Eng Traureg  Nouvelle déi do lues a lues zum erscheinen kennt.

Den Soins palliatifs a domicile vum St Louis gëtt op den 1 Mäerz agestallt.

Joerzéngten Häerzblutt,Arabescht geet do einfach begruewen,Covid -Gerecht ouni Zeremonie an ouni Empathie.

Kee Wuert ,vun kengem wisou an firwat.Just eng question parlamentaire vun enger sensibilié politique.

E Sprachwuert seet , sou wei mir mat eisen Kanner an eisen Gebriechlechen ëmginn , sou ass dat Spigelbild vun der Gesellschaft an däer mir Liewen

Abee eis Gesellschaft op Covid oder net ass schlecht drun an verdéngt eng Datz,eisen Kanner geet et net gutt an eisen Gebriechlechen ,respektiv in tempo Covid , "personnes vulnerabel" och net,  an dat dierft haut jiddereen mëttlerweil wëssen.

Stierwen an Doud war  ni een Sexy Thema.

Mëttlerweil ass et Deel vun eiser Routine.Mir waarden all Dag drop ze wéi vill Leit Opfer gi sinn vum Covid-19.

Praktesch ouni Emotioun huelen mir dat zur Kenntnis,3,5,10,20 ,all Dag kommen der souvill dobäi.

Seid Gëschter si mir op "600"

Eng Ronn Zuel halt déi ....déi en zur Kenntnis hëlt an et geet weider....Mir waarden op den nächsten Dag fir déi nei Zuelen gewuer ze ginn.

Palliativbewegung huet Weltwäit an den verschiddensten Situatiounen begleet,betreit an gefleegt.Sie huet fill grouss Perséinlechkeeten zum erscheine bruecht,dame Ciceley Saunders,Elisabeth Kübler Ross, Mildred Scheel,...och hei zu Lëtzebuerg gin et Leit dei Palliativmedzin grouss gemaach hunn vun der éischter Palliativstatioun zu Esch bis iwwert d Ekipp de soins palliatifs a domicile vum St Louis oder déi éischt Ekipp Mobile am CHL oder weider Palliativbewegung an de reseaux de soins a domicile oder schlussendlech een Hospice wat fir puer Leit hiert Liewenswierk bedeit.

Sie huet sech weiderentwéckelt an ass Modern gi an huet op villen Universitéiten an Medezinesch Fakultéiten  en Léierstull, si huet sech ugepasst an huet och op Covid Statioun hir Plaz

Eben do wou den Doud op eis Ward. Si wert wuel ni an de chômage kommen oder an de chômage partiel?

Leider ass dat awer hei zu Lëtzebuerg net de Fall.

E Land dat 2 Gesetzer huet fir den Doud an Stierwen ze reglementéieren mee Praxis ass leider ganz anescht.

Mam optrieden vum Virus war dat éischt Opfer net en Mënsch mee eng Palliativstatioun, an zwar déi éischt aus dem Land.

Déi ass genee sou verschwonnen wei déi Ekipp Mobile vun Ettelbréck op den 1 Mäerz wann Berichter déi een liest stemmen.

Ween huet do Verantwortung fir sou Decisiounen?

Wisou muss dann grad déi Spart vun der Medezin verschwannen déi grad dat bitt wat mir den Moment am meeschten brauchen?

Wisou gi déi Leit déi sech mam Thema am beschten auskennen net gelauschtert an zu Rood gezunn?

Och fir Betreiung doheem ze verbesseren an Hospitalisatioun ze vermeiden fir den Ambulanten Beräich ze stäerken. Sou géing richteg Geld gespuert gi.Leit bleiwen méi laang Doheem bei hiren léifsten an Liewen hiert Liewen sou gutt et geet Symptom fräi an gi just an Klinik fir den absolutten Noutfall oder eng "Mise au point"

Eng symptomatesch Betreiung , an dem Liewen net méi Deeg gi mee den Deeg méi Liewen,fir Liewen nach Liewenswert ze maan .

Den Dr Sven Gottschlink nennt sech  net Palliativmediziner , obwuel hien een vun den bedeitendsten eiser Zäit ass bei eisen Däitschen Noperen ,mee gesäit sech als "LEBENSQUALITÄTSMANAGER"

Wei Recht hien huet.

All Palliativfleeger betreit NEMMEN Lieweg Leit an betreit Sie an hirem Liewen an sicht Léisungen fir Problemer an gesäit den Patient an   senger Globaliteit mat sengem entourage...wann se dann och gelooss gin...