Dëst nach jongt Joër 2021 gëtt nët nëmmen d’Joër vun der CoViD19-Impfung, wou mir vläicht erëmm kënnen op Concerten, eng Schueberfouer oder Enn des Joërs op e Chrëschtmaart goën, mais ass och vun der Europäescher Unioun zum Joër vun der Schinn ausgeruff ginn.

An deem Kontext ass ët dach komesch, dass säitens vun engem Minister deen emol selwer Eisebunner war, mat Ausnahm vun der Aweiung vum Tram den 13/12 bis ewell wéineg bis guer näischt héieren huet. Ëmmerhin huet sech d’EU am Cader vun hirem Klimaplang op de Fendel geschriwwen, bis 2030 d’Héichgeschwindegkeetsverbindungen ze verduebelen a bis 2050 ze verdräifachen…

Wann een awer gesäit wéi sech Zuchverbindungen ronderëmm Lëtzebuerg mat Ausnahm vun de 6x TGV-Verbindungen op Paräis an 2x Richtung Südfrankreich entwëckelt hun, da gesäit ët alles aanescht wéi roseg aus:

- Lëtzebuerg-Strosbuerg: Grad emol 2 Direktverbindunge pro Daag mat deenen TGVën déi op Marseilles respektiv Montpelier furen.

- Lëtzebuerg-Bréissel: Knapps 6 Verbindungen, an alternativ mat Ëmklammen op engem Chantier zu Arel. Ënner 3 Stonnen ass do näischt méi ze maachen; dobäi waren Ufangs de 90er Joren 2 Stonnen op enger Express-Verbindung d’Regel.

- Och Richtung Däitschland hu mir zwar (Dank dem Asaaz vun der CFL an Rheinland-Pfalz) eng Verbindung pro Stonn, mais och hei sollt e mat enger Furzäit vun 2.30 Stonne bis Koblenz nët presséiert sinn.

Bref, d’Schinneréseauën hun sech iwwer déi lescht 20 Joër rëcknationaliséiert, mat der Konsäquenz dass Lëtzebuerg zur Provënz verkënnt. Besser stunge mir do schon an den 80er Joren mat den Trans-Europe-Express, Nuetszich an EuroCity-Réseauën, iwwer déi ët ëmmerhin méiglech war per Direktverbindung an d’Schwäiz, Rotterdam oder sugur an Italien ze furen.

- Wiir ët nët zum Beispill sënnvoll an eng Art „Saarautobunn“ op der Schinn (tëscht Beetebuerg a Pärel) ze investéieren, fir esou, spéitstens fir 2030, wann dann och déi nei Streck Houwald-Beeteburg laanscht d’A3 opgeht och eng Ubannung vum däitschen ICE ze erméiglechen?

-  Wéi wëll Lëtzeburg seng Atraktivitéit fir d’EU-Institutiounen erhaalen wann d’Qualitéit vun der Zuchverbindung op Bréissel nët wesentlech verbessert gëtt, respektiv nëmme mam Auto an 2 Stonnen ze erreechen ass?

- Sollt sech nët graad Lëtzebuerg dofir stark maachen, dat ët nees zu engem richtegen Europa vun der Schinn kënnt amplaaz eng Liberaliséierung weiderzedreiwe, vun där bis elo just Flixbus, EasyJet a Ryanair profitéiert hun?