An engem Bäitrag an der Rubrik „Analyse und Meinung" am Lëtzebuerger Wort vum 23. Januar zitt de Minister fir Energie ënner dem Slogan „Klimaschutz rettet unsere Freiheit" Parallellen tëschent der Corona- an der Klimakris, a promouvéiert an deem Kontext seng Klima- an Energiepolitik als Garant fir eis perséinlech Fräiheeten. No der Wiel vum neien US-Präsident hofft de Minister fir Energie op e Boom vun der Wand- a Solarenergie ̶ zwou Industrien deenen hir Lobbyaarbecht aktuell hir Friichten dréit ̶ a vergësst dobäi dat den Joe Biden sech als Realist och verstäerkt fir technesch Innovatiounen an der Kärenergie asetzt. Ob et eis elo gefällt oder och net, betribssécher Atomkraaftwierker vun der véierter Generatioun wäerte wuel mëttelfristeg weltwäit ̶ mat dem Green Deal awer kaum nach an Europa ̶ zäregasfräi a versuergungssécher Energie liwweren, an dobäi ënner anerem mat dem Recycling vu Brennelementer de Problem vun der Laangzäitlagerung léisen. Dat neit Lëtzebuerger Klimaschutzgesetz huet dëse versuergungssécheren Innovatiounen awer a weiser Voraussicht vu vir eran all Dieren zougemaach.

De Minister fir Energie ënnersträicht den héijen Undeel am leschte Joer vu regenerativen Energiequellen am europäesche Stroummix. Obwuel de Minister seng Ausféierungen an de Kontext vun der Coronakris stellt, gëtt op dëser Plaz awer net gesot, dat de Stroumverbrauch covid-bedéngt exzeptionell niddereg war. Well regenerativ Stroumquellen plangwirtschaftlech gefërdert a virrangeg mussen agespeist ginn, ware konventionell Kraaftwierker wéinst dem nidderege Verbrauch forcéiert fir manner Betribsstonne ze hunn. Logescherweis geet den Undeel vun de prioriséierten regenerativen Energiequellen dee Moment jo provisoresch erop. Dobäi läit de regenerativen Undeel, bei deem d'pilotabel Waasserkraaft a Biomasse eng gutt Hallschent ausmaachen, awer nach ëmmer wäit ënner dem Niveau vu konventionelle Kraaftwierker. D'Realitéit gëtt dem Wonschdenken net ganz gerecht.

Trotz hirem éischter bescheidenen Undeel kënnt d'Wand- a Solarenergie awer elo scho no un eng physikalesch Limitt bei där d'Stroumnetzer an engem héije Mooss musse vu pilotabele Kraaftwierker equilibréiert ginn fir d'Netzfrequenz stabil ze halen. Redispatchmoossnamen, Einspeisemanagement a Lastabwürfe sinn haut an Däitschland en alldeegleche Kampf vun de Netzbedreiwer fir e Blackout ze verhënneren, an droen dozou bäi dat d'Stroumkäschten sech säit dem Ufank vun der Energiewend verduebelt hunn.

Mat Aussoen zu de respektiven Undeeler an duerch den direkte Verglach mat konventionelle Kraaftwierker entsteet awer de falschen Androck, dat déi volatil Energie analog zu de pilotabelen Energien bedarfsgerecht zur Verfügung steet a nach just misst ëm en iwwerschaubare Facteur multiplizéiert ginn fir eng Energiewend ze realiséieren.

An engem begrenzte Mooss kann eng gewësse volatil Leeschtung haut an d'Netz gespeist ginn nëmme well konventionell Kraaftwierker permanent pufferen an den Ausgläich schafen. A well mëttlerweil ewéi an Däitschland scho net méi genügend konventionell Kraaftwierker um Netz sinn, an de Wand- a Solarstroum esou launesch ass, muss wéi sech elo erausstellt den Här Altmeier arbitréieren ob hien bei Leeschtungsdefiziter éischter den Haushaltsstroum rationéiert oder dee vun den Elektrobornen.

Am Géigesaz zu deem wat am Bäitrag suggeréiert gëtt, stinn effektiv keng technesch Léisungen zur Verfügung, fir déi ambitiéis Energiestrategie ëmzesetzen. De Minister fir Energie huet och a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Max Hahn Enn lescht Joer gewisen, dat d'Strategie fir d'Volatilitéit vu Wand- a Solarenergie an de Grëff ze kréien, op dem Versuch berout fir physikalesch Gesetzer an ekonomesch Reegelen ze ëmgoen.

Effektiv hunn Kuerzäitspäicher ewéi Batterien a Pompspäicher nëmmen eng limitéiert Späicherdauer a Späicherkapazitéit, a komme grad ewéi kuerzzäiteg Moossnamen wéi z.B. d'Steierung vum Verbrauch net fir de saisonalen Ausgläich vu wiederofhängegen Energiequellen a Fro.

