Sozial Medien erméiglechen eng neiaarteg Demokratiséierung vum "kriteschen Denken". Am Austausch mat Bekannten a Friemen gëtt hei vill spekuléiert. Och Fuerschungsresultater ginn hannerfrot an et schéngt, wéi wa Chercheuren aus sämtleche Fachberäicher d'Deutungshoheit verluer hätten. Allerdéngs weist sech heefeg op den zweete Bléck, dat hei kee kritescht, mä éischter pseudokritescht Denken un den Dag geluecht gëtt. Stéchwuert Querdenker.

Et ass ee Beispill, wéi een se heefeg op de soziale Medie begéint : Den 19. Januar deelt RTL Lëtzebuerg op hirer Facebooksäit d'Noriicht, dat de Felix Eischen no véier Méint seng Aarbecht als Deputéierten nees ophëlt. Dës Nouvelle ass illustréiert mat enger Foto op där den Här Eischen virun enger ganzer Rei Deputéierte steet. Esouwäit, esougutt. Dëst huet allerdéngs ganz séier vill Facebooknotzer op de Plang geruff, déi sech doriwwer echaufféieren, dat op dësem Bild keen eng Mask dréit respektiv d'Distanciatiounsregelen net agehale ginn.

"Wou sinn är Masken, dir Hären aus der Chamber ?", "Keng Mask, keen Ofstand. Et gëtt mir schlecht wann ech déi Foto do kucken", a sou weider, a sou fort.

Dat et sech hei ëm eng Archivfoto vun der Assermentatioun vum Här Eischen aus dem Joer 2018 handelt, fält ville Leit net op. Dobäi wier et hei vermeintlech esou einfach gewiescht : entweder sech d'Foto genau ukucken oder d'Verlinkung uklicken a feststellen dat d'Bild mat der Mentioun « © pressphoto.rtl.lu (Archiv) » versinn ass.

Et ass flagrant, dat vill Leit – jiddwerfalls vun deenen, déi sech d'Zäit huelen ee Kommentar ze hannerloosse – dëse Reflex net hunn. Heefeg geet et méi wäit wéi an dësem nach vergläichsweis harmlose Beispill an et gëtt sech direkt gefrot wisou d'Politiker, déi Räich an Aflossräich eis wëlle manipuléieren. An d'Medie stieche mat ënnert der Decken.

Op de soziale Medie gi Videoen, Biller, Noriichten an Zitater gedeelt, wou d'Veracitéit oft net iwwerpréifbar ass. An awer gi grad dës "Erkenntnisser" oft fir boer Mënz geholl. Dem Albert Einstein a co. ginn Aphorismen an de Mond geluecht, déi der fräier Fantasie entsprangen an oniwwerpréift geshared a gegleeft ginn. Eng Foto vum Albert Einstein, gespéckt mat engem cleveren Zitat, dat muss jo wuel stëmmen.

Et feelt ville Leit den néidegen « Tool », d'Quellen, déi si konsuméieren, kritesch – quellekritesch – ze hannerfroen. Hei kënnt d'Methode vun der Quellekritik, dat an all Geschichtsstudium ee Flichtexercice ass, an d'Spill. Dës ganz aktuell a gesellschaftsrelevant Kompetenz sollt iwwer de Geschichtsstudium eraus vermëttelt ginn.

Wat ass Quellekritik? Fir den Historiker ass eng Quell en Text oder ee Géigestand deen eppes iwwert d'Vergaangenheet ausseet, sief et eng mëttelalterlech Urkund oder eng Foto aus der Chamber vun 2018. Dës erméigleche geschichtswëssenschaftlech Aarbechten. Fir dem Kontext vun enger Quell op de Gronn ze goen, brauch et eng propper Quellekritik an, fir deen deen eppes doraus zéie wëll, och nach eng Quelleninterpretatioun.

Bei der Quellekritik gi sech ganz grondsätzlech, op deen éischte Bléck banal Froe gestallt. Et soll domat festgestallt ginn, wat d'Quell als wouer duerstellt an op dëst och der tatsächlecher "Realitéit" entsprécht. Fir nëmme puer vun de gängegste Beispiller ze nennen : Wien ass den Auteur vun der Quell ? Wéini ass se entstanen ? Ënner wéi engen Ëmstänn a mat wéi enger Absicht ass se entstanen ? Wéi eng praktesch Zieler oder perséinlech Intentatiounen hat den Auteur ? Wouriwwer kenn se eppes aussoen, wouriwwer net ? Schreiwen ass och schweigen, filteren a vergiessen. Ass d'Quell selwer eng Fälschung, a virun allem, mat wéi enger Intentioun gouf se gefälscht?

Et geet heibäi net dorëms sech komplett duerch ee schematesche Froekatalog mussen duerchzeschaffen: net fir all Quell kommen déi selwecht Froen a Fro. De Schreiwer vun enger mëttelalterlecher Urkund ze identifizéiere ka relevant sinn, muss et awer net fir all Quelleninterpretatioun sinn. Et ass allerdéngs onméiglech een Tagebuch ze ënnersichen, ouni sech als éischt ze froe wien den Auteur ass.

Vill Beispiller aus der lëtzebuergescher Geschichtswëssenschaft weisen, wéi wichteg eng uerdentlech Quellekritik ass. Dee wuel bekanntste Fall ass d'Tauschurkund vum Grof Siegfried vun 963, bei där beim Datum eng kromm an der Heck ass. Am Fall vun der Foto aus der Chamber sollt sech an éischter Linn d'Fro gestallt ginn, wéini d'Foto entstanen ass.

Och wann d'sozial Medie ee staark verzerrtent Bild vun der Gesellschaft zeechnen (Filter-Bubble, Framing, Social Bots), sou ass et trotzdem opfälleg dat op Facebook rezenterweis eng sëllege lëtzebuergesch Gruppen entstane sinn an deenen am Minuttentakt Informationen, déi falsch oder zumindest ongenau respektiv méideiteg sinn,  verbreet ginn. Och am Messengerdéngscht Telegram ginn Usere mat dëser Zort vu Nouvellen iwwerflut. Platz fir ee konstruktiven Diskurs gëtt et hei scho guer net. Eng séier, effikass Quellekritik ass do den eenzege Wee, net an d'Versuchung ze kommen op räisseresch Meldungen, déi oft mat enger homophober, auslännerfeindlecher oder antisemittescher Intentioun entstane sinn, eranzefalen. Intitiativen an dësem Beräich ginn et der schonn eng ganz Rei, op europäeschem wéi op nationalem Niveau. [1] Et ass also un der Zäit d'Quellekritik salonfäeg ze maachen. Net ëmsoss ass d'Geschichtswëssenschaft eng Wëssenschaft.

De Gilles Genot huet a mëttelalterlecher a fréineizäitlecher Geschicht promovéiert an ass zanter 2019 Conservateur am Lëtzebuerg City Museum, wou ab dem 26. Mäerz eng Ausstellung iwwert d'Geschicht vun de Verschwierungstheorie gewise gëtt.

[1] Esou zum Beispill de Froebou http://propaganda.guide/ vum Zentrum fir politesch Bildung.