Mir erlaben eis ee Bléck Jo mir hunn all gejaut ,"Fleeg muss méi Attraktiv  gemaach gi ".

Mir Klappen op eis politesch Responsabel, deelweis zurecht well déi hunn  Situatioun  och deelweis souwäit kommen gelooss.

Elo steet et jo um Agenda vum Premier ,Hearings gin an der Chamber organiséiert...d'Regierung produzeiert qualitativ gudd "Merci" Filmer.

Fräi noom Motto duerno as ee mei Schlauf heiert elo soenl : " mir hunn et kommen gesinn, mir hunn gewarnt, d'Schoulen sinn net hei an net do an ,an, an ...

Et ass gewosst dass Krankenflege keng Lobby bis Dato huet oder hat.

Ween schwätzt schon gären iwwer Leed,Krankheet oder Doud.

Virun Corona war et esou, elo ass et bekanntlech bëssen anescht.d'Ëffentlechkeet freet wien fleegt eis krank Matnierger.Den Interesse zum Secteur as zumindest grouss.

Nom leschten confinement sinn mir,déi sougenannt Systemrelevant erëm an Vergiessenheet geroden an déi fréier Muster hunn erëm gegraff.

Mir schwätzen net méi doriwwer well Krankenfleeg as net Sexy,keng Lobby halt.

Am Larousse fannen ech dest als Definition vun "Lobby":Un lobby est un groupe de pression qui tente d'influencer les lois, les réglementations, l'établissement des normes (industrielles par exemple), les décisions..., pour favoriser ses propres intérêts, économiques en général. Un lobby peut être un regroupement plus ou moins formel d'acteurs qui partagent des intérêts communs ou qui appartiennent à un même secteur d'activité professionnelle.
On parle aussi de groupe d'intérêt ou de groupe d'influence.

Wei Wouer...wann een dei rezent Vergangenheet betruecht

Et héiert een an der Vergangenheet nëmmen eenzel Stemmen déi warnend dei Fanger hiewen oder eng Plaz um Vernhandlungsdesch beusprochen wann een iwwert eng nei Ausbildung vum Infirmier schwätzt zB

Mee wei sou oft gin déi Warnungen an gutt Ideen am Sand ëmmer , well mir eben keng Lobby hunn.

Keen deen eis richteg Vertrëtt oder fir eis ansteht.

An Däitschland zum Beispill sin nëmmen 8% vun den Krankenfleger an engem Veräin oder Verbund.

Dat ass bildlech gesinn sou wei wann 92 Leit sech op eng Kutsch setzen déi 8 Leit zeien.

Subjektiv sin et der hei zu Lëtzebuerg manner ,aus enger net representativer Ëmfro hun ech 100 Gesondheetsberuffler  gefrot wien an enger Organisatioun ass dei hir Intresse vertrëtt ( Infirmier,aide-soignant-anesthésie,sage-femme...tout confendu halt)

Resultat : 0/100

5 stéck hunn uginn dass Sie Member vun enger Gewerkschaft sinn déi jo och neierdéngs eng Plaaz um Verhandlungsdësch beusprocht fir iwwert Zukunft vum Infirmiersberuff matzeschwätzen.

Mir halen Fest,wann et elo nëmmen em Formatioun vum Infirmier geet setzt elo en Verband mat um Dësch deen net representativ as an och gefillt net dat , vertrëtt wat den Terrain brauch ,wei sou oft an mir hunn Gewerkschaften déi representativ méi Leit regroupéieren mee net um Desch setzt an eigentlech eng aner Roll sollt hun am Alldag.

Eng Léisung hun ech net, jiddereen gëtt momentan esouvill am Secteur dass een eigentlech frouh as wann een Heem bei seng Famill kann goen an ofschalten.

Dass mir esou net wieder kommen as evident.

Et feelt leider um berühmten gemeinsamen Strang un deem een soll zeien, oder déi gemeinsam Stëmm oder halt un der Lobby déi mir net hunn...

Claude Thoss

systemrelevant.lu