Hei kéinte just saisonal Laangzäitspäicher hëllefen, déi et an der Realitéit net gëtt, well se weder technesch nach wirtschaftlech duerstellbar sinn. A wéinst der synchroner Leeschtung vum europäesche Wandanlagekollektiv kann et net zu relevante geographeschen Ausgläichseffekter kommen, och wann d'Iwwerdroungsnetzer an Interconnexiounen tëschent de Länner nach esou staark mat héije Käschten an Ëmweltimpakter ausgebaut ginn, well d'Stroumnetz keng Energie späichere kann.

All dës Tatsaache sinn der Fachwelt bewosst, mä gi vun der Energiepolitik aus Grënn déi ze kläre sinn ignoréiert, an d'Versuergungssécherheet gëtt op dës Manéier op d'Spill gesat.

Et gëtt och en Amalgam gemaach tëschent Stroum an Energie. Dobäi mécht de Stroumsecteur just e Véierel vun dem gesamten europäeschen Energieverbrauch aus, a weltwäit gëtt d'Energie ̶ allen Erfollegsmeldungen vum regenerative Boom zum Trotz ̶ zu ronn 80% vu fossillen Energië bestridden. Wandenergie a Fotovoltaik sinn europa- a weltwäit mat just e puer Prozent Undeel beim Endenergieverbrauch och nach no ronn 20 Joer plangwirtschaftlecher Fërderung absolut marginal. Wéi kéint do den Energiesecteur an 30 Joer klimaneutral sinn ?

Wat an deem globale Kontext d'Waasserstoffstrategie ubelaangt, suggeréiert de Minister fir Energie dat heimadder déi net elekrifizéierbar Secteuren dekarboniséiert kënne ginn, fir esou eng Klimaneutralitéit vun der gesamter Energie erbäizeféieren. De Waasserstoff muss awer iwwer Elektrolyse hiergestallt ginn. Dat dëst an engem adequate Mooss wéinst der klenger Energiedicht vu regenerative Stroumquellen guer net plausibel a sënnvoll méiglech ass ̶ a puncto Flächeverbrauch, Ressourcëverbrauch a Käschten ̶ gëtt a sengem Bäitrag net ernimmt.

Et geet am Bäitrag och Riets vum Klimaschutzgesetz deen de Kader setzt fir d'Fërderung vun der Wand- a Solarindustrie, an dat Lëtzebuerg op deem Plang héich Investitiounen virgesäit.

Wann ee gesäit dat z.B. Däitschland bis elo e puer honnert Milliarden Euro a seng Energiewend gestach huet fir mat Wand- a Solarenergie elo just e puer Prozent vu sengem Endenergieverbrauch ze bestreiden, da wonnert ee sech net dat d'Investitiounen och zu Lëtzebuerg mussen héich ausfalen, och wann de Klimaplang beispillsweis fir d'Lëtzebuerger Wandenergie um Horizont 2040 nëmmen 1166 Gigawattstonne järlech virgesäit, also nëmme ronn 2,3% vun eisem aktuellen Endenergieverbrauch.

Den däitsche Sachverständigenrat zur Begutachtung der gesamtwirtschaftlichen Entwicklung huet an engem Sondergutachten am Joer 2019 gewarnt, dat Industrie- a regionalpolitisch Ziler net mat klimapoliteschen Instrumenter solle vermëscht ginn, dat eng Energiestrategie déi op nationalem Klimaschutz baséiert nëmmen zu enger Verlagerung vun den Emissiounen féiert, dat déi däitsch Energiewend, déi op der Subventionéierung vu politesch privilegiéierte Stroumerzeugungstechniken baséiert, ze héich Käschte provozéiert, ineffizient ass, an dat op dës Manéier d'Klimaziler verfeelt ginn. Dogéint sollt am Kader vun engem globalen Emissiounshandel d'Fërderung an d'Fuerschung no effizienten Instrumenter technologieneutral ausgeriicht ginn.

D'Lëtzebuerger Energiepolitik huet also manifestement keng Léier aus der däitscher Energiewend gezunn an hofft dat een an engem plangwirtschaftleche Kader den Innovatiounsgeescht fërdert. Hei gëtt och behaapt dat Wandenergie a Fotovoltaik d'Marktreife erreecht hätten. Et gëtt suggeréiert, dat dës Energiequellen an engem maartwirtschaftleche Kontext konkurrenzfäeg wieren. A Wierklechkeet ginn des Energien just plangwirtschaftlech um Liewe gehalen.

Wa Wandenergie a Fotovoltaik d'Marktreife wierklech erreecht hätten, firwat musse se da nach ëmmer mat festen Aspeisetariffer gefërdert ginn, a stelle sech net der Maartwirtschaft, esou wéi déi konventionell Kraaftwierker ?

