Oppene Bréif un déi concernéiert Ministeren.

Ech erlabe mir ob dës Manéier, Iech ob e Fait opmierksam ze maachen, deen ech net esou kann acceptéieren. Aktuell erliewe mir alleguer eng nei Infektiounswell vu neien, vill méi aggressiven Mutatiounen vum Covid-19. Mir sinn an engem partielle Lockdown, den Horeca huet zou, mir hunn e Couvre-feu, d'Schoulen maache nees Homeschooling, an sou wieder. An dat ass och gutt esou. All Mesure ass gutt fir dem Virus d'Stier ze bidden a fir ze probéieren, en ze meeschteren. Et gëtt an der Press schonn haart driwwer nogeduecht, dass di Mesuren nach iwwert den 21. Februar kënnte verlängert ginn. D'Infrastrukture stinn, mee d'Feele vum Impfstoff bremst d'Impfcampagne aus. D'Land rennt an eng ekonomesch Kris un där mir nach alleguerten vill Joren wäerten knaen.

Wat awer nach vill méi schlëmm wéi deen ekonomesche Schued ass, ass dat mënschlecht Leed. All Dag stierwen Leit un oder mat dem Corona-Virus. Alters- a Fleegeheemer ginn zu Hotspotten an d'Bewunner ginn isoléiert a stierwen en Masse.

Och meng Mamm ass an engem Fleegeheem fir Leit mat Demenz. Visitte si ganz streng limitéiert a reglementéiert. Ech si mir bewosst, dass et net einfach ass, esou eng Struktur duerch dës schwéier Zäit ze manövréieren an ech weess dass d'Mataarbechter aus dem Fleegesecteur, wéi aus all aner Secteur vun der Santé, CGDIS, etc  eng onheemlech schwéier a gutt Aarbecht maachen.

Ech war gëschter bei meng Mamm op Visitt a sinn allkéiers frou, wann si mech nach erëmkennt well säit Ufank Dezember hunn ech si 2 mol dierfe gesinn. An der Zwëschenzäit ass si operéiert ginn an och géint de Corona geimpft. Alles Saachen wou si huet missen eleng derduerch, well kee vun der Famill huet dierfen op Besuch. Ech acceptéieren dat och esou, éischtens well ech kee Choix hunn an zweetens, well et bis elo gutt gaangen ass.

Wéi ech gëschter vun enger Fleegekraaft erausbegleed gi sinn hunn ech gesot, dass et jo lo geschwënn wäert besser goen, wann all d'Pensionären a Fleeger geimpft sinn. Dou soot de Fleeger, dass d'Pensionären all geimpft sinn, hien fir säin Deel wär sech nach net sécher ob hien dat wëllt.

Ech war entsat. D'Pensionäre ginn isoléiert, d'Famill gëtt ewechgehalen, an dann denke Leit aus der Fleeg doriwwer no, ob si sech sollten impfe loossen.

Wéi meng Mamm sollt geimpft ginn, hunn ech e Courrier kritt wou ech iwwert den Impftermin informéiert gi sinn a wou ech mat menger Ënnerschrëft den Accord fir d'Impfung sollt ginn. Dat hunn ech och gemaach. An deem Bréif stoung och, wann een sech net manifestéiert, gëtt een de Facto säin Accord. Dat hunn ech e bësse komesch fonnt, hunn et awer acceptéiert, well et eng enorm wichteg Saach ass , déi presséiert.

Ëmsou méi sinn ech elo erstaunt doriwwer, dass Fleeger nach doriwwer nodenken, an och nodenke musse gelooss ginn, ob si sech sollen impfe loossen. Hu mir net genuch Doudesfäll wéinst Corona an eisen Alters- a Fleegeheemer? Ginn d'Pensionären an hir Famillen net genuch op d'Prouf gestallt wéinst Trennung an Isolement?

An anere Secteuren wéi dem Sport, ouni elo do engem wëllen ze no ze trieden, héieren ech haut an der Press dass de Minister haart doriwwer nodenkt fir de Schnelltest (hei geet et ëm en Test) obligatoresch ze maachen, fir dierfen Foussball ze spillen.

Wou ass do d'Logik, wou bleift do d'Moral? Wourëm geet et? Ass et méi sënnvoll gesond Spiller um Terrain ze hunn wéi Gefor ze lafen, dass aal an héchstvulnerabel Leit mat dem Corona ugestach ginn.

