefeilt. Keng Usammlung vun Schreiw- an Grammatiksfehler mei, de selwechten look wei dei original Seiten….et muss een sech schon dei original sender-email-adress uweisen loossen, fier derhannert ze gesinn. Weifill (eeler) Leit sin dat emstand?

Ech hun an der leschter Zeit all dei pishing emails un dei viseiert Plattformen (Post, Luxtrust, Spuërkeess) weidergeleed. Ech krut zwar en perseinlechen Hiweis, dei email ze ignoreieren. Mais fier all hier clients virdrun ze warnen, war keng vun desen Firmen emstand. Machen se sech domat net mat schëlleg? Dat wär jo iwwer email-listen en Kannerspill. Heiansdo mengt e baal, dei geifen all ennert engem Hutt stiechen…..

Zum allgemengen Datenschutz:

- Wann ech Propriétaire vun enger verlounter Wunneng sinn, as et mer onmeiglech vun den Gemengenautoriteiten gewuer ze gin, wen op där Adress wunnt. Ech kreien zwar vun derselwechter Plaaz viergeworf, et geifen meiStéit do wunnen wei zougelooss (ech weess dovun neischt), mais wen dat as kann ech net novollzeihen. Sin ech doduerch net Kompliz vun klandestinen Wunnengen?

- LST (large scale testing) : Wann ech positiv getest gin, dann hun ech de klengsten Problem domat, ob dat public wär. Au contraire, wat mei Leit mat denen ech Kontakt hat dat keinten nosichen, emsou besser!

Bei HIV, Siphyllis oder Gonorrhoe sinn ech d’accord, dat den Befund net an de Reider geheiert. Mais bei esou enger allgemenger Bedrohung wei den Covid19, den neischt met der Liewensastellung ze din huet, also neischt deshonorantes huet, wär eng «liste publique» villeicht vun grousser Hëllef. Mais esou rationell Iwwerléungen sin net mat der aktueller politesche Astellung vereinbar. Dofier kämpfen mer nach vill ei laang mat der Pandemie.

Fazit:

Den Datenschutz as e Gummiparagraph, den sech problemlos do asetzen leisst, wou d’Politik en brauch. Et as awer keen absoluten critère, loin de là!