Ganz einfach, well des volatil Produktioun zu kengem Zäitpunkt der Demande ugepasst ass : wat d'Wand- a Solarenergie wiederbedéngt méi produzéiert, wat de Präis op de Stroumbörsen méi déif ass ; deelweis gëtt de Präis esouguer negativ, wou de Produzent also nach misst bezuelen fir dat een de Stroum ofhëlt. Produzéiere se wiederbedéngt wéineg, da steigen d'Präisser ouni dass se dee Moment awer dovunner profitéiere kéinten.

Mat der aktueller Plangwirtschaft ass et awer de Verbraucher deen d'Differenzkäschten tëschent den héijen Aspeisetariffer an de nidderege Maartpräisser muss bezuelen. Iwwer 30 Milliarden Euro d'lescht Joer an Däitschland.

Volatil Stroumquellen hunn also esouwuel e Problem bei der Integratioun um Terrain, wéi och bei der Integratioun an d'Stroumnetzer, an och bei der Integratioun an de Stroummaart. Dat sinn där KO-Facteuren e wéineg ze vill an erkläert wisou eng industriell Gesellschaft nach ëmmer op konventionell Energien ugewisen ass.

Am Bäitrag vum Minister fir Energie gëtt och suggeréiert, dat mer mat der Energietransitioun méi onofhängeg ginn. A Wierklechkeet generéiere mer awer nei Ofhängegkeeten, haaptsächlech wat Rohstoffer ugeet déi mer guer net an Europa zur Verfügung hunn. D'Ofhängegkeet wäert enorm wuessen, wann ee weess dat de Ressourcëverbrauch vu Baumaterialien bei Wand- a Solarenergie vun der Gréisstenuerdnung hier noweislech 10 bis 100-mol méi héich ass ewéi bei konventionelle Kraaftwierker, well déi diffus Energie opwänneg muss aus der Ëmwelt gezu ginn.

Stellvertriedend fir dës ressourcenintensiv Klimapolitik stinn och déi héich subventionéiert iwwer zwou Tonne schwéier „Elektropanzer", déi elo en masse op dem Autofestival hire Wee bei klimabewosst Clientë solle fannen.

A nach en Aspekt mat der Covid-Parallel : déi ambitiéis fixéiert Klimaschutzziler, déi eng drastesch Reduzéierung vun den Zäregase vu järlech e puer Prozent erfuerderen, kënne nëmmen erreecht ginn wann eise PIB all Joer ëm e puer Prozent zeréckgeschrauft gëtt. Dësen Zesummenhang ass duerch de Modell vum japaneschen Ekonomist Yoichi Kaya, deen och vum IPCC genotzt gëtt, bekannt ginn, a gouf d'lescht Joer an der Praxis jo och méi ewéi däitlech, a gëtt trotzdeem nach ëmmer vu groussen Deeler vun der Politik ignoréiert. Dofir gouf elo de kontradiktoresche Begrëff vun der „grénger Relance" erfonnt, fir d'Illusioun oprecht ze erhalen, dat mer mat eisem wirtschaftleche Wuesstem a Wuelstand grad esou ewéi virdru kënne weidermaachen. Dobäi ginn awer ëmmer méi Energie a Ressourcen zu Laaschte vun der Biodiversitéit verbraucht fir déi politesch gefërdert a Rifkin-konform GreenTech ëmzesetzen.

Wann een all dës Aspekter kennt, da kritt d'Formuléierung „Klimaschutz rettet unsere Freiheit" e relativ zynesche Bäigeschmaach, well eng wierklech effikass Klimapolitik déifgräifend Aschnëtter an eis Fräiheete géing mat sech bréngen, mä de Courage fir dat de „Leit dobaussen" ze soen ass an der aktueller Politik relativ begrenzt. Ressourcenintensive Konsum, Aktivitéiten an Deplacementer vu jidderengem missten onweigerlech ewéi an der haiteger sanitärer Kris ageschränkt ginn. Mir missten alleguer eise Wuelstand zeréckschrauwen an eise Sozialsystem a Fro stellen. Si mer dozou bereet ? Als Kompromëss gëtt da léiwer eng Symbolpolitik bedriwwen, an dofir mussen dann iwwer 200 Meter héich sënnlos Industrieanlage matzen an d'Natur geprafft ginn.

Wann d'Wëssenschaft Recht huet, an dovunner muss een ausgoen, da si mat dëser Symbolpolitik d'Folge vun der Klimakris ewéi z.B. de Biodiversitéitsverloscht a grav geopolitesch Konflikter virprogramméiert, a spéitstens wann d'Ressourcen eis ausginn, musse mer eis Liewensweis ënner Contrainte ëmkrämpelen, well eist Klimaschutzgesetz an de Green Deal ineffizient Instrumenter imposéieren amplaz technologieneutral déi noutwendeg Weiche fir innovativ technesch Entwécklungen ze stellen, déi di negativ ekonomesch a sozial Konsequenze kéinten offiederen.