An déem Zesummenhang siew d’Fro erlaabt ob éen däerf alles «ennert den Teppech» kieren waat a Saachen Corona-Directiven betreff Lock- a Shutdowns, virun a wäerend der Pandemie, matt mei oder manner réussite, souzesoen als „plat de résistance“ zerveiert gett! Och de Sport, national an international, huet vill „Plommen“ gelooss! D’Letzebuergesch Anti-Doping-Agentur (ALAD) huet, Ufank März 2020 fir d’lescht kontrolleiert an am Juni 2020, nom Lockdown, mat «out of competition»- Kontrollen, hir Arbecht erem opgeholl! En Hygienekonzept seitens Ministère de Santé, greisstmeiglech Secherheet wärend an no all Kontroll wei och den Test «Dried Blood Spot» (eng eenzeg Dreps Bludd) sin, sportspezifesch gesin, respectabel Massnahmen, mais Schnei vu Gescht!

D’AMA (Agence Mondiale Antidopage) huet schons am März 2003 hire fameisen „Welt-Antidoping-Kodex“ adopteiert, an e gouf vun net manner ewei 570 internationalen Sportorganisatiounen approuveiert! An däerselwechter foulée sin en Arsenal vun aalen an neien Codexen, verbessert Critèren, en impeccabelt Bludd-an Steroid-Profil, Ethik- an Eierenerklärungen à go go, e passeport biologique an eng «banque de données sanguines jamais collectées» présenteiert ginn! Chaperons vir- an no all Compétitioun an - last but not least - ADAMS, e Centre d’informations, wou am contexte vum Antidopage, verschidden donnéeen, wei: „d’Résultats des laboratoires“ - „AUT, autorisations d’usage à des fins thérapeutiques“,  an „d‘Violation des règles antidopages“, centraliséiert goufen!

Och «control out of competition» an «after competition» gett et schons eiweg! A Saachen Chaperons wore mer an de 70er souguer Pioneier: «Se coiffant de mépris et d’irrespect sans pareil», wor den FSCL-Präsident sech net ze schued, hechstperseinlech de Coureur op d’toilette ze begleeden, fir matt «Argusaan», d’regelgerecht Fellen vum Kontroll-flacon ze «supervisioneieren»! Bei allem Respekt, daat as e Schlaag an d’Gesiicht vun all Sportler, a wann an den USA, «à défaut de contrôleurs», d’Sportler, intim- a hygienspezifesch, obligeiert ginn, hir «Pipi-Émissionen», selwer ze filmen eng «humiliation à son apogée»! Au revoir“ Digniteit, Respekt a Moraliteit an dagdeeglech dem Sportler imposeiert -  „au revoir“ Fairness a Respekt!

Confinementer a Shutdowns vu Competitiounen, gouf et och schons an den 80er an den 90er! Eng Onzuel belg’- an hollänesch Profi- an Amateurradsportler, hunn Enn 80er, Ufank 90er, ennert mysteriösen Emstänn (Epo leisst greissen) hiert Liewen geloos!

Nodeems och a Schweden, an enger Period vun 10 Joeren, 15 Doudesfäell (8 eleng tescht 89 an 92!) vun Heichleeschtungssportler ze verzeechnen woren, hunn d’schwedesch an d’dänesch «Sport-d’Orientation-Fédératiounen», 1993 e kompletten Shutdown vun allen Kompetiounen ordonneiert!

Laut der deemoleger Federatioun wor «d’cause majeure» vun der «hécatombe» schnell fond: «On avait accusé jusqu’ici un mystérieux virus (??) qui hantait les forêts du Nord de l’Europe et avait été amené sur place par des oiseaux migrateurs venus d’Orient! Ledit virus, censé provoquer des maladies pulmonaires foudroyantes, serait «imaginaire»!?

Dat wor net 2020, mais de 15 Juni 1993!!

Och wann den échec vun AMA  (Agence Mondiale « ALIBI ») a Kommilitonen virprogrammeiert Wonschdenken bleiwt,  « d’Gourmandise » an d’Importenz vun der Pharmaindustrie (épicentre du dopage!) net oofhellt, esouvill « Konsens », Energie an Ausdauer, wei se zanter Joerzengten vun allen Anti-Doping-Agencys an der Pharmaindustrie « au jour le jour », illustreiert ginn, geng ower och der EU, am Coronavirus-Desaster, gudd « zu Gesiicht » stoen! Mais do, « en applicant uniquement des dépannages de circonstances », brengen d’Länner et mol net fäerdeg eng gerecht an den Emstäenn entspriechend Verdeelung vun den Vaccinatiounen ze imposeieren! An deem Kontext kenne mer « Ignorances » an « effets collatéraux » ennert: « Das dicke Ende kommt erst », aklasseieren! Assumons, il n‘y à plus aucune concession à faire!

Honi soit qui mal y pense!

Fin mot: «L‘oubli est la mère-poule d’une conscience tranquille»!

Georges Schranz