Wee mengt 2021 kéint net schlëmmer ginn.....hei e klengen "satireschen" Ausbléck:

Endlech. 2020 ass eriwwer an 2021 geet lass. Endlech ass et eriwwer matt dem Corona Gedeessems an d'Welt kënt zréck an d'Normalitéit. Hei e klénge Preview wéi 2021 kéint ausgesinn.

Januar 2021:

Ëmmer méi Leit loosse sech impfen an d'Politik op der ganzer Welt ass zefridden, d'Lockdown'en gi lues a lues opgehuewen an d'Liewen normaliséiert sech. Trotz allem ginn et ëmmer nach Leit déi sech net impfe wëllen aus diverse Grënn, grad wéi et och ëmmer nach Leit ginn déi soen de Corona Virus wier vum Bill Gates erfonnt.

Den Joe Biden muss sech nach gedëllegen fir als US Präsident vereedegt ze ginn, d'Geriicht a Wisconsin huet dem Donald Trump seng Klo iwweraschenderweis net ofgelehnt an et muss nei ausgezielt ginn.

Februar 2021:

Déi meescht Leit aus der europäescher Bevölkerung si mëttlerweil geimpft. D'Liewen geet sulues normal weider. Juste de Sport bleiwt zu Lëtzebuerg zou - d'Regierung wëll kee Risiko agoen fir nei Viren ze verbreeden. D'FLF an d'FLBB sinn amgaange Preparatiounen ze treffen fir d'Saison'en als E-Sports Saison fäerdeg ze spillen.

Mäerz 2021:

D'Ermëttlungen an d'Neiauszielungen vun de Wahlen an den USA si fäerdeg an iwweraschenderweis kënt eraus, dass d'Demokraten massiv bedrunn hunn an den Donald Trump Präsident bleiwt.

Ëmmer méi Covid-geimpfte Leit fille sech relativ schwaach a schlapp.

Abrëll 2021:

Emmer méi geimpfte Leit hu Grippesyptomer. D'Wëssenschaftler op der ganzer Welt si beonrouegt a fäerten, dass eng nei Pandemie kéint duerch d'Impfungen ausgeléist ginn.

Well de Sport zu Lëtzebuerg als eezegt Land weltwäit nach ëmmer verbueden ass, ginn d'Championnater am Basket an am Fussball online op der Playstation fäerdeg gespillt. D'Präsidente felicitéiere sech géigesäiteg, well all Equipe iwweraschend vill jugendlech lokal Spiller agesat huet. De Sportsminister deelt matt, dass d'Integratioun vu jonke Spiller duerch den E-Sport gefördert gëtt an dass dat eent vun den Ziler vun dëser Regierung wier.

Mee 2021:

An Europa ass eng grouss sanitär a politesch Kris ausgebrach. All geimpfte Politiker sinn net méi capabel hiert Land ze regéieren - d'Wëssenschaftler schaffen Dag an Nuecht fir erauszefannen, wat lass ass.

Eenzeg déi meescht populistesch oder extremistesch Politiker sinn nach a Form.

Juni 2021:

De Sport gëtt weltwäit verbueden well op Grond vun der neier onbekannter Krankheet de Risiko fir eng weltwäit Pandemie ze grouss ass.

Lëtzebuerg präsentéiert seng E-Sport Strategie als Ersatz fir den normale Sport. FLF an FLBB verdenge Milliounen andeems se hiert Konzept u Bundesliga an NBA verkafen.

Den FBI leed Ermëttlungen géint de Bill Gates an den anscheinend d'Impfstoffer manipuléiert hat.

Juli 2021:

D'Politik a ganz Europa steet stëll. Déi verbliwwe Politiker aus allen EU Staaten eenege sech à l'Unanimité, dass déi verbliwwe Politiker automatesch Regierungsfunktiounen iwwerhuelen däerfen. Den neie lëtzebuerger Premier Joe Thein gratuléiert sengen Homologen Le Pen a Gauland a kënnegt eng staark Zesummenaarbecht tëscht de Länner un.

Déi al Regierungsmemberen an Oppositiounspolitiker fille sech all ëmmer nach ze schwaach fir eppes dogéint ze ënnerhuelen.

Neien EU Kommissiounspräsident gëtt de Viktor Orban, den optimistesch ass Europa nees ze eenen.

August 2021:

Dem FBI seng Equête huet erginn, dass de Bill Gates de Leit en Chip duerch d'Impfungen aplanze gelooss huet an dëst wuel staatlech gefördert gouf. Den Donald Trump entléisst den FBI Chef an erkläert d'Nouvelle zu Fakenews. D'Regierungen op der ganzer Welt stëmmen dem Donald Trump zou.

De lëtzebuerger Futtballschampion F91 Diddeleng scheitert duerch Forfait an der Champions League Quali well d'Spiller den Dag drop Homeschooling Mathésprüfung haten. Den F91 denkt elo driwwer no professionell E-Fussballspiller aus dem noen Ausland fir d'Zukunft ze verpflichten.

September 2021:

D'Weltgesondheetsorganisatioun WHO warnt doviirdrun zevill E-Sport ze maachen. Well de Sport juste nach per Videospill erlaabt ass, hunn ëmmer méi Leit extreemt Iwwergewiicht an Diabetes.

D'WHO erënnert un déi al Kanzlerin Merkel, déi 2020 Kniebeugen an an d'Hänn klappen als sënnvoll Alternativ proposéiert hat.

D'FLF an d'FLBB stoppen d'Championnat direkt a wëlle sech matt alle Präsidenten beroden fir eng Léisung fir d'Zukunft ze fannen.

Oktober 2021:

De Microsoft Chip an de geimpfte Leit verléiert sulues seng Wierkung. D'NASA gëtt zou, dass si den Chip per Chemtrails ëmmer nees oplued.

D'Microsoft Aktie klëmmt doropshinn ewéi nach nie an Apple fällt komplett an de Keller.

Den Donald Trump reecht fir d'éischte Kéier seng komplett Steiererklärung eran - him gehéieren 49% vu Microsoft.

November 2021:

Bei de Wahlen an Däitschland gouf et en eendeitegt Resultat. D'AfD gouf matt 94% vun de Stëmme gewielt. All aner Parteien waren opgrond vu Middegkeet net ugetrueden. D'Wahlbedeelegung louch opgrond vun der Middegkeet an der Bevölkerung bei 10%. Den Alexander Gauland verzicht fräiwëlleg op d'Kanzleramt a wëll dem méi jonken Björn Höcke Plaz maachen.

Dezember 2021:

All d'Länner aus der EU triede gemeinsam aus der EU aus. De Kommissounspräsident Orban begréisst dës Entscheedung. No laangen Negociatiounen gouf en Accord fonnt, den all Land zefridde stellt.

De britesche Premier Johnson ass besuergt iwwer d'Entwécklung vun der Politik an der EU.

De Sport zu Lëtzebuerg ass nees do: D'Resultater vun de Matcher ginn all Samschden per Lous gezunn. D'Milliounen déi d'Federatioune verdengt hunn ginn agsat fir en nach ni dogewierschtent Marketing Konzept op d'Been ze stellen dat souguer d'Sportswelt an den USA beandrockt. Lëtzebuerg gëtt quasi op der ganzer Welt fir seng onsportlech Bevölkerung beneid.