Elo kann ee soen, dass an den Heemer jo scho geimpft gouf. Mee keen Impfstoff gëtt eng honnertprozenteg Sécherheet. Iwwerall am ëffentleche Raum hänke Flyeren a Plakater „Du bass een Deel vun der Léisung".

Ech si mir bewosst, dass all Mënsch d'Recht huet iwwert säi Kierper an seng Gesondheet ze bestëmmen. Dat ass onuntaaschtbar an dat ass och gutt esou.  Ass et awer net och am Strofrecht festgehalen, dass keen dierf d'Wuel an Gesondheet vun engem Aneren a Gefor bréngen? Ass et net och am Strofrecht festgehalen, dass  „inassistance à personne en danger" strofbar ass? Wann ech mech net impfe loossen an doduerch krank ginn ass dat eng Saach. Wann ech mech awer net impfe loossen an doduerch krank ginn an dann aner vulnerabel Leit fahrlässeg a Liewensgefor bréngen huet dat eng ganz aner Qualitéit. Wann ech dann a menger Funktioun responsabel sinn fir d'Wuel vun anere Leit, an et zouloosse muss, dass déi Leit a Gefor bruecht ginn , maachen ech mech do net och strofbar, zumindest moralesch? Mee hei geet et offensichtlech net ëm d'Moral.

Jo, et ka kee gezwonge ginn fir sech impfen ze loossen, sou steet et am Mënscherecht an och am Aarbechtsrecht.

Jo, et ka keen seng Plaz verléieren wann een sech net impfe léisst.

Jo den Aarbechtsgeber dierf sech net an d'Privatliewe vun senge Salariéen amëschen.

Huet den Aarbechtsgeber dach net awer d'Recht, am Respekt vun sengem Optrag vis-à-vis vun senge „Clienten" dofir ze suergen, dass säin Optrag optimal ausgefouert gëtt an wéinst „besoin de service" net nëmmen de Congé gereegelt gëtt, mee och Ufuerderungen gestallt ginn, wéi Formatiounen, Tenue vestimentaire, Hygiène, an zu gudder lescht net och d'Gesondheet?

Och wann ee Salarié net kann seng Plaz verléieren wann hien sech net impfe léisst, kann dann den Aarbechtsgeber net awer soen, dass hien d'Konditiounen fir d'Ausféieren vun der Aarbecht net erfëllt, an dofir den Aarbechtskontrakt suspendéiert gëtt an ee Congé sans solde agesat gëtt?

Mir haten en Etat de Crise, et sinn  „Corona-Gesetzer" gestëmmt ginn, wou ganz Secteuren um Spill stinn, well per Gesetz eng Ausféierung vun der Aarbecht verbueden ass. Firwat gëtt et net per Gesetz dem Salarié iwwerlooss ze decidéieren ob hien sech impfe léisst oder an ee Congé sans solde geet. Ech wëll hei keng Polemik maache, mee vill Independanten géingen sech gären impfe loosse wann si duerfir nees dierfte schaffen an de Restaurant oder de Café dierften opmaachen.

Dëst ass elo ee Beispill, wou et wichteg ass, dass d'Gesetz d'Gesondheet vun der Allgemengheet a virun allem vun deene Vulnerabelsten an Ofhängegsten, virun déi am Aarbechtsrecht richtegerweis festgehalen individuell Rechter vum Salarié stellt.

Hei sidd Dir, Damen an Häre concernéiert Ministeren, gefuerdert, am Kader vun dem aktuelle Kampf géint d'Pandemie, eng moralesch vertrietbar Decisioun ze huelen, déi et dem Employeur aus verschidden Secteuren erlaabt, am Interessi vun der Allgemengheet, dem Salarié den obligatoresche Choix ze ginn, fir sech impfen oder d'Aarbecht iwwert e Congé sans solde rouen ze loossen. Dobäi sief bemierkt, dass e Congé sans solde keen Usproch op Chômage a Sozialversécherung gëtt, well keng Cotisatioune bezuelt ginn.

Hei geet et em Leit, a Liewen. Déi eeler Leit hunn net déi Lobby wéi de Sport, si hunn e groussen Deel vun hirem Liewen hanneru sech, a si gewinnt mat schwieregen Ëmstänn ëmzegoen. Hei schwätzt kee vun „Lost generation" wéi bei de Jonken, déi kee soziale Kontakt méi hunn. Mee loosst mir eis Elteren net vergiessen. Och si hunn e Recht op Respekt an Opmierksamkeet.

Ech zielen ob Iech.

An déiwem Respekt

Marc Hengers